Aacht Gestalten an engem Raum, ganz a schwaarz gekleet, d’Gesiichter wäiss geschminkt.
Siwe vun hinnen hunn eng schwaarz Këscht am Grapp, déi aacht béckt sech iwwert e
feierroude Knäppchen, hire Bléck streng op dee selwechte fokusséiert. Wéi an Trance erhieft
sech eng no där anerer, klamert sech un hirer Këscht fest, trëppelt lues op de viischte Rand
vun der plakeger Bühn zou a stellt se nidder bis déi siwe Këschten den Tuerm komplettéieren.
Op en Neits erhieft sech elo eng Figur no där anerer, faasst determinéiert den Tuerm an de
Bléck, trëppelt op en zou a kroopt sech seng Këscht fir erëm wéi ugewuerzelt op senger Plaz
auszeharren. Lues a lues fëllt sech de Sall, d’Acteure spillen déi uewe beschriwwen Zeen eng
leschte Kéier ier d’imaginär Rideau fält a mat hir gëtt dann och endlech déi bedréckend Stëll
duerchbrach. Vun Ufank u mierkt een, wat d’Gestalte besonnesch gutt kënnen, an zwar Froen
ze stellen, a wat hinne wuel kaum an d’Wéi geluecht gouf, nämlech dem Ënnertitel –
D’Äntwert op de Virdrun – gerecht ze ginn. Äntwerte fanne si nämlech keng.
D’Opféierung vun De Roude Knäppchen ass gläich eng duebel Première. Sou ass et net aleng
dem Auteur a Regisseur Fränz Conrad säin éischt Stéck, och d’Theatergrupp Här a Madamm
Knapp, déi 2010 gegrënnt gouf, feiert hei hiren Debut. Dobäi ass et bemierkenswäert, datt et
sech bei den Acteuren ëm Amateuren handelt, déi nieft hirem berufflechen Alldag d’Passioun
fir den Theater entdeckt hunn. D’Natur vum Stéck kënnt hinne wuel entgéint: Hei gëtt net wëll
gestikuléiert, och d’Mimik spillt nëmmen a Schlësselmomenter eng ervirzehiewend Roll – am
Fong ass d’Kierpersprooch vun de Personnage vu luesen a beduechte Beweegunge
gekennzeechent. An dës markant Charakteristik passt och wonnerbar zu der eigentlecher
Handlung. Et geet virun allem dorëms, déi eegen Existenz an Aktiounen ze hannerfroen, ze
ergrënne wisou een eppes, wat am éischte Abléck sënnlos erschéngt, iwwerhaapt mécht.
Gläichzäiteg gëtt awer och de Verbuet thematiséiert, wéi besiess bewaacht de Knappwiechter,
gespillt vum Marceline Wawro, de roude Knäppchen, dee wéi e sakralen Objet op senger
Këscht trount an aleng duerch seng Faarf wéi e Friemkierper an d’schwaarzwäisst Bühnebild
erabrécht. D’Stéck lieft virun allem vun den exzellente Performancë vum Kyra Fischbach, dat
d’Muecht duerstellt, an dem Nora Thix, dat de Rebell verkierpert. Dem Rebell seng eenzeg
Existenzberechtegung schéngt et ze sinn, der autoritär a bestëmmend agéierender Muecht
Kontra ze bidden, hir Aktiounen ze hannerfroen an déi sëlleg Befeeler déi si erdeelt ze
verurteelen.
Ureegende Personnage fir d’Iwwerleeungen, déi d’Gestalten ustellen ass de Philosoph,
gespillt vum Charel Fischbach. Hien ass et, deen Urfroen aus der Metaphysik an d’Stéck
erantransportéiert, dee Sënn an Onsënn vun de Gestalten hirer Existenz hannerfreet an dee
sech schliisslech fir d’Grënn vun hiren Handlungen interesséiert. Wëll heeschen: Hie bréngt
d’Evenementer un d’Rullen a propagéiert den Zwist tëschent der Muecht an de reschtleche
Figuren. Onglécklech besat ass d’Roll vun der Ohnmuecht, duerch där hiren Doud d’Peripetie
vum Eenakter erreecht gëtt, vun deem Abléck un realiséieren d’Gestalten nämlech, datt déi
sech selwer als onfeelbar duerstellend Muecht, déi behaapt hat, et géif kee „Virdrun“, op
eemol als feelbar demaskéiert gëtt. Leider kann d’Ana Correia awer grad an där wichtegster
Zeen net ganz iwwerzeegen, ze gezwong kënnt säin trauregt Befannen iwwer de Fait, als Strof
a senger Këscht agespaart ze ginn, eriwwer. Och seng akzeptabel Soloperformance beim
Gesang vum Lidd – dat kompositiounstechnesch iwwregens herrlech an d’Stéck erapasst –
kann net iwwer dëse Manko ewechtréischten.
Wat dëst Theaterstéck kuckenswäert mécht ass d’Ëmsetzung vun engem ufanks fatalistesche
Weltbild mat banaalste Mëttelen: Hei gëtt bewisen, datt manner méi ka sinn. Net aleng
d’pantomimenhaft Costumë vun den Acteuren erweise sech als gléckleche Choix, och d’Bühn
selwer vum Théâtre du Centaure mat hirer enker, klaustrophobesch-bedréilecher Knappheet,
schéngt wéi fir d’Realiséierung vum Fränz Conrad sengem Wierk gemaach.
Et kann een also behaapten, datt d’Theatergrupp Här a Madamm Knapp e gelongenen Debut
inszenéiert huet, dat sech staark um absurden Theater vum vergaangene Joerhonnert
orientéiert, d’Duerstellung vun der abstrakt-surrealistescher Handlung ass net aarm u
metaphoreschen Elementer an dem Public gëtt e Schauspill gebueden, dat Froe wéi eng
Urgewalt an de Raum pucht ouni jee eng Äntwert ze presentéieren. A wann de Philosoph sech
freet, op et iwwerhaapt e „Virdrun“ gouf, sou kann een nëmmen hoffen, datt De Roude
Knäppchen och nach en „Dono“ – eng Reprise also – erliewen däerf.

Är Commentairen