0
0

Verschidden Apprenante fannen et witzeg, datt mit Lëtzebuerger méi wéi ee Wuert fir „Hond“ hunn.
Mä vu wou kënnt dann eigentlech dat Wuert „Mupp“?
Ginn et aner Wierder an der lëtzebuergescher Sprooch, déi mat dësem Wuert an engem Zesummenhang stinn an vun denen den Ausdrock „Mupp“ ofgeleet ginn ass?

Am Däitsche gët et jo de (pejorativen) Ausdrock „Köter“, dee laut DWDS eng méiglech Substantivéierung vu ale Verbausdréck ass, déi hirersäits all irgendeppes mam Bille vum Hond ze dinn hun. (DWDS, Artikel „Köter“)
Gët et vu „Mupp“ am Lëtzebuergeschen eng ähnlech novollzéihbar Ofleedung?

P.S. Interessant, datt den normalerweis ganz niichternen, engleschsprochegen Online Etymology Dictionary mat Bléck op den engleschen Ausdrock „dog“ sech zu der expliziter Ausso hiräisse léisst, „the origin [of the word, A. S.] remains one of the great mysteries of English etymology“! (Etymonline, dog (n.))

Interessant awer net onbedéngt verwonnerlech ass dat Mysterium, wann ee bedenkt wéi laang den Hond scho mam Mënsch an alle Kulturreim zesummelieft. Vläit ass et am Lëtzebuergeschen net ganz esou schwéier, den Ursprung vum Wuert „Mupp“ erauszefannen?

  • Ashwin Jean Schumann asked 7 Jahren ago
  • last edited 7 Jahren ago
0
0

D’Wuert Mupp an seng Hierkonft sinn natierlech ganz interessant, allerdéngs muss een och soen, datt vill Sprooche méi wéi ee Wuert hunn, fir Hënn ze bezeechnen. Dobäi gëtt et awer ëmmer ee Lexem, dat dann eng neutral Semantik huet, woubäi anerer awer aner Bedeitungen nach zousätzlech droen.

Sou ass et och mat lëtzebuergesch Mupp an Hond.

Wann Der an d’Dictionnairen erakuckt, gesitt Der, datt Hond dat neutraalt Wuert am Lëtzebuergeschen ass. (Referenze ginn et zum Schluss vum Text)

Dobäi ass Hond sécher dat méi aalt Wuert, wourop ënner anerem den Ënnerscheed an der Morphologie tëscht Hond a Mupp (speziell bei der Pluralbildung), mee vill méi awer och seng Distributioun innerhalb vun de germanesche Sproochen hiweisen. Dat Wuert ass aus dem Indogermaneschen erierft (där Ursprooch, aus där ënner anerem och d’germanesch Sproochen, awer och d’Sanskrit, Griichesch a Latäin hierkommen).*

Wou awer genau dat Wuert Mupp hierkënnt, ass net sou einfach ze beäntweren.

Den LWB an de WLM setzen et zu houdäitsch Mops, wat eng speziell Hondsrass jo duerstellt. Etymologesch ass de Mops aus dem Hollänneschen (iwwert dat Nidderdäitscht) an d’Houdäitscht (an sou och an d’Lëtzebuergescht) komm. Datt den Numm vun der Rass ëmmer d’selwecht ass, ass een Indicateur, datt et sech ëm ee Lehnwuert (i.e. ee Wuert aus enger anerer Sprooch geléint) handelt.

D’Etymologie vu Mops ass allerdéngs och net ganz kloer, sou datt ech hei net weider drop aginn. Et sief awer gesot, datt déi gängeg Theorie ass, datt et een Ausdrock ass, fir der Rass hir Gesiichtsmusteren ze beschreiwen (an zwar, datt déi Hondsrass d’Baken hänke léisst). Et gëtt oft mam englesche Verb to mope zesummegestallt. Dat ass awer nëmmen eng Theorie vun e puer. (Méi kënnt Der an hollänneschen etymologeschen Dictionnairen noliesen, kuckt w.e.g. bei de Referenzen.)

Lëtzebuergesch Mupp huet och näischt mat héichdäitsch Mopp ze dinn, dat duerch d’Englescht aus dem Laténgesche kënnt.

Wann een d’Verdeelung am Westgermanesche kuckt, schéngt et op d’mannst zwee verschidden Etyma ginn ze hunn, déi zwar ähnlech geklongen hunn, awer verschidde Bedeitungen haten.

Ech optéieren dofir, datt lëtzebuergesch Mupp mat där Wierdergrupp Famill ass, déi d’Form vum Géigestand bezeechent. Sou sinn an deene meeschte Fäll ëmmer méi kleng, ovoïd, oft och mëll a kuscheleg Objeten oder Kierpere benannt ginn. Do géif dann och eise Mupp gutt drënner falen.

Zu där selwechter Famill géingen dann och d’Ofleedungen héichdäitsch moppelig a lëtzebuergesch mockeleg falen, woubäi een am Hollänneschen déi zwou Formen als Varianten zu enaner fanne kann.

De Kontrast tëschent Mupp an Hond kéint ee semantesch dann doduerch begrënnen, datt Hond dat neutraalt, net markéiert Wuert ass, a Mupp eben dat Wuert, dat positiv konnotéiert ass. Mir fanne jo bal alleguerte jonk Mippercher extra léif, an et kéint sinn, datt dëse semanteschen Niveau sech erweidert huet als allgemeng positiv Konnotatioun vun Hënn.

Iwwregens ass bzw. war dëst Wuert och an der Groussregioun bekannt.

Wann Dir gären nach méi Informatiounen hätt, zéckt net Iech bei mer ze mellen.


*(Insgesamt sinn déi eenzelsproochlech Fortsetzer vum Wuert *kwon– (i.e. Hond) ganz interessant, well villes nach onkloer am Beräich vun der Morphonologie ass. Bei Intressi kéint Dir mol am NIL (Nomina im Indogermanischen Lexikon) erakucken).

Referenzen:

LOD s.vv. Hond, Mupp

LWB s.vv. Hond, Mupp

WLM s.vv. Hond, Mupp

ePfeifer s.vv. Hund, Mops, Mop

Etymologiebank.nl s.vv. Mops, Mop (1), Mop (2), Mop (3), Mop (4)

Rhein. WB s.v. Mopp, Mupp

WB vum Institut voor de Nedelandse taal s.v. Mop

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.