Zu Schreibweise und Auswahl der Belege siehe die allgemeine Anmerkung am Ende des Textes.

Ewéi Hond a Kaz … esou ongeféier kann d’Bezéiung vum klenge David-Lëtzebuerg zu senge Goliath-Nopere beschriwwe ginn, wann een e Bléck op ´déi Ausdréck werft, an deenen d’Länner selwer oder hir Awunner virkommen.

Esou schéngt d’Revolutioun vun 1830 hir Spueren an der Lëtzebuerger Sprooch hannerlooss ze hunn. Ënnert dem belsche Regime konnt sech bal jiddereen Alkohol a besonnesch Branntewäi leeschten. Dofir gouf „belsch sinn“ zum Synonym fir ‚voll sinn‘ an am weidere Sënn och fir ‚tockeg sinn‘. D’Ausdréck „en as Däitschen a Welsche schëlleg“ an „en huet Däitsch a Welsch bedrunn“ sinn Zeie vun enger wéineg globaliséierter Welt, déi sech – vum lëtzebuergesche Standpunkt hir – op déi direkt Nopere limitéiert. Béid Bevëlkerungsgruppe kann een als Stellvertrieder vu Jänni a Männi verstoen. Wann e Lëtzebuerger engem Däitschen eppes schëlleg ass oder e bedréit, dann huet en et scho bal mat der Halschent vun der Welt ze dinn… Eise franséische Noperen bleift och näischt erspuert. Vun enger Fra ze behaapten, „hatt geet franséisch“ ass éischter e Kompliment, well et wëll een domadder soen, datt se sech moudesch kleet. Soubal sech deeselwechten Ausdrock op e Päerd oder eng Kou bezitt, hëlt en eng ganz aner Connotatioun un: e Véi „geet franséisch„, wann et seng viischt Féiss no bausse kéiert. A wann e Bauer behaapt huet, seng Kou „as franséisch„, da wollt en net domadder soen, datt se aus dem Nopeschland kéim, mä datt se un der Tuberkulos leit. A propos Krankheet: „D’englesch Kränkt“ war eng Ëmschreiwung fir d’Rachitis, en Iwwel, vun deem an der Zäit virun allem Kanner betraff waren. Vum Beräich vun der Landwirtschaft ofgesinn genéisst d’Grande Nation e beneidenswäerte Ruff. Esou kéint ee den Ausdrock „e lieft ewéi Gott a(m) Frankräich“ deiten. Besser geet et dach net!

Wa mer nach méi weit an d‘Welt kucken, da loossen sech och e puer bemierkenswäert Riedensaarte fannen. De gréissten europäeschen Inselstaat zum Beispill huet sech op dat Fachspezifescht spezialiséiert. „En halwen Englänner“ muss sech weder der britescher Kroun ënnerwerfen nach vun engem Illusionist an zwee gespléckt ginn. Et handelt sech ëm eng einfach Kräizungswäich, déi et dem Zuch erlaabt, vun engem Gleis an dat anert ze fueren. An do wär och nach „d’englesch Plooschter“ (op Däitsch: Heftpflaster) an „d’englescht Lieder“ (eng Aart Kottengsflanell). An och géint Süde kuckt een: wann ee fir ëmmer an éiweg fortgoung, sot een: „Äddi Welt, ech gin an Tiroul„.

L. Eires

 

Typ: verschiedene Typen
Quelle: LWB

 

LWB s.v.

belsch: 2) «betrunken» – en ass belsch. 3) «querköpfig, verkehrt» – […] unter belgischem Regime war der Branntwein billiger: aus den Vororten heimkehrende Spaziergänger waren daher leicht «belsch», wenn sie in der Hauptstadt anlangten.

däitsch: […] – en as Däitschen a Welsche schëlleg (er hat ungeheure Schulden) […] – en huet Däitsch a Welsch bedrunn (er hat jedermann betrogen).

franséi(se)sch: […] hatt geet franséisch […] – d’Päerd (d’Kou) geet franséisch […] – déi Kou as franséisch.

Frankräich: […] – e lieft ewéi Gott (der Vatter) a(m) Frankräich (ohne Sorgen).

englännesch, englesch: b) […] – englesch Plooschter […] – d’englesch Kränkt […] – englescht Lieder.

Eng(e)länner: 2)b) «doppelte Kreuzungsweiche» – en halwen Englänner (halbe Kreuzungsweiche).

Tiroul: […] – in dem Ausdruck: äddi Welt, ech gin an Tiroul.

Allgemeine Anmerkung:

In der Rubrik Sproch vum Mount des Projekts DoLPh werden luxemburgische Redewendungen allgemeinverständlich in 400-Wort-Artikeln erklärt. Die Schreibweise der Belege richtet sich nach der jeweiligen Orthographie in den Originaltexten und historischen Wörterbüchern, aus denen sie entnommen sind, und ist nicht an die reformierte neue Rechtschreibung angeglichen. Somit wird der sprachhistorischen Ausrichtung des Projekts Rechnung getragen und verhindert, dass vom Sprachgebrauch in älteren Quellen irrtümlich auf die Verwendung im rezenten Luxemburgischen geschlossen wird.

Är Commentairen