E Wuert, datt mir ëmmer schonn elleng wéinst sengem Klank gefalen huet, ass Bratzelen an hei soll elo d’Sproochgeschicht vun dësem Wuert e bësse beliicht ginn. Iwwer den ‚Wörterbuch-Navigator‚, deen am Kader vum LexicoLux-Projet ausgeschafft ginn ass, lossen sech d’Artikelen aus den dräi eeleren Dictionnairë synoptesch weisen.

Screen_shot_2011-03-04_at_5.11.04_PM

Mat sengem a an dem tz kléngt et zwar schéi lëtzebuergesch, mee seng wierklech Originne sinn anzwousch anescht ze sichen. Et ass effektiv esou, dass d’Wuert eng romanesch Wuerzel huet a vu britèlla (< brittula) kënnt an et stellt sech d’Fro, wéi ee vun do op lëtzebuergesch Bratzelen ka kommen. Interessanterweis kann e mat dësem Wuert eng Rëtsch wichteg Lautgesetzer vum Lëtzebuergeschen illustréieren.

  1. tt > tz [ts] – hei handelt et sech ëm déi bekannt 2. Germanesch Lautverschiebung, déi ëm 800 n.Chr. erëm praktesch all Wuert mat engem t erfaasst an zum Affrikat tz ‚verschoben‘ huet. Déiswelescht Entwécklung fënnt een och a Wierder wéi Zannt, Netz (vgl. engl. tooth, net). Fir datt britèlla iwwerhaapt an d’Mille vun der Lautverschiebung konnt erageroden, muss d’Wuert deemols schonn als integréiert Wuert an net méi als Friemwuert interpretéiert gi sinn. Fir déi alhéichdäitsch Zäit kann een also eng Form britzèlla unhuelen.
  2. i > a – typesch Lëtzebuergesch (an allgemeng Westmuselfränkesch) ass déi sou genannt ‚Senkung‘ vum Vokal i zu a. Et handelt sech dobäi ëm e ganz radikale Lautwandel, well e zouene an en oppene Vokal changéiert huet. Och hei fënnt ee séier vergläichbar Wierder (schwammen, klammen). Wahrschéinlech ass dëse Wandel am 11. Jh. agetratt an huet zu britzèlla gefouert.
  3. Am Verlaf vum 15./16. Jh. sinn dann onbetount Vokale reduzéiert ginn a falen um Enn vum Wuert och ganz ewech – aus bratzèlla kann da bratzele/bratzel ginn, wou dann déi lëtzebuergesch Plurielsendung -en ugehaange gëtt.

D’Entwécklung ass also romanesch brittèlla > britzèlla > bratzèlla > Proto-Lëtzebuergesch bratzel > Lëtzebuergesch Bratzelen

Peter Gilles

Är Commentairen