Vu wou kënnt eigentlech den Ausdrock „ënner aller Klarinett“?
- Urbé Simone asked 7 Jahren ago
- last edited 7 Jahren ago
Ënnert aller Klarinett.
Eng Äntwert dorobber, wou dëse Phrasem hierkënnt, ass leider alles anescht ewéi einfach, mee hei awer emol e klengen essay étymologique.
Fir d’éischt emol kucke mer eis d’Geschicht vun der Klarinett un. Dëst Instrument huet zwar relativ al Virleefer (dorënner notamment de Schalmei, oder Chalumeau, do wou och eist Wuert Schallimo hierkënnt; dir kënnt dozou eng Kéier an den franséischen etymologeschen Dictionnaire erakucken). D’Klarinette an ongeféier där Form, wéi mir se kennen, ass awer relativ jonk (em d’18. Joerhonnert). De Virdeel vum Instrument war, datt et relativ genau an der Intonatioun war, mee virun allem awer och haart a relativ einfach ze spillen. De klore Klang vun der Klarinett (am Verglach zu aneren Instrumenter) huet och bei senger Popularitéit gehollef an d’Klarinett ass och schonn zimlech séier an d’klassescht Orchester opgeholl ginn. Heizou kënnt Dir z. Bsp. hei, hei, hei oder hei kucken.
Lo zum Ausdrock ënnert aller Klarinett. Op eng schlecht Konnotatioun vun der Klarinett ze schléissen ass schwéier, virun allem, wann e bedenkt, datt dat Instrument sech wierklech séier duerchgesat huet, souguer am klasseschen Orchester. An et gëtt jo och ee Phrasem am Lëtzebuergeschen, dat d’Klarinett als eppes Produktives a Guddes duerstellt: et geet ewéi eng Klarinett (dozou hei den WLM).
Interessant sinn awer d’sinnbildlech Parallellen, déi een an anere Phrasemer fënnt, notamment ënnert aller Sau, op däitsch unter aller Sau, awer och unter aller Kritik. Bei dëse Phrasem ass d’Moosseenheet dat, wat ausschlaggebend ass. Unter aller Sau huet nämlech näischt mam Schwäin ze dinn, mee geet op een ale jiddischen Ausdrock vun engem Mooss zréck (kuckt zum Beispill mol hei). Et ass also kloer, datt dës Phrasemer op ee bëllege Präis uspillen. Wa fréier eppes ënnert aller Sau war, dann huet dat geheescht, datt et sou bëlleg war, datt ee mol net dofir bezuele konnt oder sollt.
Ech huelen un, datt déiselwecht Iddi hannert ënnert aller Klarinett stécht. Dofir muss een allerdéngs eng volleksetymologesch Ëmbildung unhuelen. Eng Volleksetymologie nennt een dee Phenomen, wann de Volleksmond ee Wuert net méi vun der Hierkonft hier erkennt, an et dann sou ëmdréint, fir datt et no eppes Bekanntem kléngt.
Wann ech dat also bei ënnert aller Klarinett unhuelen, da muss ech eppes fannen, wat vum Sënn hier passt. Als friemt Wuert hunn ech näischt fonnt, wat wierklech passe kéint, dofir bleift da wéineg iwwreg ewéi eng rekonstruktiv Etymologie.
Am LWB steet, datt et nieft der normaler Form Klarinett, nach eng Iechternacher Variant Glarinett gëtt. Nieft der Bedeitung als Museksinstrument, steet do awer och nach Folgendes (och mat der Referenz op dat Wuert Eecheglarnetten):
2) im Pl. Klarinetten, übtr.: «Äste von gefällten Eichen, als minderwertiges Brennholz» — in Echt. dafür auch: Eicheglarnetten, Radetten.
Et schéngt, wéi wann sech do Semantike phonologesch ugepasst hätten. Wann een dann also vun engem separate Wuert Glarnett ausgeet, da kann een et aus dem Alhoudäitschen hierleeden. An zwar wier dat dann eng Kompositioun vun de Wieder gi-lari ‚Wunneg, Zëmmer, Hütt‘ an meta f. ‚Loun, Präis‘ (modern däitsch Miete). Dat Wuert gëtt et an houdäitschen Dialekten, esou wéi am Oberhesseschen (gelärr) an am Éisträicheschen (glâr ‚Plaatz‘). Dat alhoudäitscht gi-lari kënnt wahrscheinlech vum Adjektiv lâri ‚eidel‘ (modern däitsch leer) an deit dorobben hin, datt ee Bësch ofgeholzt, also eidel gemaach ginn ass. Dovunner géing dann och déi éisträichesch Bedeitung iwwert eidel Platz zu einfach Platz hierkommen. Dat Holz, wat dobäi gewonne ginn ass an net ëmmer vu gudder Qualitéit muss gewiescht sinn, konnt dann och d’Bauholz allgemeng an dann och d’Hütt, déi doraus op der eideler Platz gemaach ginn ass, bezeechnen. Kuckt dozou an de Grimm-Dictionnaire, an den alhoudäitschen Dictionnaire, oder an d‘Etymolgisches Wörterbuch des Althochdeutschen (5, 1046)
Deemno wier dann aus *glari-meta ee Wuert Glarnett entstanen, dat just am Iechternacher sou weider lieft a fir de Rescht vu Lëtzebuerg am Sproch zu Klarinett ëmgeformt géing wier.
Den Ausdrock ënnert aller Klarinett géif dann dobäi dorop uspillen, datt eppes sou bëlleg ass, datt et esou guer méi bëlleg ass ewéi de Präis vum bëllegste Bauholz.
Mat beschte Gréiss
- Sam Mersch answered 7 Jahren ago
- last edited 7 Jahren ago
Please login first to submit.