Virschau op de Colloque interne vum 18. Oktober 2016

A sengem Virtrag nächsten Dënschdeg schwätzt de Christoph Purschke doriwwer, wéi däitsch Spriecher hir ënnerschiddlech Regionalsproochen ëmpfannen a beurteelen. Dobäi geet hien op d’Problematik an, wéi een esou eppes Subjektives ka methodesch ugoen a presentéiert Resultater dozou aus enger Froboustudie. Eng bësse méi detailléiert Beschreiwung zum Virtrag fannt Dir hei a senger Zesummefaassung, oder Dir kënnt –…

Ganzen Artikel

Virschau op de Colloque interne vum 11. Oktober 2016

Nächsten Dënschdeg presentéiert de Cyril Wealer seng Fuerschung zum Lieseléieren am méisproochegen Ëmfeld Lëtzebuerg. Dobäi freet hie sech, wéi gutt eng lëtzebuergesch Virbereedung op d’Liesen an de Spillschoule funktionéiere kann, wann d’Alphabetiséierung am éischte Schouljoer op Däitsch geschitt. Hien analyséiert dofir Daten, déi hien a verschiddenen Aufgabe mat Spillschoulskanner während 12 Wochen gesammelt huet.  …

Ganzen Artikel