0 votes

Gudde Mëtteg,

wéi Dir ganz genau beschreift, gëtt et am Lëtzebuergeschen an dëse Verbcluster zimmlech vill Variatioun.

D’Caroline Döhmer aus dem ZLS huet sech genau mat dësem Thema an hirer Rubrik „Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch“ um Radio 100,7 beschäftegt. De Bäitrag fannt Dir hei. Hei fannt Dir u sech Äntwerten op all déi Froe, déi Dir gestallt hutt.

Mir hunn dës Variatioun och an der App Schnëssen ofgefrot, allerdéngs steet hei d’Auswäertung nach aus. Soubal mer dës Auswäertunge gemaach hunn, ginn déi natierlech och hei um Site publizéiert.

 

0 votes

Am Lëtzebuergesche gëllt generell:

kommen/sinn aus (der/dem) + Land – Ech kommen aus Däitschland. Ech kommen aus der Schwäiz.

kommen/sinn vu(n) + Uertschaft – Ech komme vun Diddeleng.

wunnen a(n) + Land – Ech wunnen a Frankräich.

wunnen zu + Uertschaft – Ech wunnen zu Paräis.

Hei gëtt et allerdéngs och vereenzelt Variatioun:

Ech wunnen a Lëtzebuerg / Ech sinn aus Island vs. Ech wunnen zu Lëtzebuerg / Ech komme vun Island. 

Wéi d’Beispiller weisen hängt dës Variatioun zum enge mat der Gréisst vum Land zum aneren awer och mat anere geographesche Charakteristiken (Insel) vum Land zesummen.

 

 

 

0 votes
In reply to: Et ginn / Et gëtt

Wéi Dir richteg observéiert hutt, gëtt et bei ginn als Existenzverb Variatioun am Lëtzebuergeschen. Dës Konstruktioun ass nach net wierklech erfuerscht, allerdéngs si mir hir och an eiser Schnëssen-App op de Grond gaangen. Wéi d‘Auswäertung weist, kënnt bei dësem Beispill et ginn (Leit)  souguer méi heefeg vir wéi et gëtt (Leit), woubäi et ginn (Leit) vu jonke Spriecher.inne méi dacks benotzt gëtt wéi vun eeleren. Dës apparent-time Analys kann als en Hiweis op Sproochwandel interpretéiert ginn, allerdéngs sinn hei nach weider Analysen néideg, fir dëst ze klären.

Generell schéngt et bei der Konstruktioun esou ze sinn, datt d’Verb ginn entweeder mam onperséinleche Sujet (Et [3.PS] gëtt [3. PS] zu Lëtzebuerg verschidde Reegelen) oder mam zweete Komplement (Et ginn [3. PPl] zu Lëtzebuergesch verschidde Reegelen [3. PPl])  numeruskongruent ass. Dëst kéint mat der Grammatikaliséierung vum Verb ginn zesummenhänkenGinn ass am Lëtzebuergeschen immens staark grammatikaliséiert, d.h. et iwwerhëllt vill Funtkiounen an der Grammaire. Sou gëtt dëst Verb am Lëtzebuergeschen och als Konjunktiv- a Passivauxiliar benotzt. Wéi schonn ugemierkt, ass hei weider Fuerschung néideg. Iwwregens: och wann déi zweet Konstruktioun am Standarddäitschen ongrammatesch ass, sinn esou Konstruktiounen och vereenzelt am Muselfränkesche beluecht.

Ofschléissend bleift deemno ze soen, datt béid Konstruktiounen am Lëtzebuergeschen immens heefeg sinnallerdéngs nach weider Analysen néideg sinn, fir méi iwwert dës Konstruktioun gewuer ze ginn. Am Bezuch op d’Korrektheet tendéieren ech dozou ze soen, datt béides richteg ass, ëmmerhi weisen d’Resultater, datt béid Konstruktioune fest am Sproochgebrauch vun de Spriecher.inne verankert sinn.

0 votes

Generell ass et am Lëtzebuergeschen esou wéi am Däitschen, datt d’Genuszuweisung zimmlech arbiträr ass a Genus a Sexus net ëmmer matenee korreléieren. Bei den Entleenungen ass et esou, datt de Genus bei franséischen (an däitsche  Wierder) an der Reegel mat iwwerholl gëtt, bei englesche Friemwierder allerdéngs de Default-Genus Maskulinum an net wéi am Däitschen Neutrum geholl gëtt (Bsp. das Smartphone (N.) vs. de Smartphone (M.)).  E klengen Iwwerbléck dozou fannt Dir hei.

