Als Kand hu mär vun eisem Nonno eng Tut mat Klöppecher / Kamellen kritt.
Gëtt et dat Wuert iwwerhaapt (nach) ?
- Antoinette Terzer asked 7 Jahren ago
- last edited 7 Jahren ago
Gudde Moien,
mir ass d’Wuert Klöppecher net bekannt, mee et steet awer am Luxemburger Wörterbuch (Bd. 2 Sp. 390, hei ass ee Link: LWB s.v. Klëppercher) als Klëppercher. Als Variant ass och déi mam Suffix –el uginn, also Klëppelcher. Nom Dictionnaire ass et eng Zort Dragée mat Kümmel-Geschmaach. Vun der Form vum Wuert hir géing ech soen, datt d’Wuert primär awer allgemeng Kamell bedeit huet, vläicht vun der selwechter Wuerzel wéi eist Verb klappen. Vläicht kënnt d’Benennungsmotiv och vun der Form.
Dat Wuert Kamell gëtt et och am Däitschen, mee awer an enger oft pejorativer Bedeitung (alte / olle Kamellen als al Geschichten) (kuckt hei, am Duden oder op DWDS). Et ass eng Verformung vum Wuert Karamell a gëtt et sou bei eis a bis an de rheinesche Raum (mee och driwwer eraus). (Kuckt och am DWDS hei wéinst der Etymologie.)
Ech hoffen, dat konnt Iech hëllefen.
Mat beschte Gréiss,
Sam Mersch
- Sam Mersch answered 7 Jahren ago
- last edited 7 Jahren ago
Please login first to submit.