Ech wollt froen ob et nach en aneren Numm gëtt fir den Hues? Sou wei de Kéisécker fir den Igel z.B.?
- Jessica asked 12 Monaten ago
- last edited 12 Monaten ago
Gudde Moien,
meeschtens a bal iwwerall gëtt den Hues eben als Hues bezeechent, oft dann och mol an enger aner dialektaler Variant.
Den Henri Klees huet awer och a sengem Buch zu den Luxemburger Tiernamen (1982) all méiglech aner Bezeechnunge fir den Hues gesammelt. Dorënner fannt der zum Beispill (op der Säit 63) (d’Orthografie ass hei gréisstendeels déi aus der Publikatioun vum Här Klees):
Bamschieler oder Beemschieler, Duckelchen oder Duckeler, Kabesdéif, Langur (zu Wuelessen); Männchen: Bock, Huesemännchen, Rammeler a Ritt;
An dann nët ze vergiessen de Lampert am Rénert.
- Sam Mersch answered 12 Monaten ago
Please login first to submit.