Beim Beispill Päerd, dat Dir ugeschwat hutt, handelt et sech allerdéngs net wierklech ëm e Friemwuert. Och wann et seng Wuerzelen am Laténgeschen huet, ass et schonn am Alhéichdäitsche beluecht, enger Sproochstuf, aus där sech net nëmmen Neihéichdäitsch ma eeben och Lëtzebuergesch erausentwéckelt huet. Hei gouf de Genus deemno net aus dem Däitschen iwwerholl, ma ass mat deem am Däitschen identesch, well d’Wuert schonn a fréiere gemeinsame Sproochstufen existéiert huet.

 

0 votes
In reply to: Wat ass en Héigel?

D’Wuert kënnt aus dem Jéineschen an ass am Joseph Tockert sengem Dictionnaire iwwert d’Jéinescht (2003, 22 ënnert Héijel) als ‚Geck‘ erkläert. Et heescht zum Weideren: den Hegel flanzen = den Narren spielen. Et gëtt dobäi och d’Adjektiv héijelzech uginn an der Bedeitung ’närrisch‘.

Insgesamt ass et ee Wuert vun de sougenannte Routwelsch-(Gauner)-Sproochen an ass relativ wäit verbreet, vun der Lorraine bis bei de Rhäin (ënnert der Form Hegel) an enger Bedeitung ewéi ‚Idiot; Dummkopf‘. Weideres iwwert d’Etymologie vum Wuert kann ech Iech à présent leider net ginn.

Et misst een et wuel hautdesdaags op gutt Lëtzebuergesch mat Hännes oder Eefalt iwwersetzen.

  • Sam Mersch answered 5 Jahren ago
  • last active 5 Jahren ago
0 votes

Gudde Moien,

D’Etymologie vum Wuert Schank ass eng schéi germanesch an ass och an d’Indogermanescht weider nozevollzéien.

Dobäi ass d’Wuert mat dem Houdäitschen Schinken, mee och Schenkel an hinken verbonnen. Dës houdäitsch Formen, genausou wéi dat lëtzebuergescht Schank, si Formen, déi op eng indogermanesch Wuerzel (s)keng- ’schlamm goen‘ zréckgeféiert ginn. Datt een d’Semantik vun dëser Wuerzel sou usetzt, hänkt domadden zesummen, datt et am veedesche Sanskrit (enger vun deene méi eeleren indogermanesche Sproochen) och sou beluecht ass. Prinzipiell bezeechent et awer eng Aktioun mam Been, déi net een einfacht Goen ass.

Eist Wuert Schank huet awer eng aner bannegermanesch Bildung wéi dat houdäitscht Schinken, an ass vergläichbar mam englesche shank ‚Schank‘, awer och mam hollännesche schonk ‚id.‘ a mam alfrisesche skunka, sconck ‚id.‘ (neifrisesch skonk a schunk). Dat Wuert fënnt een an där Form wéi bei eis, also an enger Ofleedung vun der Verbalwuerzel ouni i-Ofleedung (a subsequenten Ëmlaut) awer och am Flamänneschen (schank), Plattdäitschen (schanke) an an de (germanesch-)skandinavesche Sproochen, woubäi hei d’Wuert awer warscheinlech geléint ass (vläicht aus dem Friseschen oder Plattdäitschen).

Et ass also e Wuert mat enger klorer germanescher Etymologie, woubäi d’Lëtzebuergescht hei, wéi och a villen anere Fäll, relativ archaesch ass.

(Hei nach en informativen Link zum Oxford Dictionary, wann hei och d’Informatioune relativ kondenséiert sinn. Zougang iwwert de proxy server vun der BNL.)

Mat beschte Gréiss,

Sam Mersch

  • Sam Mersch answered 5 Jahren ago
  • last active 5 Jahren ago
0 votes

Leider gëtt et bei dësem Wuert keng einfach oder gutt Etymologie. Wat awer kloer ass, ass dat et e Wuert ass, dat sou am ale rhäinesche Sproochraum virkomm ass, bis hannert Dortmund. Et kéint een sech hei eng Kontaminatioun vun de Verben huddelen a fautele virstellen, wat duerchaus méiglech wier, well eng änlech Semantik do ass.

