D’Luxemburgistik offréiert eng breet gefächert an interessant Palette vun disziplinären an interdisziplinäre Fuerschungsméiglechkeeten. Eng Hällewull vu linguisteschen oder literaturwëssenschaftleche Sujete waarde just drop, fir erfuerscht ze ginn.

Linguistik

Déi heite Lëscht, déi no an no erweidert gëtt, soll eng Ureegung si fir Fuerscher/innen a Studenten/innen. Wien am Kader vun enger akademescher (Ofschluss-)Aarbecht (och als Cotutelle mat enger auslännescher Universitéit) Intressi huet, iwwer ee vun den uewe formuléierte Schwéierpunkten ze fuerschen, oder wien eng eegen Iddi fir e Projet de recherche huet, ass gebieden, sech mam Peter Gilles ( peter.gilles@uni.lu ) a Verbindung ze setzen.

  • ethnographesch Étuden iwwert d’Méisproochegkeet (z.B. Struktur a Funktioun vum Code-switching, Sproochewiel bei onbekannte Gespréichspartner, Lëtzebuergesch op dem Aarbechtsmaart/am soziale Secteur)
  • Identitéitskonstruktioun duerch d’Sprooch(en) an an der Literatur
  • Méisproochegkeet a Liewensalter: Wéi verännern sech d’Sproochkompetenzen, -präferenzen an -astellunge mam Alter?
  • Aspekter vun der lëtzebuergescher Grammaire (ë.a. d’Klitiséierung vun den Artikelen: Wat ass méi korrekt – d’kleng Kanner oder déi kleng Kanner? )
  • Ausschaffe vun engem Valenz-Dictionnaire fir d’Verben (Sazbaupläng)
  • Developpéierung vu Material a Methoden am Kader vu Lëtzebuergesch als Friemsprooch (LaF) (z.B. Online-Ressourcë fir den Asaz am blended learning )
  • Phonetik/Phonologie (‚Schaukelmelodie‘, Entwécklungstendenzen am Lautsystem, Sproochsynthees…)
  • Norm a Variatioun (‚Forméiert sech eng – relativ – homogen an akzeptéiert Form vum Lëtzebuergeschen?‘, ‚Wéi entwéckelen sech d’lëtzebuergesch Dialekter am Éisleck, am Minette an op der Musel?‘)
  • Sproochgeographie/Dialektologie (z.B. Erweiderung an Aktualiséierung vum Digitalen Luxemburgischen Sprachatlas (LuxSA) )
  • ‚Vu Boden, iwwer Frieden bis Welter‘ – d’Geschicht, d’Struktur an déi regional Distributioun vun de lëtzebuerger Familljennimm
  • Sproochwandel (z.B. Changementer an der Sprooch op dem Radio zënter der Grënnung vum RTL …)
  • Lexikographie (z.B. Entwécklung vun engem Billerdictionnaire)
  • Computerlinguistik (Developpéierung vun engem balancéierte Sproochkorpus vum Lëtzebuergeschen)
  • Sprooch a sproochlech Kreativitéit vun de Jonk (z.B. op dem Schoulhaff, am Internet, an der Musek …)
  • Aflëss vum Lycée op déi verschidden Dialekter vun deene Schüler
  • Lëtzebuergesch an de Medien (Zeitung, Radio, Tëlee, Internet)
  • Aspekter vun der Sprooch- a Mentalitéitsgeschicht am 19. an 20. Joerhonnert
  • ‚Wie schwätzt Lëtzebuergesch – a kann awer keen Däitsch?‘
  • ‚Linguistic landscape‘ – de Sproochegebrauch op de Schëlter am ëffentleche Raum
  • Sprechen über Sprache(n) und über Mehrsprachigkeit (Alltagsdiskurse zu Sprache und Sprachen in mehrsprachigen Gesellschaften)
  • Entwicklung und Dynamik der Sprachgrenzen

Domaines de recherche sur les littératures au Luxembourg

Contact: Dr. Jeanne E. Glesener

  • Etude de l’émergence, de l’évolution et des variétés des différents genres littéraires au Luxembourg (roman, théâtre, poésie, essai)
  • Recherche sur l’histoire et le développement des littératures au Luxembourg
  • Médiatisation des littératures autochtones au Grand-Duché et à l’étranger
  • Trilittéralité, multilinguisme et interculturalité dans le/du champ littéraire luxembourgeois
  • Le propre et l’étranger : études d’affiliations, d’influences et d’orientations internationales des littératures luxembourgeoises
  • Recherche sur la réception des littératures au Luxembourg et le champ littéraire luxembourgeois
  • Littérature et migration
  • Vie littéraire : presse, institutions, cercles, revues, recherches scientifiques, prix littéraires, domaine de l’édition
  • Quelle(s) identité(s) pour les littératures luxembourgeoises ? Littérature trilingue, multilingue, mineure, seconde, régionale ?

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.