Ech versti leider net, firwat Boykott-Appell oder Kult-Haus mat Bindestréch geschriwwe gëtt.
- Strobel M-J asked 9 Jahren ago
- last edited 9 Jahren ago
An eiser Orthographie ass am Prinzip net wierklech festgeluecht, wéini Bindestricher an dëse Fäll gesat ginn. Se kënnen awer hëllefen, laang Wierder oder Wuertkombinatioune mat Friemwierder besser ze segmentéieren, d.h., dass et dem Lieser, awer och dem Schreiwer ënner Ëmstänn méi liicht fält, d’Wuert ze erkennen resp. däitlech ze maachen.
Bei dëse Beispillwierder kéint een sech allerdéngs och eng Schreiwung ouni Bindestrich virstellen. Beim éischte Wuert mécht de Bindestrich kee groussen Ënnerscheed, sou datt een en och gutt ewech ka loossen. Beim zweeten allerdéngs hëlleft déi Ënnerbriechung, d’Wuert besser ze segmentéieren. Béid Forme sinn awer an der Rei.
- Kulthaus vs. Kult-Haus
- Boykottappell vs. Boykott-Appell
Aner Wierder sinn ouni Bindestrich quasi net liesbar:
- Latte-macchiato(s)-Glas an éischter net Lattemacchiato(s)glas
Verschidde Wierder ginn och auserneen oder mat Bindestrich geschriwwen:
- Shopping Center vs. Shopping-Center
- Caroline Döhmer answered 9 Jahren ago
- last edited 9 Jahren ago
Please login first to submit.