Heiansdo gesäit een (wëll soen ech) de Bësch viru lauter Beem net. A Course ginn ech dacks gefrot, wéi ee Schreiffeeler bei ‚vir‘ an ‚fir‘ vermeide kéint. Meng Standardäntwert ass dann ëmmer, dass ee sech um Däitschen orientéiere muss. Wann d’Entspriechung do ‚vor‘ huet, da bleift den ‚v‘ och am Lëtzebuergeschen: virliesen (wéint vorlesen), virun (wéint voran), virstellen (wéint vorstellen). An analog fir den ‚f‘: dofir (wéint dafür), firwat (wéint für was). Wann een déi Regel net kennt oder ignoréiert, kënnt et dacks zu Verwiesselungen an zu heefege Feeler wéi déi heiten: firun, firdrun, firstellen, firgesinn, firaus, firgoen etc. Méi seele si Feeler ‚v‘ amplaz ‚f‘: virwat, dovir, heivir.

Mat der Gläichung vir = vor gëtt awer och eng gemeinsam lauthistoresch Basis implizéiert, no där sech lëtzebuergesch vir aus engem ‚däitschen‘ (am breeden historesche Sënn) vor entwéckelt hätt. Effektiv gesäit et awer esou aus, dass am gesamte Mëttelfränkeschen zu mëttelhéichdäitscher Zäit déi zwou alhéichdäitsch Prepositioune furi, dat sech zu dt. ‚für‘ entwéckelt huet, a fora, dat zu dt. ‚vor‘ ginn ass, zesummegefall sinn. Méi wahrscheinlech ass souguer, dass am Mëttelfränkesche an haut och nach am Lëtzebuergeschen alhéichdäitsch fora guer net existéiert hat. Dat heescht, dass mir éigentlech just eng Prepositioun fir/vir hunn, déi aus furi entstanen ass (mat folgendem ongeféiere Lautwee: furi > ëmgelaut füri > no Niewesilbenofschwächung füre > no Apokop für > no dem Verloscht vun ofgerënnte Palatalvokale fir).

An alen, méi oder manner lëtzebuergesche Source wéi de sproochlech héich-interessanten Ephemeriden des Palcidus Eringer vum Ufank vum 18. Jh. fënnt ee Sätz wéi nachmittags haben ihre hochwurden unserem hiesigen gericht die patentes fürgelesen, déi weisen, dass den ‚vor‘ als Prefix oder Prepositioun net existéiert hat.

Anescht wéi am Däitsche gëtt net tëscht für‘ an ‚vor‘ differenzéiert, ‚t gëtt streng geholl just een ‚fir‘ – an dat erkläert dann och déi heefeg Verwiesselungsfeeler beim Schreiwen. Wéi esou oft steet alles schonn am Luxemburgischen Wörterbuch (1950-1977):

fir und vir Praep.: «für» und «vor» — die im Ahd. unterschiedenen Praepositionen «furi»und «fora» sind im gesamten lx. Mundartbereich in der einen Lautform fi:r fi·ər (lok. phV. des Ostens fe·ər, des Nordöslings fir — unbetont auf dem gesamten Gebiet fər, im Osten fə·) zusammengefallen; das Luxemburgische teilt das Schicksal der niederdt. und eines großen Teiles der mitteldeutschen Mundarten; trotzdem wird in den beiden folgenden Artikeln unter Anlehnung an das deutsche Schriftbild fir/für und vir/ vor unterschieden.

‚t stellt sech d’Fro, firwat déi Lëtzebuerger Orthographie trotzdeem déi feelerufälleg Differenzéierung tëscht virfir bäibehält. D’Äntwert steet och schonn am LWB: ‚t ass natierlech wéinst der – och hei wierklech néideger? – Orientéierung un der standarddäitscher Schreifweis, déi wuel am Hannerkapp ëmmer matschwénge soll. D’Laut- a Wuertgeschicht weist jiddefalls an eng aner Richtung. Mee trotzdeem géif ech näischt änneren – never change a running system, wéi d’Informatiker soen.

Är Commentairen