D’Wëldanger Muer ass en onberéiert Stéck Natur, e Fiichtbiotop mat sëllegen Aarte vu Planzen an Déieren. Et ass eng roueg Plaz, ëm déi 80 Hektar grouss, wou een d’Natur nach richteg genéisse kann, awer och en Uert ëm dee sech vill Schauergeschichten dréien. Och d’Anne Schaller, eng Léierin vu Wëldang, kënnt gär heihi fir d’Natur ze genéissen, fir mam Hond, dem Max, spadséieren ze goen, awer och mat senger Schoulklass, déi him begeeschtert nolauschtert, wann hatt all déi Geschichten iwwer d’Muer verzielt. En idyllescht Stéck Land also, wou ee kann Energie tanken, oder besser gesot konnt…
D’Muer soll vun der Gemeng un de Stat verkaf ginn, fir datt deen do en neie Prisong ka bauen, en Héichsecherheetsprisong fir eng honnert Schwéierverbriecher. D’Gemeng géif vun dësem Geschäft natierlech immens profitéieren, awer och den Entreprener vu Wëldang, de Célestin Baltus, genannt Zëll, deen den Optrag kréie soll.
D’Anne wëll dëst Geschäft verhënneren a grënnt d’Biirgerinitiativ “d’Fanger wech vum Wëldanger Muer”. D’Biirgerinitiativ versicht, de Bau vum Prisong mat de Mëttel, déi hinnen zur Verfügung stinn, ze verhënneren. Mee si gi vun den Autoritéiten net fir Eescht geholl, an d’Anne gëtt gewuer wat e Pond Kiischte kascht…

A senger Novell, D’Wëldanger Muer, déi engem Krimi gläich kënnt, beschreift de Josy Braun de staarke Wëll vun dynameschen, engagéierte Bierger, déi sech dofir asetzen, datt e Stéck Natur gerett gëtt. Op eng spannend Aart a Weis beschreift hien, wéi Korruptioun a Bestiechung d’Welt kënne regéieren, an e weist datt ee bei dëse Maacheschaften net muss matzéien, mee datt ee sech ka wieren.

D’Geschicht ass flott erzielt a bleift spannend bis zum Schluss. Ausserdeem bréngt den Auteur et fäerdeg a seng Fiktioun e ganz aktuellt politescht Thema afléissen ze loosen, nämlech eng Plaz fir en neie Prisong zu Lëtzebuerg. Duerch seng wonnerbar Fieder fesselt de Josy Braun seng Lieser a bréngt hinnen an engems d’Lëtzebuerger Sprooch erëm e Stéck méi no, andeems hien al Wierder, déi scho bal verschwonne waren, erëm nei opliewe léisst. Sou wëssen zum Beispill net méi vill Leit , datt Krukerten Hogänse sinn.
De Josy Braun, deen 1938 zu Biwer gebuer gouf ass senger Heemecht enk verbonnen, wat a senge Wierker och ëmmer erauszeliesen ass. No sengem Militärdéngscht war hien engagéierte Gewerschaftssekretär beim LCGB an huet duerno als Journalist beim Tageblatt geschafft. 1991 huet hie säi Beruff un den Nol gehaangen, fir als fräiberuffleche Schrëftsteller ze schaffen. Liesenswäert Wierker sinn ënner anerem “Porto fir d’Affekoten”(1997) , “De Bommenteppech” (2004) oder “De franséischen Doud vum Oskar Messidor” (2007).

Josy Braun, D’Wëldanger Muer, Rapidpress Bartreng, 2009.

 

Laura Asselborn

Är Commentairen