Onkloer ass, ob et mat engem Schwäizereschen fuddeln (‚vill maachen wou näischt dobäi rauskënnt‘) oder dem Cronbergeschen fudeleg (‚labber‘) eppes ze dinn huet.

Ech ginn awer éischter dovunner aus, datt et ee vun deene Wierder ass, dat speziell am mëttel- an nidderdäitsche Sproochraum ze fannen ass, graff gesot, wat e bëssen de Lien vum Lëtzebuergeschen zum Platt an zum Hollännesche mécht, an zwar sou, datt den urspréngleche semantesche Lien eng Fatz war, änlech dem hollännesche feil.

Wéi genau, ass awer net ganz kloer, mee e Verglach mam Verbum feiteln am Pfälzeschen (‚boxen, stoussen‘) an am rhäineschen (‚fléiwen‘) leet awer eng wäitleefeg semantesch Verbindung mat der Fatz no. Eng kléng Fatz aus Stoff ass natierlech beweeglech (am Verglach zu grousse Stoffbunnen, sou wéi de Stoff am ganzen opgewéckelt ass). Et muss een sech also virstellen, datt et ëm d’Beweeglechkeet vun enger Fatz geet, déi hei als semantescht Motiv benotzt ginn ass, ee Motiv mat visueller Bedeitung, wat oft de Fall ass.

Deemno ass also een, dee fuddelt, een deen sech beweegt wéi eng wurreleg Fatz (am Wand), sou séier, datt een net alles erkennt an eventuell eppes komesch leeft. Een, deen an der Pfalz gefeitelt huet, war dann een, deen sech wéi beim Boxe séier beweegt huet, woubäi d’Wuert vun der Beweegung op den Akt vum Boxen iwwerdroe ginn ass. Een, dee beim Rhäin gefeitelt huet, dat war een, deen sech gedréint a gekéiert huet fir engem ze gefalen.

Leider musse mer et dobäi beloossen, well insgesamt déi germanesch Etymologie net ganz kloer ass, ausser datt et eppes mat der Fatz ze dinn huet.

  • Sam Mersch answered 5 Jahren ago
  • last active 5 Jahren ago
0 votes

Stëmmt! Dat kéint et sinn:

Grumm, Groum (lok. bisw. Gromm) M.: «Grummet» — bei dene wiisst de G. an d’Hee (faule Bauern) — sonst übtr.: de G. as duurch d’Hee gewuess (die jüngere Tochter hat vor der älteren geheiratet — cf. auch sub Gääss: an d’Gääss setzen) — en huet en Aasch wéi e Leilech voll G. (cf. auch d. folg.) — ee Fudder G. as esouvill wäert wéi zwee Fudder Hee — de G. as wéi d’Véierauerbrout, wann een e kritt, dann hëlt een en (die Grummeternte ist häufig durch Regenwetter gefährdet) — vom zweiten Grasschnitt heißt es allgemein: mer gin an de G., mer maache G. — E Gräppche gudde G. as en Äerbel Kléi wäert.

0 votes
In reply to: Brill

Eng Erklärung zum Brill kënnt dir an engem méi ale Post hei scho fannen.

0 votes

Dësen Numm hate mer effektiv an eisem Familiennamenbuch net traitéiert a wéi sech erausstellt, ass et rëm en Numm, deen net einfach ze etymologiséieren ass. Frëndlecherweis huet sech den Expert Cristian Kollmann e bëssen an d’Sproochgeschicht erageknéit a proposéiert déi folgend Etymologie. Villmools Merci, Chrëscht.


