Komeschen Titel, nee ? Wat mécht den Dracula mat engem Torschong? Blutt opwëschen? Keng Angscht, esou brutal gëtt et net. Den Dracula ass och keen Dracula, mee en Hond, an zwar eng grouss verléiften Dogg. An den Torschong ass och keen Torschong, mee dem Dracula seng riseg Zong, déi esou sabbelech ass wéi en naassen Torschong. Mee dozou spéider.

Dem Dracula säin Torschong ass eng Hexegeschicht fir Kanner – oder sou steet et mol um frech illustréierte Cover – eng Geschicht voller geféierlechen Aventuren, aussergewéinlechen Déieren, couragéiert Fraen, Kanner a Männer aus verschidde Welten.

De Roman presentéiert dem Lieser als éischt d’Annihex, en Hexemeedchen, dat déif am Bësch an engem huele Bamstamm wunnt (Hexe si méi kleng wéi mir Mënschen), mat senger Mamm, der Mammihex, a sengem Papp, dem Pappihex, dee leider dacks op Hexereesen ass, wéinst sengen Hexegeschäfter. Et ass nämlech e groussen Hexemeeschter ! E klengen Hommage un den Dicks däerf hei natierlech net feelen. Mir ginn och gewuer, wéi d’Hexen ausgesinn : kleng, mat faarwegen Trëtzen, faarweg Aen, eng grouss, knubbeleg Nues mat enger faarweger Waarzel drop. Si hunn e Biesem fir ze fléien an en Hexenhutt. Ouni dës zwee Accessoirë kënne si net zauberen. Dës konterbont Hexewelt muss onbedingt geheim bleiwen well d’Hexe grouss Feinden hunn : d’Plexen an, nach schlëmmer, d’Quexen! D’Plexen hu véier Patten, e Schwanz, oder e Schniewel. Mee d’Quexe si vill méi schro. Si si méi grouss, hu langweileg Hoer an eng ganz butzeg Nues. Dat Witzegst ass, datt si sech „Mënschen“ nennen ! An d’Plexen nenne si „Déieren“… !

Duerch en Zoufall geréit d’Annihex an d’Géigend vun der Schoul vun de Quexen. Et erféiert a fällt samt Biesem op de Buedem. D’Annihex kritt awer gehollef vum Quexekand Linda, dat guer net esou béis ass, wéi d’Quexen ëmmer beschriwwe ginn. Si maache sech op d’Sich nom huele Bam. An Tëschenzäit ass d’Mammihex esou a Suerg, datt si sech ganz aleng op de Wee mécht, fir hiert Kand ze sichen. Esou geschitt et, datt de groussen Dracula-Plex si fënnt a sech a si verléift! D’Mammihex kritt awer Hëllef vum Françoise, dem Linda senger Mamm. Dem Linda säi Papp ass wéinst senger Aarbecht an Australien. No engem heftege Stuerm fënnt hien de Pappihex, deen och aus beruffleche Grënn do ass an och elo op mënschlech Hëllef ugewisen ass, well de Stuerm säi Biesem gebrach huet. Lo geet et drëms, d’Familljen erëm zesummen ze bréngen…

De Roman erzielt déi an Trëtzeform verflochte Geschicht mat vill Humor a mat engem ganz bildhaften Ëmgang mat der Sprooch an de Reimen. Hei e gutt Beispill : „Du vrecks, du Hex, grommelt den Uhu. An zitt mat vill Gedeessems déi schwéier Rollueden iwwert seng Aen héich.“

D’Geschicht ass also déi vu sechs Liewewiesen, déi sech no an no zu dräi Koppelen zesummefannen a probéieren, erëm zu zwou Familljen ze verschmëlzen. Dës parallel Konstruktioun gëtt dem Roman seng Struktur a hëlleft dem jonken an jonk bliwwene Lieser, sech z’orientéieren. Duerch Widerhuelunge vu Wierder oder esouguer ganze Passagen, gëtt awer och bewisen, dat déi zwou verschidde Welten net esou verschidde sinn. D’Personnage hunn déiselwecht Ängscht a Wënsch. D’Mamme vertrieden e feministesche Point de vue : si sinn onzefridden, si hunn es sat, datt hire Mann andauernd ënnerwee ass a fillen sech doheem agespaart an an eng Roll gedréckt, déi hinnen net ganz gefällt. Souguer bei den Hexe muss et eng Emanzipatioun ginn! Dat vergiessen se awer, soubal se sech Suergen ëm hir Meedercher man. Déi hunn es grad esou sat, datt hir Welt esou kleng a langweileg ass an datt se ni eppes dierfe man! D’Ënnerscheeder tëschent Mënschen an Hexe sinn also net esou grouss…

Déi beschriwwen Technike ginn dem Roman e gewësse Charme, deen net ouni Witz ass. Déi Hellewull u Reimen, erfonnte Wierder an esouguer Flich ginn dem Buch eppes Mënschleches an immens Lieweges, wat Kleng a Grouss begeeschtert. An engem Passage léisst d’Mammihex hir ganz Roserei um Pappihex aus : „Hokuspokuspanzvollist ! Biesemsknallkapp ! Fatzbeidel ! Du knéckege knaschtegen agebilte béisartege rabbelkäppegen ondugene jausen […] bullisbegladderte Seechomëssefréisser !“ Fir dëse Schock z’iwwerwannen, nach e léiwe Reim als Beispill : „Och dee kallefgrousse Plex war e Moment perplex.“ D’Sprooch an hirem hexefaarwege Gebrauch steet also ganz am Déngscht vun dëser spiralenhaft geschriwwener Geschicht an et mécht einfach nëmme Spaass, se ze liesen.

Wann een dës Hexegeschicht iwwert ongewéinlech Frëndschaften an d’Kategorie vun de Märercher klasséiert, brauch se och eng Moral. Et ass en Opruff géint Viruerteeler a fir de Glawen un den Zauber vun der Frëndschaft, dee mat wonnerschéinen Illustratiounen vum Muriel Moritz ënnermoolt gëtt.

Zum Schluss nach e puer Wuert iwwert d’Urheberinne vun dëser Hexegeschicht: d’Nicole Paulus ass 1955 gebuer, huet zu Léck studéiert an ass Assistante sociale vu Beruff. Bei den Editions Phi, wou och „Dem Dracula säin Torschong“ erauskomm ass, huet et nach aner Kannerbicher publizéiert, wéi zum Beispill „Salto am Aquarium“. D’Muriel Moritz ass fräischaffend Illustratrice, wat si och studéiert huet, an hir Zeechnunge sinn a Kannergeschichten a Schoulbicher erëmzefannen.

Nicole Paulus a Muriel Moritz, Dem Dracula säin Torschong, Editions Phi, 2009.

Sandrine Heinen

Är Commentairen