Dëst ass eng Fro, déi vill Leit schonn e bësse méi laang beschäftegt – an net nëmmen déi Leit, déi Lëtzebuergesch als Friemsprooch léieren. De Ministère fir Chancëgläichheet huet sech mat dëser Fro auserneegesat an 2005 déi drëtt Oplo vun engem Bichelche mam Titel „Beruffer, Titelen a Funktiounen – weiblech – männlech“ erausbruecht, an deem een Tipps kritt, wéi ee weiblech Beruffsbezeechnunge bilt. Zwou Schlussfolgerunge kann een aus dësem Bichelchen zéien:

  1. Et gëtt eng ganz Rei vun Endungen, déi fir weiblech Bezeechnunge kënne benotzt ginn, nämlech
  • esch wéi an Bäck-esch, Schmatt-esch
  • in wéi an Ethnolog-in, Muséker-in
  • euse wéi an Chauff-euse, Recev-euse (nëmme bei franséische Wierder)
  • ière wéi an Banqu-ière, Guichet-ière (nëmme bei franséische Wierder)
  • trice wéi an Direk-trice, Traduc-trice (nëmme bei franséische Wierder)
  • e wéi an Attaché-e, Remplaçant-e (nëmme bei franséische Wierder)
  1. MEE: Et gëtt keng definitiv Regel, wéini wéi eng Endung geholl gëtt: et ginn dacks zwou Varianten (z.B. Offizéierin vs. Offizéiesch, Redaktesch vs. Rédactrice).

Mir schwätzen elo iwwert e Buch, wat net onbedéngt déi Forme weist, déi d’Leit am Alldag benotzen. Mee wat soen d’Leit dann? Wéi maachen ech eng d’office männlech Beruffsbezeechnung fir eng weiblech Persoun? Ginn et an de Generatioune Preferenzen? Oder ass dat éischter ofhängeg vun der Regioun? Oder läit et un den eenzelne Spriecher? Oder um Wuert?

Op der „Porte ouverte vun der Luxemburgistik“ vum 22.11.14 hunn ech zesumme mat menger Aarbechtskolleegin Britta Weimann versicht, dës Froen op der Basis vun engem Mini-Questionnaire ze beäntweren. Dëse gouf op der Porte ouverte fläisseg vu lëtzebuergesche Mammesproochler ausgefëllt an och duerno nach eng Kéier am Seminar vum Bachelor-Cours ‚Einführung in die luxemburgische Linguistik‘ op der Uni Lëtzebuerg verdeelt, fir méi Resultater ze kréien. Esou huet de Questionnaire ausgesinn:

 

Fragebogen

 

Mee, wat ass elo dobäi erauskomm? Am Ganzen hu 46 Leit matgemaach a wat déi gesot hunn, hunn ech emol an enger Graphik zesummegefaasst. Fir d’Iwwersiicht hunn ech déi männlech Beruffsbegrëffer ënnert déi respektiv Kolonne gesat. Fir wéi eng Endung sech d’Leit entscheed hunn, gesidd Dir an de Faarwen: blo = –esch, orange = –in, gro = –trice a giel = keng Äntwert.

 

Graphik

 

Kann een domat d’Froe vum Ufank beäntweren? Net esou ganz, mee et kann een Tendenzen erkennen.

Et kann ee festhalen, dass keng Endung wierklech dominéiert: et hänkt meeschtens vum Wuert of, wéi eng Endung gesat gëtt. Et kéint ee véier Gruppe vu Wierder ënnerscheeden.

  1. Wierder, bei denen ee bal kee Choix bei der Endung huet, wéi an eisem Beispill Doktesch a Verkeeferin.
  2. Wierder, bei denen een de Choix tëscht –esch an –erin huet, wéi Gäertnesch/-erin, Entreprennesch/-erin an Offizéiesch/-erin. Dat geschitt virun allem bei Wierder, wou déi männlech Bezeechnung op –er ophält, wéi Offizéier oder Entreprenner. Hei ginn et liicht Tendenzen, mee och keng däitlech Regel oder Preferenz.
  3. Wierder, déi aus dem Franséische kommen an nach net komplett „verlëtzebuergescht“ sinn (z.B. Illustratorin/-trice oder Redaktesch/-erin/-trice). Hei schéngt de Choix vun der Endung ofhängeg ze si vun der „Friemheet“ vum Wuert oder vun der Endung um männleche Wuert. Friemheet heescht: Gëtt éischter Redakter oder Redacteur gesot/geschriwwen, also déi franséisch oder déi lëtzebuergesch Variant? Wéi ass et bei Illustrateur oder Illustrator? Mee och hei: keng kloer Regel oder Preferenz ass ze gesinn.
  4. Wierder, bei denen iwwerhaapt keng weiblech Endung ze passe schéngt, wéi Pompjee(ësch). Dobäi stellt sech dann d‘Fro: Firwat geet dat net?

Wat d’Generatiounen an d’Regioun ugeet, konnt ech näischt feststellen. Spriecher aus all Dialektregioun an all Altersklass hu matgemaach, mee et goufe keng Gemeinsamkeeten tëscht Spriecher am nämmlechten Alter oder aus der nämmlechter Regioun: et ass also ofhängeg vum eenzelne Spriecher a vum eenzelne Wuert, wéi eng Endung gewielt gëtt. Dat geet esouguer esou wäit, dass eenzel Spriecher emol –esch, emol –erin oder och eng franséisch Variant wielen.

Wann ee sech dat ukuckt, muss een zouginn, dass et net einfach ass, fir männlech Beruffsbezeechnunge weiblech ze maachen. Fir een ewéi mech, dee Lëtzebuergesch als Friemsprooch léiert, ass et op där enger Säit ustrengend, ouni Reegele mussen ze schaffen, mee op där anerer Säit och wierklech faszinant, dass esou eppes Einfaches esou komplex ka sinn. D’Äntwert op d‘ Fro am Titel ass also: gutt Fro. Dozou muss nach e bësse méi gefuerscht ginn an déi, déi Lëtzebuergesch léieren, musse weider d’Käpp dämpe loossen.

Wat sinn Är Erfarunge mat der Feminiséierung vu Beruffsbezeechnungen? Hutt Dir e „Patentrezept“, wéi eng Endung Dir wielt? Oder sot Dir déi eng Kéier sou an déi aner Kéier anescht? Ass Iech eng Regelméissegkeet opgefall, déi ech net gesinn hunn? Egal wéi, wann ech eng Gripp hunn, ginn ech grad esou gär bei d’Doktesch wéi bei d’Dokterin.

2 thoughts on “Rédactrice, Redakterin oder Redaktesch? – Wéi seet een dann elo?

  1. G.

    Moien,

    De Sujet ass ganz interessant a wierklech net einfach… Ech schaffen an engem Betrib mat ville Chaufferen, vun deenen déi weiblech awer op kee Fall wëlle „Chauffeuse“ genannt ginn, well dëst zevill péjorativ wär; da si se alt Conductricen.

    Och déi weiblech Form vun Dépanneur ass net evident…

  2. ech fannen doktesch méi schéin an originell wéi dokterin, dat kléngt sou ugepecht

Är Commentairen