Seelen huet een den Inouï zu Réiden sou strubbelvoll gesinn. Wat meeschtens just e puer internationale Gréissten aus der akustescher Jazzzeen geléngt, bréngt awer och ee Mann aus dem Ländche fäerdeg, deem säin Numm kengem méi ee Geheimnis ass : de Serge Tonnar. Dee mëttlerweil radiotaugleche Museker a vollberuffleche Provokateur huet dem Réidener Publikum während dräi Owender säi leschten CD Klasseklon an akustescher Versioun virgestallt.De musikaleschen Oflaf vum Owend huet sech dunn och gréisstendeels um leschten Album orientéiert. D’Band Legotrip, mam Misch Feinen op der Batterie, dem Rom Christnach um Bass an dem Eric Falchero op der Guitare, dem Akkordeon, der Melodika an enger ganzer Panoplie aneren Instrumenter huet de Serge Tonnar dobäi instrumental ënnerstëtzt. Mat “Crémant an der Chamber” gouf dem Public direkt eent vun deene méi neie Lidder presentéiert. No dëser initialer Mise en confiance goung et dunn awer queesch duerch de Gaart mat enger Partie Stécker vun de méi alen Albe Pärele bei d’Sei a Legotrip, ëmmer nees pointéiert mat deem een oder aneren Hit vum leschten Opus. Kompositiounstechnesch gesi waren d’Lidder zum Deel e bëssen ëmgeännert. Mä och wann der eng Partie klangfaarflech méi an eng blueseg oder souleg Richtung gezunn hunn, blouf den Ensemble dem Serge Tonnar sengem mat allerlee Aflëss duerchsate Singer-Songwriter Folk trei.

Ënnert alle Lidder erausgestach huet ouni Zweiwel “Laksembörg Sitti”. Engersäits wéinst engem zolitte Groove, deen trotz der akustescher Ausféierung vu Legotrip ze gefale wosst – spréch de Public huet sech “bal” net méi op de Still gehal – an esou guer méi Pepp wéi d’Originalversioun hat, an anerersäits wéinst dem Featuring vum Corbi, engem vun den MCe vun De Läb, dee seng Wuertgewandheet an den Ëmstand, datt een och op Lëtzebuergesch rappe kann, net méi ze beweise brauch. Datt Lëtzebuergesch sech exzellent als Gesangssprooch eegene kann, wann ee se unzepake weess, huet de Serge Tonnar selwer och am Rescht vum versatile Programm gekonnt demonstréiert : sief dat mat engem verhaucht melancholeschen Touch op “Al Kollegen” oder engem dräistëmmegen a-capella Schluss vu “Klasseklon”.

Do dernieft sief awer och gesot, datt d’Lëtzebuergescht mam Serge Tonnar senge Gesangstexter eng gewëss Liichtegkeet kritt. Hie spillt dermat, gebraucht et mol méi, mol manner serieux. Déi sëlleche Wuertspiller, mä och de Culot een eemotiounsgeluedent Lidd op Lëtzebuergesch ze sangen, konfirméieren dat. Déi intimistesch Nummer “Futtis Loscht”, mam Serge Tonnar als eenzegem Museker op der Bühn, alleng hannert dem Piano, schwätzt dann och eben dës Thematik un. Do ass Rieds vun engem Land dat “ze kleng fir grouss Gefiller” ass an net emol Plaz fir säin, wéi hien et richteg erausjäizt “kitschegt Lidd” huet. Ee Statement, dee beréiert, wann och onbequem.

Onbequem ass dann och de Rescht vum Programm viru gaang, awer op eng méi locker Aart a Weis; manner an d’Häerz an an d’Séil gekuckt, mä dofir der Politik an de Leit mat hire Naupe méi genee op d’Fanger. “Kosovomoss” vum 2003 erschéngenen Album Legotrip ass wéinst der momentaner Flüchtlingsproblematik nach ëmmer aktuell. “Disnäland” schwätzt ähnlech Themen un. “Wann d’Cannabis grouss sinn” portraitéiert eng Koppel déi wéinst hirem Nowuess kaum nach Zäit fir sech huet a “Blumme vun der Tankstell” erzielt mat batterbéisem schwaarzen Humor d’Geschicht vun engem Mord. No esou vill Onbequemlechkeeten, iwwert 2 Stonne Musek an enger Zugab huet de Serge Tonnar sech dunn awer op de Wee Richtung “Belsch Plaasch” gemaach an den Inouï huet dono nach vun dem villen Applaus geschaalt, dee säin net méi a Fro ze stellende Succès och nach akustesch konfirméiert huet.

David Wolff

 

Serge Tonnar & Legotrip lieweg am Inouï 08., 09. & 10. Dezember 2011 – L’inouï Café-Concert – 20h.

www.tonnar.lu

 

Är Commentairen