Iwwer dat oranget Geméis: Muerten a Wuerzelen

Nodeems mir eis 1087 Opnamen zum Bild mam orangë Geméis ugelauschtert hunn, kënne mir Iech folgend flott éischt Resultater presentéieren:Et ginn 2 Haaptvarianten: Muert a Wuerzel. Muert ass vun insgesamt 62,2 % (n=669) vun de Leit gesot ginn a Wuerzel kënnt zu 28,1 % (n=302) vir. Déi aner 9,7 % verdeelen sech op weider Variante vu Muert (Morten, Murschten a Muurten), Karotten (1,4%), Duebelnennungen a vereenzelt aner…

Ganzen Artikel

Op e Kaffiskränzche mat der Tatta Margréit

Fir d’éischt zu de Croissanten, Aachtercher, Schockelasrullen & Co. Déi meescht Participanten hunn déi ernimmte Schneekegkeete Mëtschen genannt – fir genee ze si ganzer 72%. Nëmmen 19% soen dozou Kaffiskichelcher, woubäi och 4% déi zwou Bezeechnunge benotzt hunn. D’Verhältnis ass also kloer, et gëtt eng Haaptvariant an eng Niewevariant. Et ass och net esou, wéi wann ee just an enger…

Ganzen Artikel

Tëleecommande, Fernsteierung oder Knipser?

Och d’Auswäertung vun dem Bild „Tëleecommande“ huet immens spannend éischt Resultater bruecht. 43% vun de Variante sinn ‚Tëleecommande‘ ([təleː]commande), ‚Teeleecommande‘ ([teːleː]commande) oder einfach ofgekierzt ‚Commande‘, woubäi d“Teeleecommande‘, also d’Variant mat zwee laangen e-Vokaler hei kloer preferéiert gëtt. Zu 48% gouf den Objet um Bild ‚Fern(seh)steierung‘ (‚Fernsehsteierung‘ kënnt ëmmerhin 3 Mol vir), ‚Fernsteuerung‘ oder ‚Fernbedienung‘ genannt. Méi seelen,…

Ganzen Artikel

Schallimo + Stréihallem = Stréihallimo

Alles an allem (549 Opnamen) hunn 49% (271) vun de Leit ‚Schallimo/Schallümo‘ gesot an 43% (233) ‚Stréihallem/Strihallem‘ an eis App erageschwat. Doriwwer eraus hu 5% (27) béid Wierder genannt, 1% (8) hu ‚Stréihallimo‘ gesot; aner Varianten (2%, 10) hu mer ënner „aner“ (z.B. ‚Paille‘) am Diagramm zesummegefaasst.   Regional weist sech e méi oder manner kloert…

Ganzen Artikel

Freideg, Freiden, Fregdeg oder Freddeg?

Mir hunn eis dru ginn an als éischt Wuert de „Freideg“ ausgewäert.  Hei gesitt Dir d’regional Verdeelung vun de verschiddene Varianten. Am Ganzen hu mer bis elo 530 Äntwerte kritt, déi sech op sechs Haaptvariante verdeelen: Legend: Freideg: hellblo Freiden: däischterblo Freidig: orange Fregdeg: hellgréng Fregdig: däischtergréng Freddeg: rout Aner Formen: schwaarz (z.B. Freddig, Fregdes, Fraddig)…

Ganzen Artikel

Schnëssen – Är Sprooch fir d’Fuerschung

Wat ass ‚Schnëssen – Är Sprooch fir d’Fuerschung‘? Schnëssen ass déi éischt App, fir d’Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Egal, ob Dir nik, nit oder net sot, ob Dir oft séier oder dacks schnell sot –, mir a mär siche Leit, Lékt a Lëtt, déi Freed drun hunn, geschwatent Lëtzebuergesch mat der App ze…

Ganzen Artikel

Avis iwwer de ‚Projet de loi à la promotion de la langue luxembourgeoise‘ an iwwer den ‚Aktiounsplang iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch‘

Kierzlech huet d’Regierung nieft engem laangfristegen Aktiounsplang zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch och den entspriechende Projet de loi virgeluecht. Fir eis als den Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Universitéit Lëtzebuerg ass dat den Ulass eisen Avis iwwert déi geplangt Mesuren ofzeginn. Et ass generell méi wéi ze begréissen, dass endlech –…

Ganzen Artikel