An du freet si mech dach net allen Eeschtes op Franséisch, ob ech wéisst, wéi Fouches fréier op Lëtzebuergesch geheescht hätt. […] Do bekuckt déi kleng blond Madämmchen, déi sou Enn zwanzeg misst sin, mech verwonnert a mengt, dat misst ech dach bal wëssen, dat wier op Lëtzebuergesch „Affen“, an dat Duerf kéim dach an engem ale lëtzebuergesche Lidd vir. Ze Fouches wéissten se dat.“ (46f.)

Arelerland nom Bertrang (1921)

Arelerland nom Bertrang (1921)

Iwwert d’Relatioun tëscht den Nimm Affen a Fouches fir eng Uertschaft an der Belsch (Gemeng Arel) soll also hei Rieds goen: Doublette fir Uertschaften bei an op der Sproochgrenz sinn dacks ze fannen, a bei de Koppele  Messancy – Miezeg, Arlon – Arel, Bastogne – Baaschtnech kann een och gutt erkennen, datt si Famill matenee sinn. Mee, watfireng Relatioun léisst sech tëschent Affen a Fouches opstellen? Déi zwee Wierder sinn himmelwäit auserneen, wéi kéint do eng Gemeinsamkeet bestoen? Effektiv loossen sech duerch hir Wuertgeschicht e puer interessant Faiten aus der lëtzebuergescher Sproochgeschicht beliichten, an, jo, se si Famill.

Vu datt d’Uertschaft nach am germanophonen Terrain läit, ass den Numm Affen als déi eelst Form unzegesinn. Si leet sech hier vun alhéichdäitsch *offan, eng Variant vun alhéichdäitsch ofan ‘Uewen’. Am Lëtzebuergesche gouf de Vokal o an der zouener Silb lautgesetzlech zu a gesenkt: *offan > Affen. An der neihéichdäitscher Schrëftsprooch, wou d’Senkung net gegraff huet, heescht et Offen (an dëser Form ass den Numm z. B. vum Alfred Betrang, S. 93 ernimmt). Déi Nieweform ahd. *offan iwwerlieft just méi an den heiten Uertsnumm. Dat heescht, datt Reflexer vun dëser Nieweform och net als Appellativ a soss kengem modernen Dialekt geleefeg sinn. Hei fanne mir iwwerall just méi Reflexer vun der Haaptform ahd. ofan. Hei gouf de Vokal o an der oppener Silb am Lëtzebuergesche lautgesetzlech zu ue diphthongéiert: *ofan > Uewen

Fouches sengersäits ass d’Iwwersetzung vun Affen: Nom Bruch (1954: 22) kann nach 1309 eng Form Fours festgestallt ginn, déi op fr. four ‚Uewen‘ am Pluriel zeréck ze féieren ass, also Fours = d’Iewen. Ursprénglech wuel nach wéi [fu:rs] ausgeschwat, huet sech den Auslaut vum Numm dann a Richtung ’sch‘ weiderentwéckelt, sou datt déi heiteg Aussprooch [fuʃ] entstoe konnt. De phonetesche Wee vu [fu:rs] bis op [fuʃ] schéngt ongewéinlech, op d’mannst awer wäit ze sinn. Mee hei gräift lo eng sproochlech Entwécklung, déi een dës Säit an déi Säit vun der Sproochgrenz am Wallouneschen a Lëtzebuergeschen (a Westmëtteldäitschen am Allgemengen) begéint. Wuertauslautend -r+s-Kombinatioun wandele sech nämlech hei zu engem ’sch‘ [ʃ] an aus dem urspréngleche Fours entsteet Fouches. Am Lëtzebuergeschen selwer gëtt et dee Prozess jo och. An enger Hällewull Wierder an Nimm ännert den Auslaut jo ëmmer dann, wann un en  r en s trëtt (z.B. aner > anescht ‚anders‘, selwer > selwesch ’selber‘, Neijoer > Neijooschdag ‚Neujahrstag‘, Conter > Contesch Claude ‚Conters Claude‘, éischt < ‚erst‘ etc.). D’Wallounescht an d’Lëtzebuergescht deelen sech hei also déiselwescht sproochhistoresch phonetesch Entwécklung.

alhéichdäitsch *offan > Affen > wallounesch Fours [fu:rs] > Fouches [fuʃ]

Ergo: E schéint Exempel fir romanesch-germanesch Sproochgeschicht.

Och wann hautesdaags den Uertsnumm Affen net méi sou bekannt däerft sinn, gehalen huet en sech nach am ale Vollekslidd vum ‚Meedche vu Gëtzen‚:

Et wor e Meedche vu Gëtzen, oho
mat Aan wé i feiereg Blëtzen, oho
‚t wollt alle Mä„nner gefaalen,
fir mat senge Freier ze braalen, oho, oho

‚t nëmmen gedanzt a gesprongen, oho
gekickelt, gerolzt a gesongen, oho
Et duecht matt Spaassen a Laachen
säi Gleck eemol sécher ze maachen, oho, oho

Mä wéi et housch vum Bestueden, oho
wollt kenn sech dat Meedchen oplueden, oho
‚t ass zweeërlee: Männer a Freier
haut ass et um Affener Weier, oho, oho

Dir Meedercher loost iech beléiren, oho
a kommt hier e gudde Root héiren, oho
Maacht net wéi d’Meedche vu Gëtzen
soss bleift der nach alleguer setzen, oho, oho

One thought on “Vun Affen bis op Fouches (Juni 2011)

  1. Joseph Reisdoerfer

    L’évolution rs > ch que vous étudiez ici n’est pas wallonne, mais d’abord gaumaise et lorraine ( cf. ALW 1, c. 78 p. 229 et surtout Remacle, Louis. 1944. Les variations de l’h secondaire en Ardenne liégeoise. Le problème de l’h en liégeois (Bibliothèque de la Faculté de Philosophie et Lettres de l’Université de Liège, Fascicule XCVI) Liège/Paris, 291-294 ; pour le toponyme Fouches, cf. ibid. 293 note 3) Le phénomène se retrouve également dans d’autres dialectes de l’est de la France. Quant aux liens avec des évolutions comparables dans les parlers germaniques, c’est toujours possible … mais il faudrait voir cela en détail. JR

Är Commentairen