Lo grad beim Mëttegiesse goung rieds vun der Britt – eng Hamebritt, eng Eeërbritt, eng Héngerbritt, eng Britt eben. Wéi esou dack am Lëtzebuergeschen ass d’Wuertgeschicht eng interessant. Eis dräi eeler Dictionnairë bréngen eis séier op d’Spur. Zwar fanne sech am grousse Luxemburger Wörterbuch systematesch keng Etymologien, mee do hëlleft de Gangler (1847) an och d‘Wörterbuch der luxemburgischen Mundart (1906) weider. D’Wuert kann een zeréckféieren op alhéichdäitsch brod an ass vum selweschte Stamm wéi engl. broth, wat do och ‚Bouillon‘ bedeit. D’Wuert brod hat deemols och nach e méi breet Bedeitungsfeld an huet ‚Flëssegkeet‘ bedeit; d’däitsch Wierder brodeln a Brodem si méiglecherweis Famill domat.

Wéi kann sech d’Sprooch vu brod bis op Britt entwéckelen? Ähnlech Formen aus de rhäineschen Dialekter (sou g. ‚Ripuaresch‘), wéi brüht oder brühde weisen, datt et zu enger Hiewung o > u an zu enger Verlagerung vun der Zongepositioun no vir u > ü komm ass. Während d’Ripuarescht d’Vokaler ü an ö a sengem System huet, feele se jo am Lëtzebuergesche systematesch (vun e puer Ausnamen ofgesinn wéi Süden, Schüler, Föhn). Am Muselfränkeschen ass et dowéinst zu enger ‚Entrundung‘ (Ofbau vum Ofrënne vun de Lëpsen) komm, an der all al üen an öen zu i resp. e/ë geännert  hunn.

alhéichdäitsch brod > ripuarisch brüht, brühde > lb. Britt

A sou konnt aus brühde och Britt ginn (méiglecherweis  kënnt nach d’Kierzung vum Vokal dobäi). Vergläichbar Entwécklungen erkenne mer bei lb. Gemitt ‚Gemüt‘, geblitt ‚Geblüt‘, wou déi al ‚ofgerënnt‘ Vokaler ‚entrundet‘ gi sinn.

Net ze verwiesselen ass d’alhéichdäitsch brod mam lb. Brot, dee sech vu mëttelhéichdäitsch brât ‚mëllt Fleesch‘ hierleit.

Peter Gilles, Abrëll 2011

Är Commentairen