Chantier, Schantjen, Baustell & co.

Fir d’éischt sief drop higewisen, dass mer dës Daten an der éischter Schnëssen-Ronn mat Hëllef vun enger Foto vun engem Chantiersschëld an der dozougehéiereger Fro “Wourop weist dëst Schëld hin?” gesammelt hunn. Firwat sollt een dat extra erwänen? Als Äntwerten op dës Fro goufe souwuel déi “klassesch” an erwaartbar Bezeechnunge fir d’Plaz, wou gebaut/geschafft gëtt, genannt…

Ganzen Artikel

Onbekannt Source fir d’Lëtzebuergescht am 19. Joerhonnert opgedaucht

Mehr oder weniger zufällig bin ich im Sommer 2018 auf eine bislang unbekannte umfangreiche Quelle zum Luxemburgischen aus dem Jahr 1885 gestoßen: Im letzten Drittel des 19. Jh. dokumentierte der Löwener Philologe Pieter Willems (1840-1898) zum ersten Mal die Dialekte des Niederländischen (im heutigen Flandern und den Niederlanden). Dieses Corpus Dialectmateriaal Pieter Willems ist lange bekannt und…

Ganzen Artikel

 D’Aussprooch vu „Wochen“

22. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner Am Ganzen 939 Opnamen hu mir ausgewäert, fir ze ënnersichen, ob d´Schnëssen-Participanten an eiser App Wo[χ]en oder awer Wo[ɕ]en soen. Wéi ze erwaarde war, seet déi grouss Majoritéit Wo[χ]en a bei Wo[ɕ]en handelt et sech ëm eng regional Variant, déi nëmmen am Norde vum Land virkënnt, wéi op der Schnëssen-Kaart ze…

Ganzen Artikel

D’Variante vun „uruffen“

20. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner Hannert der Dierche vun haut verstoppt sech eng weider regional Variatioun – an zwar virun allem déi vun uruffen. An den 1304 Opnamen, déi mir eis ugelauschtert hunn, huet eis virun allem interesséiert, ob eis Participantë rouf oder ruff soen. D´Kaart mécht däitlech, dass ruff bal iwwerall am Land – mat…

Ganzen Artikel

Pech oder Pëch?

19. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner Haut kucke mir eis méi genau un, wat d´Schnëssen-Participantë bei enger Foto mat enger Tüb flëssegem Pech an d´App geschwat hunn. De Kéisdiagramm weist fir d´éischt emol, dass sech an den 931 Opnamen eng Partie Variante verstoppt hunn. Vir bäi mat iwwer 54% a gutt 21% sinn do natierlech an éischter…

Ganzen Artikel