Dag vun der Mammesprooch: Schwätzt Dir en Dialekt?

Eng vun de leschten Aufgaben an der Schnëssen-App ass d’Fro Schwätzt Dir e lokalen Dialekt vum Lëtzebuergeschen? Wa jo, wéi en Numm huet deen da fir Iech?, mat där mir erausfanne wëllen, awéiwäit an der Lëtzebuerger Populatioun d’Bewosstsinn existéiert, dass Lëtzebuergesch eng eegestänneg Sprooch oder éischter eng Usammlung vu verschiddenen Dialekter ass. Doriwwer eraus soll…

Ganzen Artikel

Entre-temps hu mir ganzer 54 Items aus den Erhiewunge vun der Schnëssen-App ausgewäert! 🤩

Bei enger duerchschnëttlecher Zuel vun 800 Opname pro Aufgab sinn dat méi wéi 40.000 Opnamen, déi d’Schnëssen-Ekipp duerchgelauschtert, analyséiert, klasséiert a visualiséiert huet. Net ze vergiessen, ass op dëser Plaz natierlech awer och de Merite vun de Participante*ën, déi am Kader vun eisem Schnëssen-Workshop am November eng Hellewull Opnamen ausgewäert hunn.

Dir hutt elo Accès op all Auswäertung iwwert déi neigestalt Schnëssen-Säit um Infolux an och iwwert Resultater-Rubrik an der App selwer.

Kuckt Iech déi vill Resultater un a gitt ë. a. méi iwwer Sport, Geméis, an Autoe gewuer. 😉

Dir kënnt d’Beiträg och gäre kommentéieren. ⌨️ Wéi eng Resultater hunn Iech besonnesch iwwerrascht? Bei wéi engen ass genau dat erauskomm, wat Dir Iech erwaart hutt?

Iwwregens: Et feelen eis nach zimlech genau 1.189 Opnamen, bis mer d‘200.000 knacken. Héich Zäit also, fir selwer bei der 3. Ronn vun eiser App matzeschnëssen, wann Dir dat bis elo nach net gemaach hutt! 📲

Ganzen Artikel

Eng jiddesch Opnam aus Lëtzebuerg am ‚Language and Culture Archive of Ashkenazic Jewry‘

D‘Language and Culture Archive of Ashkenazic Jewry ass d’Haaptsource fir d’Dokumentatioun vum geschwatene Jiddeschen nom 2. Weltkrich. Initiéiert vum Uriel Weinreich hu Feldfuerscher an der ganzer Welt Opname mat, gréisstendeels aus hirer Heemecht verdriwwenen, Judden opgeholl. Säit enger Zäit sinn nieft dem Atlas och déi Audioopnamen ëffentlech accessibel. Beim Duerchbliedere sinn ech do och op…

Ganzen Artikel

Onbekannt Source fir d’Lëtzebuergescht am 19. Joerhonnert opgedaucht

Mehr oder weniger zufällig bin ich im Sommer 2018 auf eine bislang unbekannte umfangreiche Quelle zum Luxemburgischen aus dem Jahr 1885 gestoßen: Im letzten Drittel des 19. Jh. dokumentierte der Löwener Philologe Pieter Willems (1840-1898) zum ersten Mal die Dialekte des Niederländischen (im heutigen Flandern und den Niederlanden). Dieses Corpus Dialectmateriaal Pieter Willems ist lange bekannt und…

Ganzen Artikel

Konferenz ‚Sprooch(en) am berufflechen Alldag zu Lëtzebuerg‘

Universitéit Lëtzebuerg, 22. November 2018 Campus Belval, Maison des Sciences Humaines, Black Box Reng sproochpolitesch gesi war 2017 en interessant a mouvementéiert Joer: D’Sprooche-Petitioune 698 a 725 hunn däitlech gemaach, wéi verschiddenaarteg iwwer d’Plaz, d’Roll, d’Funktioun an d’Potential vum Lëtzebuergeschen an der Gesellschaft nogeduecht gëtt. Déi vum Educatiounsministère organiséiert Orthographies-Campagne schreiwen.lu weist däitlech, dass Diskussiounen…

Ganzen Artikel

Clibb oder Clubben – oder klibber mech!?

Och haut rëm e puer fussballeresch Auswäertungen, fir den F91 och vu sproochlecher Säit z’ënnerstëtzen. An der 2. Ronn vun eise Schnëssen-Erhiewungen an der App war de Saz ‚Die Fans der zwei Clubs sind aneinander geraten.‘ z’iwwersetzen a mir gräifen eis haut de ‚Club‘ an d“Fannen‘ eraus. Am Ganzen hu mer d’Iwwersetzunge vu méi wéi 600…

Ganzen Artikel