Clibb oder Clubben – oder klibber mech!?

Och haut rëm e puer fussballeresch Auswäertungen, fir den F91 och vu sproochlecher Säit z’ënnerstëtzen. An der 2. Ronn vun eise Schnëssen-Erhiewungen an der App war de Saz ‚Die Fans der zwei Clubs sind aneinander geraten.‘ z’iwwersetzen a mir gräifen eis haut de ‚Club‘ an d“Fannen‘ eraus. Am Ganzen hu mer d’Iwwersetzunge vu méi wéi 600…

Ganzen Artikel

Zwee nei Froebéi an der App

D’Rentrée leeft op Héichtouren an et komme vill nei opreegend Erfarungen op een zou. Ma och an der Schnëssen-App gëtt et eppes neits an zwar ganzer 2 nei Froebéi. Deen een interesséiert sech fir d’Variatioun am Lëtzebuergeschen an den Astellunge vis-à-vis vun dëser, woubäi deen aneren de Fokus op sproochlech Preferenzen am Lëtzebuergesche leet. Ëm wat geet et? Zum…

Ganzen Artikel

Arbitter oder Schiidsri(i)chter?

Lo, wou dat historescht Spill vum F91 méi no kënnt, bitt sech och déi schéi Geleeënheet, sech déi lëtzebuergesch Wierder fir dee ‚Mann mat der Päif‘ méi genee ënnert d’Lupp ze huelen. Dofir hu mir rëm d’Opnamen aus eiser Schnëssen-App ausgewäert, wou mer am Ganzen Äntwerte vun 1104 Leit hunn. Wéi sou dacks huet d’Lëtzebuergescht…

Ganzen Artikel

Panech, Paangech & Co.

Wat mer all esou gär iessen, ass sproochhistoresch aus dem muselfränkesche pan + kuch entstanen, an huet am Lëtzebuergesche vun haut eng Rei Varianten ervirbruecht, déi iwwerdeems och eng regional Verdeelung opweisen. Iwwert d’Schnëssen-App konnte mer 870 Beleeger sammelen. D’Kaart féiert am Ganzen aacht Formen op, déi méi oder manner heefeg gebraucht ginn. Mat ca. 40% ass Panech am…

Ganzen Artikel

„D’Fra vun uewen handelt mat Ënnen, an de Mann vun ënnen handelt mat Uewen“

Dëst Wuertspill, dat schonn am Luxemburger Wörterbuch ënnert Ënn stoung, mécht mat där Variant spilleresch den Uz. Ënnen, ob mir se als Zopp kachen, an d’Zalot schneiden oder en Hamburger domat dekoréieren, an der kulinarescher Welt si se net ewech ze denken. Dowéinst hu mir 1318 Leit iwwer d’Schnëssen-App gefrot, wéi si dat Geméis nennen a koumen…

Ganzen Artikel

E Beispill fir Sproochwandel am Lëtzebuergeschen: De Partizip Perfekt vu „kafen“

Net seelen huet een et am Kader vu Variatioun mat esou enger ze doen, déi d’Endunge vu Wierder betrëfft. De Partizip Perfekt gehéiert och an d’Rei vun dëse Phenomener.   Géintiwwer sti sech hei kaaft a kaf bzw. kooft – kof  an k[ɔː]ft – k[ɔː]f. Geheie mir fir d’éischt ee Bléck op d’Kaart: Hei gëtt däitlech, datt kof/kooft eng nërdlech Variant ass, wougéint k[ɔː]ft…

Ganzen Artikel