De (Chrëscht-)Bam
1. Dier vum Schëssen-Adventskalenner Och wann d’Wuert Bam den éischte Moment net immens spannend ausgesäit a kléngt, gesäit dat natierlech op den zweete Bléck ganz anescht aus. Am Ganze konnte mir 3 verschidden Aussprooche vu Bam enregistréieren. 1. Bam, 2. Bɔ:m respektiv Boam an 3. Bom (jo, dës Variant héiert sech genausou u wéi d’Wuert,…
Ganzen ArtikelRaviol(l)i(en), Mailand an eng Minettmetropol am Futtballféiwer
Haut ass et erëm souwäit: Den F91 Diddeleng spillt säin zweetleschte Match am Kader vun der Europa League an dat géint den AC Mailand am Giuseppe-Meazza-Stadion. Wat kënnt engem esou an de Sënn, wann een u Mailand dénkt? Natierlech Moud a chic Butteker. Mir hunn allerdéngs direkt un Iessen an domat un Nuddele geduecht.…
Ganzen ArtikelSchnëssen-Workshop – Sproochfuerscher*in fir een Dag
Dir hutt Iech schonn ëmmer gefrot, wat mir mat all den Opnamen aus der Schnëssen-App maachen a wéi déi flott Grafiken a Kaarten entstinn? Dir hutt Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch a wëllt selwer fir een Dag mat eis als Sproochfuerscher aktiv ginn? Dofir invitéiere mir fir de 16. November (9h-17h) interesséiert Leit…
Ganzen ArtikelE séisse Snack: En Eisekuch, eng Wafel oder en Häip?
Fir dës Auswäertung hu mir eis ganzer 833 Opnamen ugelauschtert an ausgewäert. Wéi ëmmer ginn et eng sëlleche Méiglechkeeten, fir dëst séisst Gebäck ze bezeechnen. Am heefegsten ass dobäi mat 64% (532) d’Variant „Eisekuch“ virkomm, virun der „Wafel“ mat 17,1% (142) an der „Gaufre“ mat 5,7% (47). Ze erwäne sinn och nach d’Varianten „Waffel“ an…
Ganzen ArtikelZwee nei Froebéi an der App
D’Rentrée leeft op Héichtouren an et komme vill nei opreegend Erfarungen op een zou. Ma och an der Schnëssen-App gëtt et eppes neits an zwar ganzer 2 nei Froebéi. Deen een interesséiert sech fir d’Variatioun am Lëtzebuergeschen an den Astellunge vis-à-vis vun dëser, woubäi deen aneren de Fokus op sproochlech Preferenzen am Lëtzebuergesche leet. Ëm wat geet et? Zum…
Ganzen Artikel„D’Fra vun uewen handelt mat Ënnen, an de Mann vun ënnen handelt mat Uewen“
Dëst Wuertspill, dat schonn am Luxemburger Wörterbuch ënnert Ënn stoung, mécht mat där Variant spilleresch den Uz. Ënnen, ob mir se als Zopp kachen, an d’Zalot schneiden oder en Hamburger domat dekoréieren, an der kulinarescher Welt si se net ewech ze denken. Dowéinst hu mir 1318 Leit iwwer d’Schnëssen-App gefrot, wéi si dat Geméis nennen a koumen…
Ganzen Artikel„Bitzen“ – e Verb mat ville regionale Varianten
Huet d‘Néiesch gëschter gebitzt, gebutt, gebikst, gebukt oder awer gebéizt? Wéi eng Form dëst Verb am Partizip Perfekt unhëlt, huet ënner anerem domat ze dinn, a wéi engem Deel vum Land mir eis ophalen. Bei der Auswäertung vun den 1412 Sätz, an deenen dëst Verb virkoum, konnten aacht Variante festgestallt ginn: gebitzt, gebutt, gebout, gebikst, gebukt, gebéitzt,…
Ganzen ArtikelE Beispill fir Sproochwandel am Lëtzebuergeschen: De Partizip Perfekt vu „kafen“
Net seelen huet een et am Kader vu Variatioun mat esou enger ze doen, déi d’Endunge vu Wierder betrëfft. De Partizip Perfekt gehéiert och an d’Rei vun dëse Phenomener. Géintiwwer sti sech hei kaaft a kaf bzw. kooft – kof an k[ɔː]ft – k[ɔː]f. Geheie mir fir d’éischt ee Bléck op d’Kaart: Hei gëtt däitlech, datt kof/kooft eng nërdlech Variant ass, wougéint k[ɔː]ft…
Ganzen ArtikelDe ganzen Dag un engem Ee schielen
Och dat onscheinbart, awer wichtegt Wuert Ee, am Pluriel Eeër, ass am Lëtzebuergesche méi variabel wéi ee géif mengen. Am Ganze si mer an den Daten aus der Schnëssen-App 864 Eeër siche gaangen. Dräi Haaptvariante kënnen ënnerscheet ginn: Eeër, Är an Aier. Fir mat der leschter a vläicht opfällegster Variant unzefänken: Fir de ganzen héijen Norden ass schéin ze gesinn, dass…
Ganzen Artikel
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.