Der Familienname Waltener

Die Wortbildung von Waltener bereitet Probleme. Bei –en– kann es sich kaum um ein Infix handeln, also Walt-er > Walt-en-er, denn für dieses Phänomen müssten weitere Beispiele beigebracht und dessen Funktion erklärt werden. Der Familienname Waltener kann somit nicht direkt von Walter abgeleitet sein, aber auch nicht von dem Simplizium ahd. Walto, Waldo, da in diesem Fall im Mittelfränkischen, Niederfränkischen und Niederdeutschen aufgrund der unterbliebenen Tenuesverschiebung Formen mit d zu erwarten wären. Nun könnte man mutmaßen, dass es sich um eine Rückbildung zu Walter in Funktion einer Koseform handelt: Walt, entsprechend niederl. Wouter > Wout. Das auch außerhalb des tenuesverschobenen „Strenghochdeutschen“ vorkommende t ist lautgesetzlich aus d + h verhärtet worden, also nicht tenuesverschoben: Walther < Waldheri. Bei dem –en– könnte es sich um den schwachen Genitiv Singular ‘des Walt’ handeln. Aber wie kommt man dann von Walten auf Waltener? Eine Ableitung –er, etwa im Sinne ‘Leute des Walt’ wäre wenn schon wohl direkt von der unflektierten Form (Nominativ) Walt gebildet worden und hätte somit nichts Spektakuläreres als Walter ergeben. Auf jeden Fall ist mir keine Ableitung auf –er bekannt, die von einer Genitivform ausgeht.

Daher würde ich eine andere Spur verfolgen. Im angelsächsischen Raum gibt es recht häufig den Ortsnamen, meist Weilernamen Walton (woraus auch der gleichlautende Familienname und wohl auch Waltoner). Er stammt aus altengl. *walhtūn ‘nicht-germanische Einfriedung’, demnach mit germ. *walhaz ‘Nicht-Germane’ (woraus z.B. der Landesname neuengl. Wales und die Ableitung Welsh sowie das Adjektiv nhd. und lb. welsch < ahd. walhisk) und germ. *tūnaz ‘Einfriedung’ (woraus neuengl. town, niederländ. tuin, nhd. Zaun, lb. Zonk). Das Kompositum *walhtūn müsste bereits im Westgermanischen entstanden sein, denn es zeigt den Schwund des Vokals der Kompositionsfuge nach schwerer Silbe: *walha-tūn > *walhtūn.

Vielleicht konnte es auch im mittelfränkischen Sprachraum ein entsprechendes Kompositum geben, das, im Idealfall im Areler Land, zum Ortsnamen bzw. Weilernamen wurde? Die Bildung müsste identisch wie im Altenglischen gewesen sein, da im Althochdeutschen das t nach h nicht zu ts verschoben wurde (vgl. Tochter, Duechter, daughter < germ. *duhter). Ein ahd.-mittelfränkisches Toponym *Walhtūn konnte problemlos mhd. *Walten ergeben, woraus dann die Einwohnerbezeichnung *Waltener und schließlich der Familienname Waltener. Bei diesem Familiennamen würde es sich demnach um einen Herkunftsnamen und nicht um ein Patronym handeln.

Es wäre natürlich ein weiteres Erfolgserlebnis, wenn sich (im Areler Land?) ein verschollener Weilername Walten (frz. Wauton, Vauton, afrz. Vaulton, wa. Wåton) finden ließe. Auch Ingeldingen, Mahowald, Wanderscheid, Orwegen und Duvenede sind erst dank der Familiennamenforschung wieder zum Vorschein gekommen.

Cristian Kollmann

0 votes

Fir d’Etymologie vum Verb geheien kuckt hei am Sënn vu ‚plagen, hart behandeln, quälen, hundemässig behandeln, hudeln, kujonieren‘. D‘DWB huet nach eng méi ausféierlech Etymologie, déi den Ursprong beim semantesche Feld vu ‚vereenegen, sech bestueden‘ an awer och ‚vergewaltege‘ gesäit. Et ass domat zu enger Bedeitungsverschlechterung komm.

Eng Verbindung mam zu enger Sanskrit-Wuerzel hi- ass relativ onwarscheinlech, well den h am Sanskrit eng aner Entspriechung misst hunn (*k- oder *s-).

0 votes
In reply to: Wochendeeg

Wéi Dir richteg umierkt gi Wochendeeg als Substantiv groussgeschriwwen. Bei de Wierder „samschdes“ a „sonndes“ (wat souvill heescht wéi all Samschdeg resp. all Sonndeg) handelt et sech allerdéngs ëm Adverben, déi souwuel am Däitsche wéi och am Lëtzebuergesche klenggeschriwwe ginn.

