De Pluriel vun Bic

 

De Pluriel vu Bic ass immens variabel. 3/4 vun de Participanten hu Bicker ma awer 21% Bicken respektiv e puer Vereenzelter Bics gesot. Net seelen ass Kugelschreiber awer och mat Füllfierder(en) oder Stëfter iwwersat ginn. Dës Variante sinn hei ënner Aner regruppéiert.

 

Geheit een e Bléck op d’Verdeelung no Alter, gesäit een, dass dësen en Afloss op de Gebrauch vun de Varianten huet. Eeler Leit benotzen éischte d‘-en-Form, woubäi déi bei de jonke Leit just nach wéineg virkënnt. Mat ofhuelendem Alter geet d’Zuel vunn den er-Pluriellsforme kontinuéierlech an d’Luucht. Den er-Pluriel schéngt hei also lues a lues den en-Pluriel ofzeléisen.

Och den s-Pluriel, och wann en immens seelen ass, ass eng Form, déi exklusiv vu ganz jonke Leit benotzt gëtt.

E Grousse Merci un d’Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.