Lingscape | Sign stories | 2 | Orange shop, Luxembourg

Disclaimer: This article is a repost from my personal research blog purschke.info, where I write about our Citizen Science project Lingscape and other topics related to my work at the University of Luxembourg. Place: Orange | Telecommunication shop | 5, Place d’Armes, 1136 Luxembourg, Luxembourg Lately, the discussion about multilingualism and language use in Luxembourg has gained a lot…

Ganzen Artikel

Die Sprachendebatte in Luxemburg. Eine Analyse der gestrigen Anhörungen in der Chamber

Disclaimer: Dieser Artikel erschien zuerst auf meiner persönlichen Seite purschke.info. Aus Gründen der Aktualität des Themas wird er hier erneut veröffentlicht. Wer sich die Zeit nahm, die gestrige Debatte über den Status des Luxemburgischen im Abgeordnetenhaus zu verfolgen, der konnte sich zunächst einmal freuen: Was man zu sehen und hören bekam, war ein erfreulich nüchternes…

Ganzen Artikel

10 Joer Luxemburgistik – E Réckbléck op eis Porte ouverte vum 6.12.2016

Op Niklosdag war dëst Joer eng méi lass am Institut vun der Luxemburgistik: Eis éischt Porte ouverte um Campus Belval an eisen éischten zweestellege Gebuertsdag, 10 Joer Luxemburgistik! Et gouf Kuch a Schampes an natierlech och nees eis Pousteren, déi weise sollten, wourunner de Moment gefuerscht gëtt. Hei haten d’Leit och d’Méiglechkeet, Froen ze stellen…

Ganzen Artikel

Regional Auswäertung vun den zwou Sprooche-Petitioune 698 a 725

Déi zwou rezent Petitioune 698 a 725 iwwert d’Sproochesituatioun haten e grousse Succès an hunn zu enger breeder Diskussioun am Land iwwert d’Sproochesituatioun gefouert. Petitioun 698: Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsprooch gesetzlech festgeluecht fir all Awunner zu Lëtzebuerg (14.724 Ënnerschrëften) Petitioun 725: « NEEN » zu eiser Mammesprooch als éischt offiziell Sprooch. « NON » à la langue…

Ganzen Artikel

Virschau op de Colloque vum 13. Dezember 2016

D’Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg ass d’Thema vu villen Diskussiounen, Bäiträg a Studien. Am Alldag kann een se a ganz verschiddene Situatioune begéinen: beim Akafen, an der Zeitung oder och an der Musek. Den Jamie Liddell ënnersicht de Phenomen vun der Méisproochegkeet am Hip Hop, deen zu Lëtzebuerg (respektiv vu Lëtzebuerger) gemaach gëtt. Dofir kuckt hien sech…

Ganzen Artikel

Master-Diplomiwwerreechung 2016

Leschte Freiden, de 25. November, war um Campus Belval déi grouss Master-Diplomiwwerreechung vun allen dräi Fakultéite vun der Uni Lëtzebuerg. Am groussen Auditoire vun der Maison du Savoir kruten e puer honnert Absolventen hiren Diplom iwwerreecht – dorënner och 10 Studentinnen a Studente vun eisem Master en Langues, Cultures et Médias: „Lëtzebuerger Studien“. Mir gratuléieren…

Ganzen Artikel

Virschau op de Colloque vum 29. November 2016

  An eisem nächste Virtrag gi mer eppes iwwert déi lëtzebuergesch Modalverbe gewuer. D’Caroline Döhmer beschäftegt sech a sengem Bäitrag ënnert anerem mat der Positioun vun de Modalverben am Niewesaz. D’Beispiller, déi a sengem Abstract genannt ginn, weise méi genee, wat een sech dorënner ka virstellen. Och den zweeten Deel vu sengem Virtrag iwwert d’Optriede…

Ganzen Artikel

Virschau op de Colloque vum 22. November 2016

Nieft der Produktioun vu de Vokaler am Lëtzebuergeschen ënnersicht d’Tina Thill och d’Aussprooch vu franséische Spriecher, déi Lëtzebuergesch schwätzen. E Verglach tëschent deene Produktioune liwwert beispillsweis Informatiounen iwwert d’Aussproochschwieregkeeten, mat deene franséisch Spriecher konfrontéiert ginn, wa se Lëtzebuergesch léieren. Nächsten Dënschdeg stellt D’Fuerscherin Resultater aus senger phonetescher Analys vir. D’Fuerschungsfroen an Ziler vu senger Aarbecht…

Ganzen Artikel