Lëtzebuergesch lo als Sprooch an de spaCy-NLP-Tools

D’Lëtzebuergescht ass lo als Sprooch an d’spaCy-NLP-Tools opgeholl ginn. spaCy ass am Moment mat déi wichtegst Python-Bibliothéik fir d’Software-Entwécklung am Beräich vum automateschen Traitement vun der Sprooch. An dësem Beispill-Skript erklären ech déi Funktionalitéiten (Tokenisation, Lemmatisation, POS-Tagging), déi den Ament scho méiglech sinn an ouni groussen Opwand aner Programmer agebaut kënne ginn. Dës Funktionalitéite si…

Ganzen Artikel

Op e Patt mat der Luxemburgistik

Dëst Joer ass et nees esou wäit: De 7. November organiséiert d’Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft eng Porte ouverte bei eis um Campus Belval. Ganz nom Motto “Op e Patt mat der Luxemburgistik” invitéiere mir Iech op en Apéro , bei deem Dir en Abléck an déi aktuell Fuerschung iwwert d’Lëtzebuergescht an d’Lëtzebuerger Literature…

Ganzen Artikel

Colloque vun der Luxemburgistik – Wantersemester 2019/2020

Och dëst Semester hu mer an eisem Colloque vun der Luxemburgistik nees en ofwiesslungsräichen a flotte Programm zesummegestallt. Dir interesséiert Iech fir d’Literatur zu Lëtzbuerg/op Lëtzebuergesch, d’Letzebuerger Sprooch resp. d’Sproochen zu Lëtzebuerg? Da kommt bei eis op d’Universitéit um Belval laanscht! Rendez-vous ass (meeschtens) méindes um 16:00 an der Maison des Sciences Humaines (MSH 02…

Ganzen Artikel

Virliesungsrei Kulturgeschicht Lëtzebuerg

No der éischter Virliesungsrei am leschte Wantersemester gëtt och dëst Semester d‘Kulturgeschicht Lëtzebuerg nees op der Universitéit Lëtzebuerg ugebueden. An dëser Rei kënnt Dir an d’Entwécklung vun deene verschiddenste Kulturberäicher zu Lëtzebuerg andauchen – vun der Industrie- a Wirtschaftsgeschicht, iwwert den Developpement vun der Literatur an dem Theater, bis hin zur Entwécklung vun der Konscht an…

Ganzen Artikel

D’Schnëssen-App geet an hir 5. Ronn!

Et ass nees esou wäit: An der App ginn et eng Hellewull nei Biller, Sätz fir ze iwwersetzen a Froen ze beäntwerten. Wéi sot Dir: Kanéil oder Zimt? Falen, Rampel, Rompel oder Ronschelen? Dës Kéier interesséiert eis ënnert anerem och, wat Äert Liiblingswuert am Lëtzebuergeschen ass – besonnesch do si mer schonn op Är Äntwerte…

Ganzen Artikel

Vun „Haen“ an „Haschen“ – D’Bezeechnung vum Buschtaf „H“ am Lëtzebuergeschen

Am Kader vun der Presentatioun vu Resultater aus der App gouf scho méi dacks dorop opmierksam gemaach, datt et eng Rei Phenomener am Lëtzebuergesche gëtt, déi Opgrond vu Sproochekontakt mat anere Sprooche variéieren. Och an dësem Artikel kucke mer eis nees esou ee Phenomen un: Den Numm vum Buschtaf “H”. An der App kruten d’Particiante(ë)n…

Ganzen Artikel