… steet jo zu Woolz an ass 6,50 m héich an och en Adler ass nach ëmmer e Villchen. Dës Phras ass nawell e schéint Beispill fir eng Tendenz am Lëtzebuergeschen, dass déi traditionell morphologesch Form vum Diminutiv mat -chen net méi ausschléisslech eppes Verkléngertes bezeechent  (vgl. och dem François Schanen seng Sproocherubrik 70 am Lëtzebuerger Land). Interessanterweis weist jo och d’Hollännescht dës Tendenz mat senge kopje ‚Tässchen‘ = ‚Tas‘, sonnetje ‚kleng Sonn‘ = ‚Sonn‘ an coolatje ‚kleng Cola‘ = ‚Cola‘.

Et bleift d’Fro: Firwat bilt eng Sprooch eng morphologesch Kategorie eraus – hei den Diminutiv -, déi se dann awer net oder nëmmen ageschränkt an där Funktioun gebraucht?