Vu wou kënnt den Housecker?

Déi lëtzebuergesch Dictionnairë liwwere kaum Hiweiser iwwert d’Etymologie vun der Persounebezeechnung Housecker. D’LWB schreift just: Houseker, Housiker (Bock), Echt. Husiger (Bock), Husiger Man (dafür Stadtlux. alt Kibo) M.: 1) «Kinderschreck: Begleiter des hl. Nikolaus» — den H. hëlt dech a séng Hatt, stécht dech a säi Sak, hëlt dech op d’Hechel (Drohung an unartige Kinder); 2) «unwirscher,…

Ganzen Artikel

Master-Diplomiwwerreechung 2016

Leschte Freiden, de 25. November, war um Campus Belval déi grouss Master-Diplomiwwerreechung vun allen dräi Fakultéite vun der Uni Lëtzebuerg. Am groussen Auditoire vun der Maison du Savoir kruten e puer honnert Absolventen hiren Diplom iwwerreecht – dorënner och 10 Studentinnen a Studente vun eisem Master en Langues, Cultures et Médias: „Lëtzebuerger Studien“. Mir gratuléieren…

Ganzen Artikel

Virschau op de Colloque vum 29. November 2016

  An eisem nächste Virtrag gi mer eppes iwwert déi lëtzebuergesch Modalverbe gewuer. D’Caroline Döhmer beschäftegt sech a sengem Bäitrag ënnert anerem mat der Positioun vun de Modalverben am Niewesaz. D’Beispiller, déi a sengem Abstract genannt ginn, weise méi genee, wat een sech dorënner ka virstellen. Och den zweeten Deel vu sengem Virtrag iwwert d’Optriede…

Ganzen Artikel

Virschau op de Colloque vum 22. November 2016

Nieft der Produktioun vu de Vokaler am Lëtzebuergeschen ënnersicht d’Tina Thill och d’Aussprooch vu franséische Spriecher, déi Lëtzebuergesch schwätzen. E Verglach tëschent deene Produktioune liwwert beispillsweis Informatiounen iwwert d’Aussproochschwieregkeeten, mat deene franséisch Spriecher konfrontéiert ginn, wa se Lëtzebuergesch léieren. Nächsten Dënschdeg stellt D’Fuerscherin Resultater aus senger phonetescher Analys vir. D’Fuerschungsfroen an Ziler vu senger Aarbecht…

Ganzen Artikel

Virschau op de Colloque vum 15. November 2016

D’Tessa Lehnert stellt eis nächst Woch säin Thema vu senger Dissertatioun vir, déi et an der Psychologie schreift. Hatt erfuerscht den Afloss vun der Sprooch op d’Bewäertung vun enger Persoun. A sengem Abstract erkläert hatt méi genee, wéi seng Fuerschung ausgesäit.   The distinctiveness of language and nationality attitudes as two separable constructs influencing speaker evaluations…

Ganzen Artikel

Virschau op de Colloque vum 08. November 2016

Nächsten Dënschdeg schwätzt d’Sarah Martin iwwert e Phänomen am Lëtzebuergeschen, deen auslännesche Spriecher immens schwéier ze erklären ass. A senger Zesummefaassung gitt Dir méi doriwwer gewuer:   Hatt oder si – Genuszouweisung bei der Referenz op weiblech Persounen am Lëtzebuergeschen Wéini benotzen  d‘Spriecher hatt a wéini si, wann een am Lëtzebuergeschen op eng weiblech Persoun referéiert?…

Ganzen Artikel

Nei Smartphone-App: Lingscape

Eis nei App Lingscape ass intendéiert, fir d’Sprooch vun der ëffentlecher Beschëlterung ze erhiewen – Stroosseschëlter, Graffitien, Affichen, Beschrëftunge vu Butteker oder Restauranten etc. etc. D’Zil ass et, en Iwwerbleck iwwert d’Verdeelunge vu Sproochen am ëffentleche Raum ze kréien an awer och den allgemeng interesséierte Public an de Fuerschungsprozess ze integréieren. Jiddereen ass agelueden, Photoen,…

Ganzen Artikel