‚t ass eis eng grouss Freed, no laanger Virbereedungszäit den neie lëtzebuergesche Sproochatlas unzekënnegen, deen an der éischter Phas online publizéiert gëtt. Den ‚ale‘ ‚Luxemburgischer Sprachatlas‘ datéiert an d’Joer 1963 a baséiert op Sproochdate vun der Zäit virum 2. Weltkrich. Et ass also evident, datt sech d’Sprooch villfälteg Manéieren zënterhier verännert huet. An dësem neien Variatiounsatlas hu mir Sproochopname verschafft, déi am Kader vum Schnëssen-Projet gesammelt goufen. Dofir hu mir Phenomeener aus dem gesamte foneeteschen, lexikaleschen a grammatesche Beräich vum Lëtzebuergeschen ausgewäert. Pro Kaart sinn authentesch Date vu ca. 800 bis 2000 Participanten*Participanteë visualiséiert. Domat kritt een eng zimmlech zouverlässeg Impressioun vun der haiteger Variatioun am Lëtzebuergeschen. Gläichzäiteg kann een un de Kaarten a Visualiséierungen ofliesen, wéi staark d’Lëtzebuergescht am Moment amgaang ass sech ze veränneren.

Variatiounsatlas vum Lëtzebuergeschen

An dëser éischter Editioun hu mir ca. 110 verschidde Kaarten ausgewielt, fir fir d’éischt emol d’Funktionalitéite vum Atlas ze testen. D’Kaarte sinn an d’Kategorië ‘Foneetik’, ‘Wuertschatz & Sproochkontakt’ a ‘Grammatik’ agedeelt, déi een uewen auswiele kann. D’Verbreedung am Land gëtt iwwer verschidde Kaarten illustréiert. Eng Iwwerbléckskaart weist déi heefegst Variant pro Gemeng. Deelweis gëtt och eng al Kaart aus dem ‘Luxemburgischer Sprachatlas’ vun 1963 als Verglach gewisen, fir d’Verännerung vun der Dialektlandschaft ze visualiséieren. Vu datt praktesch all Wierder a Phenomeener aus dem alen Atlas och iwwert d’Schnëssen-Erhiewunge rëm ofgefrot gi sinn, wäert et méiglech sinn, en exakte Verglach vun de sproochleche Verännerungen nozezeechnen. Am Géigesaz zu traditionelle Sproochatlasse baséiert dësen Atlas net nëmmen op der Sprooch vun eelere Leit, mee op allen Altersklassen. Eréischt sou kann een déi ganz Dynamik vun der Sprooch erfaassen. Aus dem Grond soll den neien Atlas och ‚Variatiounsatlas‘ heeschen.

D’Variantekaarte gi méi an den Detail an illustréieren déi genee Verbreedung vun enger Variant (relativ zur Gesamtzuel vun den Opname pro Gemeng). Am Verglach mat de Kaarten aus dem ale ‚Luxemburgischer Sprachatlas‘ weist sech, datt vill vun der deemoleger regionaler Variatioun, besonnesch am Norden, erhale bliwwen ass. Déi stäerkst Verännerunge loosse sech am Süde vum Land beobachten.

Donieft fënnt ee Grafike fir d’Verdeelung par rapport zu Alter, Geschlecht an Dialektgebitt. D’Zuelen an de Segmenter ginn un, wéi vill Participante*Participanteën an där Kategorie dës Variant gesot hunn. Dobäi weist sech, datt besonnesch den Alter e wichtegen Indicateur ass, un deem sech déi rasant Ännerung an der Sprooch ofliese léist. Jee no Phenomeen kann een hei beobachten, datt entweder eng däitsch (Ameis vs. Seejomes), franséisch (Beebee vs. Puppelchen) oder och eng originär lëtzebuergesch Variant (Freiden vs. Freideg), déi mat der Zäit méi a méi gebraucht gëtt.

Iwwert d’Datentabell kann een all eenzel Audioopnam lauschteren.

Dësen Atlas ass als Gemeinschaftswierk d’Resultat vu ville Mataarbechter.innen. D’Audioopname goufe manuell ausgewäert a klassifizéiert vun: Studenten op der Uni Lëtzebuerg, Participante.ën an de Schnëssen-Workshoppen, eisen Hiwien, dem Sylvie Schmit a Georges Forster an der Schnëssen-Equipe. Hinnen all soe mir hei Merci!

Nach ëmmer kann een natierlech bei eisen Datenerhiewunge matmaachen. Luet Iech dofir wgl. d’Schnëssen-App gratis fir iOs oder Android erof.

Realiséiert ass dëse Site mam RShiny flexdashboard am R. All Grafiken an Tabelle ginn dynamesch generéiert a kënne sou zu all Moment och mat neien Date gefiddert ginn. En décke Merci un de Bruno Rodrigues fir seng Hëllef!

D’Schnëssen-Equipe:

  • Nathalie Entringer
  • Peter Gilles
  • Sara Martin (bis 2020)
  • Christoph Purschke

D’Auswäertung ass ëmmer nach amgaang an no an no wäerte sech déi eventuell wäiss Plazen op verschiddene Kaarten nach fëllen. Um Handy leeft dëse Site nach net optimal. Mir schaffen drun!