Virschau op de Colloque interne vum 18. Oktober 2016

A sengem Virtrag nächsten Dënschdeg schwätzt de Christoph Purschke doriwwer, wéi däitsch Spriecher hir ënnerschiddlech Regionalsproochen ëmpfannen a beurteelen. Dobäi geet hien op d’Problematik an, wéi een esou eppes Subjektives ka methodesch ugoen a presentéiert Resultater dozou aus enger Froboustudie. Eng bësse méi detailléiert Beschreiwung zum Virtrag fannt Dir hei a senger Zesummefaassung, oder Dir kënnt –…

Virschau op de Colloque interne vum 11. Oktober 2016

Nächsten Dënschdeg presentéiert de Cyril Wealer seng Fuerschung zum Lieseléieren am méisproochegen Ëmfeld Lëtzebuerg. Dobäi freet hie sech, wéi gutt eng lëtzebuergesch Virbereedung op d’Liesen an de Spillschoule funktionéiere kann, wann d’Alphabetiséierung am éischte Schouljoer op Däitsch geschitt. Hien analyséiert dofir Daten, déi hien a verschiddenen Aufgabe mat Spillschoulskanner während 12 Wochen gesammelt huet.  …

Réckbléck: De Colloque interne vum 24.05.16: „Kleng Literaturen an Europa: Iwwerbléck vum Projet“

An hirem Virtrag huet d’Jeanne E. Glesener déi grouss Linne vun hirem Fuerschungsprojet Kleng Literaturen an Europa virgestallt. No enger Oplëschtung vun den Haaptfuerschungsfroen, Objektiver an Informatiounen zu der Ausféierung vum Projet, ass si op d‘Beräicher vun der Terminologie an Typologie agaangen. An engem drëtte Punkt huet si kuerz  de Bäitrag vun de klenge Literature…

Réckbléck: De Colloque interne vum 17.05.16 „Poetik vum Lëtzebuerger zäitgenësseschen Drama“

De Ian de Toffoli huet eis a sengem Virtrag d’Poetik vum Lëtzebuerger zäitgenësseschen Drama nobruecht. Hien huet mat enger Definitoun an engem historeschen Exkurs ugefaang, fir e Kontext ze schafen: D’Poetik, als Disziplin, ass d’Etude an d’Theoriséiere vun de verschiddenen Elementer vum Text, an d’Aart a Weis vun dären Zesummekommen, fir e gewëssenen Effekt ze…