0
0

Ass et richtig, wéi ech et am Gefill hun, datt emmer méi Letzebuerger, haptsächlech am Minett an Gutland wou gebrauchen aplaats déi?

Beispiel:

  • Déi Woleken, wou aus Westen kommen.
  • Déi Texter, wou mer gelies hun.

Merci fir Är Äntwert.

0
0

Dat Phänomen, wat Der hei uschwätzt, bezitt sech op d’Aleedung vu Relativsätz am Lëtzebuergeschen. Nieft den „normalen“ Relativpronomen (deen, déi, dat) hu mer och nach d’Méiglechkeet, ‚wou‘ ze benotzen. Et ass awer éischter eng grammatesch resp. stilistesch Variatioun, sou dass et net onbedéngt mat bestëmmte Regiounen am Land ze verbannen ass.

Déi Beispiller, déi Dir hei genannt hutt, sinn effektiv Spezialfäll, well ‚wou‘ an deene Fäll e Bezuch op Saachen duerstellt (Texter, Wolleken). Mir begéine meeschtens Fäll, wou (!) ‚wou‘ e lokale Bezuch hierstellt:

  • Ech sichen en Hotel, wou och Hënn erlaabt sinn. (‚wou‘ am Sënn vun ‚an deem‘)

Dee lokale Bezuch dehnt sech och op zäitlech Aspekter aus (Raum an Zäit sinn oft metaphoresch verbonnen):

  • Mir liewen an enger Zäit, wou alles ëmmer séier muss goen. (‚wou‘ am Sënn vun ‚an där‘)

Lo fënnt een am Lëtzebuergeschen awer eben och Beispiller mat Bezuch op eng Persoun oder Saachen, d.h. Fäll ouni lokalen oder temporale Bezuch. Am lëtzebuergeschen Chat (tëscht 2002 an 2005) konnt een oft liesen:

  • Ass hei e léift Meedchen, wou chatte wëll? (‚wou‘ am Sënn vun ‚dat‘ oder ‚wat‘)

Ville Leit leeft et kal de Réck erof, wann se esou Sätz liesen. Ech ginn awer dovunner aus, dass déi Sätz mat ‚wou‘, déi ech am Ufank genannt hunn (mat der lokaler resp. der temporaler Bedeitung) an eiser Sprooch fest etabléiert sinn an vun all Spriecher akzeptéiert ginn. Et ass awer gutt méiglech, dass sech de Beräich vum ‚wou‘ op aner Elementer (Persounen, Saachen) lues ausdehnt.

An Däitschland ginn et tatsächlech munch Dialekter, déi am Fong just de ‚wou‘ fir all Relativsaz benotzen. Dat Gebitt zitt sech ongeféier vu Südhessen bis an d’Schwäiz. Do fanne mer dann esou Sätz wéi:

  • Sie het-em de Brief gä, wo-er hät läse solle. (Si huet em de Bréif ginn, deen en hätt liese sollen.)

(dëst ass e Saz aus menger eegener Recherche zu de Relativsätz am Alemanneschen, aus engem Duerf 20 km nërdlech vu Freiburg im Breisgau)

An der Fuerschung gëllt ‚wo‘ als Relativpartikel (oder Relativadverb), well dës Form invariabel ass (am Géigesaz zu de Relativpronomen, déi ëmmer ugepasst musse ginn).

Wann ee sech eng Kéier de System ukuckt, ass et effektiv vill méi „einfach“, déi invariabel ‚wou‘-Form ze huelen.

Wann een elo e Relativpronomen benotzt (deen, déi, dat), muss een op zwou Saachen oppassen: Engersäits passt sech de Pronom am Genus (Mask., Fem., Neutr.) an Numerus (Singulier, Pluriel) deem Wuert un, op dat e sech bezitt. Anerersäits sti Pronomen och ëmmer an engem bestëmmte Kasus, deen da vum Saz (méi genee: vum Verb) ofhänkt. Dat kléngt alles immens komplizéiert, dofir hunn ech e klenge Schema gemaach: eemol mat engem Pronom an eemol mam ‚wou‘.

Relativsätz

Et wier also vill méi „einfach“, just de ‚wou‘ ze huelen, mee dee gëtt awer vu ville Leit als „net schéin“ oder „falsch“ empfonnt, och wann e bei verschiddene Relativsätz schonn am Sproochsystem etabléiert ass.

Am Prinzip huele mer den ‚wou‘ just dann, wann et ëm Raum- oder Zäitangabe geet. Am Zesummenhang mat Persounen oder Saachen ass de Gebrauch vun ‚wou‘ éischter eng stilistesch Variatioun, déi net vun all Spriecher gläichermoossen ugeholl gëtt.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.