0 votes

Gudde Mëtteg,

wéi Dir richteg beschreift, ass „Buedzëmmer“ ee Wuert, dat am Lëtzebuergeschen am Genus variéiert. Aus deem Grond hu mir dëst Wuert och an déi 3. Ronn vun eiser Schnëssen-App agebaut. Wa vill Leit aus dem ganze Land matmaachen, wäert et méiglech sinn, op Grond vun de Resultater eng Kaart z’erstellen an esou z’iwwerpréiwen, ob hei eng regional Verdeelung virläit oder net. Wann Dir also vill Leit kënnt, déi hei ënnerschiddlech soen, da motivéiert se bei der Schnëssen-App matzemaachen. (Hei op eisem Site fannt Dir och e puer Informatiounen zu der App.)

Wou dës Variatioun hierkënnt, ass schwéier ze soen. D’Pist, déi dir beschreift, ass do eng Méiglechkeet. Denkbar ass awer zum Beispill och, dass dës Variatioun duerch d’Konkurrenzvariant vun „Zëmmer“, der „Kummer“ kënnt. A béide Fäll stellt sech awer d’Fro, firwat déi aner „salles“ resp. „chambres“ net variéieren – firwat also nëmmen d‘ „salle de bain“ resp. d'“Kummer“ en Afloss op „Buedzëmmer“, net awer „chambre à coucher“ resp. „Kummer“ op „Schlofzëmmer“ huet.

Also: 1. Jo, Buedzëmmer variéiert an ass dowéinst och mat zwee Genussen am LOD verzeechent. 2. Wa genuch Leit aus dem ganze Land bei der 3. Ronn vun der Schnëssen-App matmaachen, wäerte mir iwwerpréiwe kënnen, ob et eng regional Verdeelung gëtt. 3. Vu wou d’Variatioun kënnt, ass net eendeiteg ze klären.

0 votes

Generell ass et esou, datt de Genus bei Lännernimm net markéiert gëtt.

Bsp: Lëtzebuerg läit an Europa.

Wann e Genus markéiert gëtt, ass dat an der Reegel den neutralen.

Bsp: Dat klengt Lëtzebuerg.

Hei ginn et awer eng Rei Ausnamen an dat sinn all déi Lännernimm, déi a Begleedung vun engem Artikel opdauchen. Dozou gehéieren och déi Lännernimm, déi Dir ugemierkt hutt: d’Belsch (w.) an de Kongo (m.). Aner Beispiller wieren och nach: de Vatikan (m.), d’Schwäiz (w.), de Senegal (m.) oder d’Republik Kongo (w.) asw. Da ginn et schliisslech och nach Lännernimm, déi ëmmer vun engem Artikel am Pluriel begleet ginn, wéi z.B. d’Malediven.

 

Also: Lännernimm ouni Artikel hunn neutrale Genus, dee gëtt awer nëmme seele markéiert. Ausname sinn all déi Lännernimm, déi a Begleedung vun engem Artikel virkommen.

0 votes
In reply to: Den Hues

Gudde Moien,

meeschtens a bal iwwerall gëtt den Hues eben als Hues bezeechent, oft dann och mol an enger aner dialektaler Variant.

Den Henri Klees huet awer och a sengem Buch zu den Luxemburger Tiernamen (1982) all méiglech aner Bezeechnunge fir den Hues gesammelt. Dorënner fannt der zum Beispill (op der Säit 63) (d’Orthografie ass hei gréisstendeels déi aus der Publikatioun vum Här Klees):

Bamschieler oder Beemschieler, Duckelchen oder Duckeler, Kabesdéif, Langur (zu Wuelessen);  Männchen: Bock, Huesemännchen, Rammeler a Ritt;

An dann nët ze vergiessen de Lampert am Rénert.

0 votes

All flektéiert Wuertform bleift beim Schreiwen onverännert, egal wéi a wou am Saz se steet. Also ëmmer: kënnt. Beim Schwätze kënnen natierlech all méiglech Assimlatiounen optrieden, déi awer net Deel vum Orthograph sinn.

0 votes

Gudde Moien,

schléit een d‘Luxemburger Wörterbuch (LWB) op, fënnt een ënnert dem Wuert „hien“ den Hiweis, datt d’Form „hen“ an der Muselregioun gebraucht gëtt. Zudeem ass ze liesen, datt d’Form „heen“ am nërdleche Guttland an „hän“ am Norde vum Éislek virkënnt.

D’Kaarten aus dem Luxemburgischen Sprachatlas (LSA)vermëttelen hei en ähnlecht Bild. A Bezuch op d’Form „hen“ gëtt hei tëscht betountem  an onbetountem „hen“ ënnerscheet, woubäi aus der Kaart erauszeliesen ass, datt déi betount Form un der Musel an déi onbetounten an éischter Linn am Nordosten ze fannen ass. D’Kaart ënnersträicht deemno d’Bild, dat am Dictionnaire gezeechent gëtt.

