Léiwen InfoDesk, Wéini ass „fir“ bei „fir ze“ fakultativ? Et kann ee jo soen „Et ass Zäit fir opzestoen“ oder „Et ass Zäit opzestoen“, awer bei „Ech ginn dir e Bic fir ze molen“, kann ee „fir“ net ewech loossen. Wat ass hei genau d’Regel? Merci villmools, Liz
- Liz Wenger asked 9 Jahren ago
- last active 8 Jahren ago
Wann ech an engem Saz soll „datt“ oder „ob“ huelen, hänkt et jo dovun of, ob ech eng Äntwert/Informatioun brauch oder net hunn. Bsp.: Ech weess, datt den Zuch fort ass. Ech si mir net sécher, ob nach en anere kënnt. Mee wéi verhält et sech bei enger Fro? Bsp.: Ass et méiglech, datt… Wien weess, ob ..? Wéi kann een et an der Fro erklären, wéini een „dat[…]
- Christiane asked 9 Jahren ago
- last active 9 Jahren ago
Moien, Ech léiere säit engem Joer Lëtzebuergesch. Am Groussen a Ganze kënn ech d’N-Regel och applizéieren, mee ech verstinn net firwat am Fall vun „wann s du“ den n stoe bleift. Mäi Prof kount mir déi Fro leider net beäntweren. Ass dat eng Ausnam? Merci am Viraus!
- Iliya Hadzhipetkov asked 8 Jahren ago
- last active 8 Jahren ago
Am Géigesaz zum Däitschen schéngt et am Lëtzebuergeschen eng gewësse Flexibilitéit ze ginn, wat d’Positioun vun engem konjugéierte (resp. vu finite) Modalverb vis-à-vis vum Infinitivverb bannent engem ënnergeuerdneten Niewesaz (NS) betrëfft. Am folgende Beispill steet dat konjugéierte Modalverb hannert dem Infinitiv (sou wéi am Däitschen och): 1 De Proff sot, dass mir d’Ha[…]
- Ashwin Jean Schumann asked 5 Jahren ago
- last active 5 Jahren ago
ech kommen „aus“ engem Land, generell a gewéinlech Ausso. Et gëtt natierlech Ausnamen, mat Artikelen… Awer wéi heescht elo richtëg: aus Lëtzebuerg, aus Lichtenstein, aus Monaco oder vu Lëtzebuerg, …. wann et ëm d’Land geet? Natierlech aus der Stad! Gëtt et do eng Regel? Merci fir Är Hëllef.
- Daniel MADERT asked 5 Jahren ago
- last active 5 Jahren ago