Lëtzebuergesch lo als Sprooch an de spaCy-NLP-Tools

D’Lëtzebuergescht ass lo als Sprooch an d’spaCy-NLP-Tools opgeholl ginn. spaCy ass am Moment mat déi wichtegst Python-Bibliothéik fir d’Software-Entwécklung am Beräich vum automateschen Traitement vun der Sprooch. An dësem Beispill-Skript erklären ech déi Funktionalitéiten (Tokenisation, Lemmatisation, POS-Tagging), déi den Ament scho méiglech sinn an ouni groussen Opwand aner Programmer agebaut kënne ginn. Dës Funktionalitéite si…

Ganzen Artikel

Däerf ee säit iwwerhaapt soen?

Iwwer dëst klengt Wuert gëtt dacks gestridden: Däerf een iwwerhaapt säit – wat ganz offensichtlech däitsch ass – soen, oder huet ee besser, déi urlëtzebuergesch Wierder zanter oder zënter ze huelen? Mir als Fuerscher leeën eis do net direkt fest, mee mir kucke fir d’éischt emol, wat den allgemengen, aktuelle Sproochgebrauch eis iwwerhaapt weist. An…

Ganzen Artikel

Iwwert Rank, Rénk a Réng.

Am Kader vun der Datenerhiewung mat der Schnëssen-App wollte mir vun de Participante*ë wëssen, wéi si dat klengt, meeschtens ronn a gëllen, Schmockstéck nennen, dat een an der Regel um Fanger dréit an domat seng Zougehéieregkeet zu engem anere Mënsch weise kann. Dowéinst hate mir e Bild presentéiert a mir wollten de Singulier an de…

Ganzen Artikel

Hues de e Pabeiersnuesschnappech fir mech?

Änlech wéi bei Seechomes, Paiperlek oder Aperhoer gëtt dëse wichtegen Alldagsgéigestand mat enger Hellewull vu Variante benannt. An der Schnëssen-App hu mer also Nuesschnappech mat engem Bild ofgefrot a kruten 976 Äntwerten. An der globaler Verdeelung am Kéisdiagramm gesäit een, dass Nuesschnappech mat 80 % (781) d’Haaptvariant fir déi meescht Leit ass, deelweis och erweidert…

Ganzen Artikel

Huet den Noper an der Vakanz d’Blumme genat oder genätzt? – De Partizip Perfekt vun nätzen

Vakanzenzäit, dat ass net nëmmen d’Zäit, an där vill Leit sech op hiren Dramdestinatiounen erhuelen, ma et ass och d’Zäit vun de léiwen an hëllefsbereeten Noperen oder Kolleegen, déi sech dorëm këmmeren, datt Bréifkëschten net iwwerquëlle respektiv Planzen net verdréchenen. Belount gëtt dëse Service dacks mat enger klenger Opmierksamkeet (vun der Dramdestinatioun) vun der Säit…

Ganzen Artikel

Zahnpasta, Zännseef an de Brexit

An engem Interview am Abrëll huet de Lëtzebuerger Ausseminister d’Brexitverhandlunge mat Zahnpasta verglach. De Jean Asselborn sot an deem Kontext: “Das ist wie mit der Zahnpasta: Man bekommt sie sehr einfach aus der Tube raus, aber nicht mehr drin.” Dobäi stellt sech fir eis net nëmmen d’Fro, wéi hien op deen (net ganz onwitzegen) Verglach…

Ganzen Artikel

Sot Dir dacks oft oder oft dacks?

Dat klengt Adverb dacks féiert an Alldagsgespréicher oft zu laangen Diskussiounen. Mir wollten dowéinst erausfannen, wéi eis Schnëssen-Kommunitéit seet, an hunn dofir dat betraffent Wuert an e franséische Saz agebett – Ta soeur est géniale, elle raconte souvent les meilleures blagues! – an deem eis d’Iwwersetzung vum ‘souvent’ interesséiert. Soen eis Participante*ën also méi oft…

Ganzen Artikel

Wéi d’Fauscht op d’A(n)

Ier mer eis mam Haaptprotagonist vun haut, dem A(n) beschäftegen, nach eng flott kleng Info zum Idiom “Wéi d’Fauscht op d’A(n) passen”. U sech bedeit dëst, datt zwou Saachen esou guer net beienee passen. Vu datt dëse Sproch allerdéngs dacks ironesch benotzt gouf, huet sech och d’Bedeitung “ganz gutt zesummepassen” etabléiert. Gitt also Uecht, wann…

Ganzen Artikel