Zu der Konjunktivform vu „ginn“, déi Dir uschwätzt, ass am LWB leider näischt ze fannen. Allerdéngs gëtt et och hei erëm eng Kaart am LSA. Dës weist, datt „giefen“ am südëstlechste Wupp vum Land beluecht ass, awer och vereenzelt (allerdéngs immens seelen) och soss am Guttland nogewise ka ginn.

Vu datt et sech beim LWB a beim LSA ëm eeler Beschreiwunge resp. Ofbildunge vum Lëtzebuergeschen handelt, stellt sech op dëser Plaz d’Fro, ob dës Form och am haitege Lëtzebuergesch nach eng Roll spillt. Dës an natierlech och nach vill weider Froen, kënnen an Zukunft mat Hëllef vun den aktuellen Daten, déi duerch d’App „Schnëssen“ gesammelt ginn, beäntwert ginn. Soubal et heizou Erkenntnisser ginn, informéieren ech Iech ganz gär doriwwer.

 

De Beitrag aus dem Luxemburger Wörterbuch kënnt Dir hei noliesen

D’Kaarten aus dem Luxemburgischen Sprachatlas fannt Dir hei (Kaart 44 an 174)

0 votes

Et ass effektiv esou, datt am Lëtzebuergesche virun der Kombinatioun Adjektiv + Substantiv schwaach Artikelen dispreferéiert a staark Artikelen (definitit oder ondefinit) preferéiert ginn:

Nom. / Akk.: deen / een  alen Hues

                       dat / een aalt Päerd

                       déi / eng al Kou

Dat.:               deem / engem alen Hues

                       deem / engem ale Päerd

                       där / enger aler Kou

 

Dëst bedeit allerdéngs net, datt schwaach Artikelen an dëse Konstruktioune net benotzt dierfe ginn. Bei den / en alen Hues handelt es sech duerchaus ëm akzeptéiert Formen.

Wichteg ass, datt et sech hei ëm eng Ënnerscheedung tëscht staarken a schwaachen Artikelen an net tëscht schwaachen (désaccentuéierten) Artikelen an Demnonstrativartikelen handelt. De Paradigma vun den Demonstrativartikel ass folgenden: Nom/Akk: dësen, dëst, dës, dës / Dat.: dësem, dëser, dësen

 

Firwat gëtt et dës Preferenz?

Do lount sech e Bléck an déi däitsch Sprooch .

Prinzipiell ass et esou, datt staark flektéiert Adjektiver Definitheet ausdrécken. Dëst huet seng Wuerzelen am Alhéichdäitschen, wou den System vun den Artikelen nach net fäerdeg entwéckelt war a soumat dës grammatesch Kategorie net mat Hëllef vun eben dësen Artikelen ausgedréckt konnt ginn.  Aus dësem Grond kann d’Kombinatioun staark flekt. Adjektiv + Substantiv u sech och ouni Artikel also engem Determinéirer stoen: guter Wein. Mat engem schwaach flekt. Artikel brauch et allerdéngs en Artikel: ein/der gute Wein. Am éischte Fall dréit also d’Adjektiv déi grammatesch Informatioun, wougéint am zweete Fall den Artikel dat iwwerhëlt. Am Lëtzebuergeschen ass et esou, datt déi Ënnerscheedung tëscht staarker, schwaacher a gemëschter Flexioun esou gutt wéi ofgebaut aus. Dat bedeit also, datt d’Adjektiv déi grammatesch Roll, déi et am Däitschen iwwerhëlt, net méi spille kann ( gudde Wäin – en/de gudde Wäin). Fir Definitheet auszedrécke brauch et am Lëtzebuergeschen also en Artikel an am beschten ee staarken, well eben dësen accentuéiert an definéiert.

Datt den Accent an der Grammatik esou staark op Neutrum, Femininum a Pluriel geluecht gëtt, huet domat ze dinn, datt de schwaachen Artikel d’ immens wéineg Substanz huet. Dëst verhënnert, a méi eendeiteger Weis, wéi beim schwaachen den, datt en als Determinéirer fungéiere kann.

