De Puriel vu Blat 

 

An der 1. Ronn vun der Schnëssen-App hunn d’Participanten dräi verschidde Variante fir de Pluriel vu Blieder benotzt. Dobäi handelt et sech, wéi beim Bam ëm eng Variatioun, déi sech op d’Aussprooch vun engem Wuert bezitt. D’Variante si Blieder, Bleeder a Bliädder.

Op der Kaart erkennt een, datt d’Variant Blieder zwar bal iwwerall virkënnt, am Norden awer deelweis och net vertrueden ass. Hei spillt Bleeder déi méi grouss Roll. Bliädder kënnt immens seele vir a beschränkt sech op Veianen an nach dräi aner Uertspunkten am Norde vum Land. Geet ee vum Norden a Richtung Süden, huelen d‘Blieder-Nennungen ëmmer méi zou, woubäi schonn ënnert enger Linn, déi vu Veianen eriwwer op Réiden un der Atert verleeft, bal just nach Blieder ze verzeechne sinn.

 

E Grousse Merci un d’Participante vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.