Zu Schreibweise und Auswahl der Belege siehe die allgemeine Anmerkung am Ende des Textes.

D’Häerz ass net nëmmen dat wuel wichtegst Organ, mee gehéiert sécherlech och zu deenen Deeler vum mënschleche Kierper, déi Bildspender fir eng Hällewull vun Idiome sinn. Wien sech am Lexikon iwwert déi verschidde Bedeitungen a Gebrauchskontexter vum Wuert Häerz informéiere wëll, fënnt am LWB eleng siwe verschidden Ënnerkategorien. Un éischter Stell steet d’Bedeitung vum Organ ewéi e Liewensmotor, déi a feste Wuertverbindungen dacks gebraucht gëtt, wann et ëm eng Funktiounsstéierung vum Häerz geet. Ween et um Häerz huet oder mam Häerz ze doen huet, klot iwwer gesondheetlech Schwieregkeeten; weem säin Häerz net méi wëll ass am Endstadium vun enger (Häerz)Krankheet ukomm. Ass enger Persoun hiert Stierwe kee liicht, gëtt gesot, datt hiert Häerz net brieche wëll.

An der allgemenger Virstellung gëllt d’Häerz awer och als Sëtz vun de Gefiller. Vu datt staark Emotiounen effektiv Auswierkungen op d’Häerz hunn, bitt d’Sprooch eng Rei Méiglechkeete fir e Gemittszoustand unhand vum bildhafte Charakter vun idiomatesche Wuertverbindungen auszedrécken. Wie seet: dat huet mer d’Häerz gebrach, mengt domat keng anatomesch Katastroph mee dréckt aus, datt en eng grouss Enttäuschung erlieft huet, déi en als physesch Péng an der Häerzgéigend ze spiere mengt. Ween engem säin Häerz ausschëtt huet dacks schonn iwwert eng gewëssen Zäitspan Problemer ugesammelt a vertraut sech elo endlech enger Persoun un. D’Wendung et ass mer e Stee vum Häerz gefall dréckt e Gefill vun Erliichterung aus. Während deen een sech en Häerz hëlt fir eng Saach unzegoen an domat Courage beweist, steet deen aneren, deem d’Häerz an d’Schung fält, als Feigling dernieft.

A Wendunge wéi e wunnt am Häerz vu Paräis, an där den Zentrum vun der Stad gemengt ass, gëtt däitlech, datt de lexikalesche Bestanddeel Häerz fir de Mëttelpunkt, awer och fir d’Bedeitung vun eppes stoe kann. Weem eppes perséinlech ganz besonnesch wichteg ass, seet dat läit mer um Häerz oder dat ass eng Häerzensugeleeënheet. D’Häerz ass d’Grondlag vu Phraseologismen, déi d’semantescht Konzept vun enger emotionaler Verbonnenheet vermëttelen. Wann am Dicks sengem Scholtschein (1856) d’Mamm de Pâpschossel freet: Wor iech èrt Liéwen neischt un d’Hierz gewuost, da wërft se ëm Egoismus an ze wéineg Matgefill fir seng Matmënsche vir. Souguer an der Lëtzebuerger Nationalhymne aus dem 19. Joerhonnert gëtt d’Bild vum Häerz als staark emotional Bindung opgegraff fir un d’Trei vun de Lëtzebuerger Bierger hirem Land géintiwwer z’appeléieren. Beim Lentz heescht et deemno an der éischter Stroph vun der Hémécht (1864): Onst Héméchsland dât mîr ’sŏ děf / An onsen Hierzer dro’n.

Myriam Hartmann

Typ: Idiom
Quellen: LWB; La Fontaine, Edmond de (Dicks): De Scholtschein, Koměděstéck an èngem Ackt. Letzeburég 1856; Lentz, Michel: Ons Hémécht. In: Spâss an Iérscht. Liddercher a Gedichten. Letzeburég 1873.

LWB s.v.

Häerz: 1) «Herz» (als Organ) […] Krankheiten: en huet mam H. ze dun, en huet et um H. (allg.: er hat Herzbeschwerden) — d’H. wëllt nët méi (Herzschwäche) […] — d’H. wëllt nët briechen (schweres Sterben) […] — sonstige Raa.: […] dat huet em d’H. gebrach; 2) «Gemüt» (Herz als Sitz der Gefühle) […] en huet mer säin H. ausgeschott (sein Leid klagen) — ‚t as em näischt un d’Häerz gewuess […] — ‚t as em e Stä vum H. gefall […]; 4) «Mut» — […] d’H. as em an d’Schong gefall — ech hu mer en H. geholl an him et gesot . . .; 5) «Mittelpunkt, Mitte» — e wunnt am H. vu Paräis

Allgemeine Anmerkung:

In der Rubrik Sproch vum Mount des Projekts DoLPh werden luxemburgische Redewendungen allgemeinverständlich in 400-Wort-Artikeln erklärt. Die Schreibweise der Belege richtet sich nach der jeweiligen Orthographie in den Originaltexten und historischen Wörterbüchern, aus denen sie entnommen sind, und ist nicht an die reformierte neue Rechtschreibung angeglichen. Somit wird der sprachhistorischen Ausrichtung des Projekts Rechnung getragen und verhindert, dass vom Sprachgebrauch in älteren Quellen irrtümlich auf die Verwendung im rezenten Luxemburgischen geschlossen wird.

Är Commentairen