Leschte Freiden, de 25. November, war um Campus Belval déi grouss Master-Diplomiwwerreechung vun allen dräi Fakultéite vun der Uni Lëtzebuerg.

Am groussen Auditoire vun der Maison du Savoir kruten e puer honnert Absolventen hiren Diplom iwwerreecht – dorënner och 10 Studentinnen a Studente vun eisem Master en Langues, Cultures et Médias: „Lëtzebuerger Studien“.

Mir gratuléieren a wënschen hinnen alles Guddes op hirem weidere Wee!

 

Är Commentairen