Dowéinst geet engem den alen Hues och einfach iwwer d’Lëpsen, d’alt Päerd oder d’al Kou allerdéngs manner.

Fir also op Är Fro ze äntweren:

Strenggeholl ginn et keng Reegelen, déi uginn, wéini an dësem Fall e staarke bzw. ee schwaachen Artikel benotzt muss ginn. Staark Artikelen an dëse Konstruktiounen ze benotzen, virun allem, wann et sech em Netura, Feminina oder Pluriellen handelt, kann awer duerchaus als Recommandatioun ugesi ginn.

0 votes

Gudde Mëtteg,

 

Beim Hausnumm ‚Éimjes‚ ass net dovunner aus ze goen dat et vum Adjektiv ‚éimech‚ hir ze leeden ass, dat aus semantesche Grënn. Siichenhaiser gouf et zwar genuch, mee wahrscheinlech net an all Duerf. Och ass mir keent bekannt dat en Numm mat deem Adejektiv huet. Et läit vill méi no dat den Numm vum ale Wuert fir Monni hierzeleeden ass, an zwar Éim oder och Éimchen. Oft huet dat och einfach en eelere Mann bezeechent.

Beim Éim handelt et sech em een erierftent germanescht Wuert (eventuell ze rekonstruéieren als *awa-heima-) an enger Bedeitung ‚déi eeler Persoun déi ee kennt‚. Geduecht dobäi ass oft de Grousspapp oder de Monni. etc. (kuckt hei).

Eist modernt Wuert ‚Monni‘, genau sou wéi houdäitsch ‚Onkel‘, kënnt iwwregens aus dem Franséischen. Am Rénert kënnt der d’Wuert nach (ganzer 54 Mol) an der Form ‚Monnocnk‘ (fir ‚mon oncle‘) fannen.

Mat beschte Gréiss,

 

Sam Mersch

0 votes

Gudde Mëtteg.

(Déi kuerz Versioun fannt Dier ganz ënnen.)

Et handelt sech beim Wuert glëschtereg (schneekeg) em eng Adjektiv-Derivatioun vum Wuert Gloscht.

Bei Gloscht (houdäitsch Begierde) läit eng eng Bildung vun engem Kollektivum ob ge- (alhoudäitsch nach gi-) fir, woubäi de Prefix zimlech oft fir kënnt an de kontinental-westgermanësche Sproochen a sou gutt wéi ëmmer op eng Compilatioun vun alle méigleche lexikalesch relevante Glidder hindeit. Et ass dat selwecht ewéi an houdäitsch Gebirge, dat eng Kollektioun vun alle Bierger an engem spezifesch lokal begrenzte Raum bezeechent.

Den zweeten a semantesch relevanten Deel vu Gloscht ass dann Loscht. Gloscht stellt bezeechent also do eng Kollektioun vun alle méiglech Instanzen eng Loscht ze empfannen. Interessant ass den Ënnerscheed zum Houdäitsche hei, dat Gelüste heescht. Déi selwecht Form misst dann op Lëtzebuergesch Glëscht heeschen. Et ass awer hei eng alternativ Form ouni Umlaut (eng Vokalverännerung) unzesetzen déi schonn mëttelhoudäitsch beluecht ass (als g(e)lust, kuckt hei). D’Lëtzebuergescht weist hei eng aner Interpretatioun vun deem Kollektivum an deem et d’Wuert an de Singulier setzt. (Am Houdäitschen gi sou Bildunge vu Kollektiva an de Pluriel gesat.)

Méiglech ass dat glëschtereg op eng Bildung mat engem –ari– Suffix zréck geet, woubäi dëse Suffix benotzt ginn ass fir en Agens ze kreéieren, also fir déi Persoun ze beschreiwen déi enger Handlung nogeet. Dee leschten Deel vu glëschtereg ass just eng einfach Adjektiv-Derivatioun.

Fir et kuerz ze halen ass glëschtereg vun der Etymologie a senge morphologeschen Elementer sou ze charakteriséieren:

am Zoustand sinn vun engem deen aktiv eng Usammlung vu multipelle Loschtgefiller verspiert„,

einfach gesot: „Loscht hunn op eppes Onspezifesches„. (Onspezifesch ass et doduerch dat et d’Gesamtheet u Loscht bezeechent).

 

Mat beschte Gréiss,

 

Sam Mersch

Showing 1 - 20 of 113 results