0
0

Eng leschte Fro zum d-Apostroph: seng Ausprooch!

Den d-Apostroph ass e Phenomen, den net just d’Zongen vun Apprenanten verzweifele léisst, mä och mäi Gehir verwurrelt!

Trotz dem Uschäin, et hätt een et beim d-Apostroph ëmmer mat engem stëmmhaften Plosiv ze dinn, kléngt et fir mech heinasdo esou, datt dat net ëmmer de Fall ka sinn an datt z.b. beim Numm „Sarah“ den d-Apostroph virum stëmmhaften /s/ vu „Sarah“ bewierkt, datt den éischte Laut vun „d’Sarah“ eppes wéi e stëmmlosen /ts/ ass: de Numm also /tsa:ra/ ausgeschwat gët. Ech héiere jiddefalls kee stëmmhaften /z/-Laut – mä et ka sinn, datt ech net richteg ausschwätzen. Wéi verhält et sech hei generell mat d‘ viru Konsonanten? Wat sinn d’phonologesch Regele fir d’Aussprooch vum „d'“?

Eng Fro déi sech heirun unschléisst an déi ech mer nach ëmmer stelle muss: Ass den „d-Apostroph“ heinasdo just eng Abildung, méi taktil wéi auditiv?
Huet den d-Apostroph net einfach en rétardéierenden (oder soss een) Effekt op den Usaz vum nächste Laut ouni datt den „d“ selwer engem separate Laut entsprieche géing? Bewierkt den d-Apostroph vläit ganz einfach eng (allophonesch) Variatioun vum Folgelaut?

0
0

Dir hutt an Ärer Fro schonn op kompetent Manéier d’Haaptpunkte vun der Phonetik vum klitiséierten Artikel d‘ am Lëtzebuergeschen ugeschwat. Den d‘ ass eng Zort Chamäleon, deem seng phonetesch Substanz staark vum Kontext duerno determinéiert gëtt. An enger rezenter akustescher Etüd (Gilles/Trouvain 2015) ass erausfonnt ginn, dass d’Grondstruktur vum d‘ e laangen (geminéierten) stëmmlose Lenis-Plosiv ass: [d̥ː]. Dass den d‘ méi laang wéi en ’normalen‘ d ass, ass gutt ze héieren, wann een d’Iren mat Dieren vergläicht. Beim séiere Schwätze kann dës Extra-Längt vum [d̥ː] verluer goen. Wat d’Stëmmhaftegkeet vum Artikel ugeet, ass et esou, dass en eben éischter stëmmlos ass, wat gutt bei Är Transkriptioun [tsaːraː] passt, méi korrekt wier [d̥ːsaːʀaː].

 

Gilles, Peter, and Jürgen Trouvain. 2015. Closure durations in stops and grammatical encoding: On definite articles in Luxembourgish. In Proceedings of the 18th International Congress of Phonetic Sciences. Glasgow, UK: the University of Glasgow, ed. The Scottish Consortium for ICPhS 2015, Paper number 0762. Glasgow: University of Glasgow.
Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.