17
9
24
12
4
20
19
18
2
16
15
5
13
23
11
10
1
8
7
22
21
6
14
3
25
modal close image
modal header

D`Aussprooch vum j a Jeeër a jäizen

De kann een am Lëtzebuergeschen esou ausschwätzen, wéi een dat am Däitschen ([j]) z.B. am Wuert ja mécht oder wéi am Franséischen ([ʑ]), wéi dat am Wuert jargon de Fall ass. D`Resultater vun ebendëser Variatioun verstoppe sech hannert der haiteger Dierchen. An dësem Fall goung et net drëm, e Saz ze iwwersetzen oder e Bild ze beschreiwen, ma d`Aufgab war de Saz Dass erëm d`Taxe gehéicht ginn, deet d`Jeeër haart jäizen virzeliesen.

Kuckt ee sech de jäizen un, gesäit een, datt eng knapp Majoritéit (56%) déi franséisch Aussprooch produzéiert hunn. Bei der Opschlësselung no Alter sinn do allerdéngs keng kloer Tendenzen ze erkennen, d`Variatioun ass iwwer den Alter gesinn zimlech stabil.

E bëssen anescht gesäit dat Bild bei Jeeër aus. Hei gouf vun der Majoritéit (59%) de mat der däitscher Aussprooch benotzt. Kuckt ee sech d`Verdeelung no Alter hunn, kann een erkennen, datt jonk Leit déi däitsch Aussprooch favoriséieren, wougéint eeler Leit éischter zu der franséischer Aussprooch tendéieren.

Besonnesch spannend ass hei, datt knapp 30% vun de Leit hir Aussproch bannent dem Virliesungssaz variéieren, woubäi dorënner déi meescht vun der däitscher Aussproch bei Jeeër op déi franséisch bei jäizen wiesselen. Wat de Grond dofir ass, bleift nach ze klären.

E Grousse Merci un d`Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

modal header
modal header

Huet et hënt ugefaang oder ugefaangen mat schneien?

Häerzlech Wëllkomm hannert der leschter Dier vun eisem Adventskalenner. Haut mat engem wanterleche Saz (Hënt huet et ugefaange mat schneien), woubäi am Mëttelpunkt net schneien mee ufänken steet.

Wéi een op der Kaart gesäit, kann ee bei ufänken am Bezuch op de Vokal an der Wuerzel vum Verb (fänk-en) am Partizip Perfekt regional Varianten ausmaachen. Iwwerall bis op déi nërdlech Regioun ass (u/a)gefaang(en) kloer d`Haartvariant. Jee méi wäit een dann awer an den Norden eropgeet, desto méi Formen mat o (u/a)gefong(en) kommen an d`Spill, woubäi dës Varianten an engem Raum tëscht Klierf an Ëlwen och nach Gesellschaft vun enger Variant mat (agefung-en) kréien.

 

Beim Partizip Perfekt vun ufänken gëtt et allerdéngs och nach eng aner Variatioun an déi bezitt sech op d`Endung -en. Et handelt sech dobäi net nëmmen ëm eng aner Form, ma och ëm eng aner Aart vu Variatioun, wëll dës net regional bedéngt ass, wat een op der Kaart schéin un der wëller Verdeelung vun de Variante mat an ouni -en erkenne kann. Generell ass et esou, datt d`Variant ouni –en mat 56% méi heefeg beluecht ass wéi déi mat -en. Kuckt ee sech d`Verdeelung nom Alter un, gesäit een, datt jee méi jonk d`/de Spriecher*in, desto méi heefeg d`Variant ouni –en. Allerdéngs läit de Prozentsaz bei deene Jéngsten an der Géigend vun de 65+, déi do e bëssen aus der Rei ze danze schéngen – dobäi kënnt, datt d`Ënnerscheeder immens geréng sinn. Hei sinn also keng kloer Tendenzen par rapport zu der Verdeelung no Alter erkennbar.

Déi ganz Schnëssen-Ekipp wënscht Iech e wonnerbaren Hellegowend, schéi Chrëschtdeeg an natierlech e gudde Rutsch an dat neit Joer!

modal header

hatt oder si?

Haut kucke mir eis direkt zwee Resultater un, fir se matenee vergläichen ze kënnen. Eng vu ville Froen, deene mir an eisen Daten noginn, ass och de Gebrauch vun de Pronomen hatt a si. Méi konkret hu mir eis ugekuckt, wéi d’Leit zwee franséisch Sätz mam weibleche Pronomen elle iwwersat hunn. An engem Saz gëtt dobäi op eng weiblech Persoun referéiert, déi jonk a sportlech (jeune et sportive) ausgesäit, an deem aneren dergéint op eng weiblech Persoun mat groen Hoer (cheveux gris). D’Gesamtresultat huet dobäi erginn, dass bei der jonker Persoun zu 93,5% (vu 461 Opnamen) déi neutral Pronomen hatt, et oder ‘t benotzt goufen; bei der Persoun mat de groen Hoer waren et der manner, mee ëmmerhin och 80,3% (vun 360 Opnamen). Bei der jonker Referenzpersoun gouf deemno méi heefeg hatt benotzt wéi bei der méi eelerer Referenzpersoun.

Wéi sou dacks bréngt och e Bléck op déi ënnerschiddlech Altersgruppen a béide Fäll ganz flott Resultater ervir: Wärend eeler Leit hei vläicht nach éischter och déi weiblech Pronomen si an se bei der Iwwersetzung benotzen, entscheeden sech d’Leit, wat se méi jonk sinn, ëmmer méi dacks fir déi neutral Pronomen hatt, et an ‘t. Insgesamt sinn d´hatt-Prozentwäerter an de verschiddenen Altersgruppe beim Saz mat der jonker Persoun méi héich wéi an deem mat der eelerer Persoun.

modal header

De Pluriel vu Blat 

An der 1. Ronn vun der Schnëssen-App hunn d`Participanten dräi verschidde Variante fir de Pluriel vu Blieder benotzt. Dobäi handelt et sech, wéi beim Bam, ëm eng Variatioun, déi sech op d`Aussprooch vun engem Wuert bezitt. D`Variante si Blieder, Bleeder a Bliädder.

Op der Kaart erkennt een, datt d`Variant Blieder zwar bal iwwerall virkënnt, am Norden awer deelweis och net vertrueden ass. Hei spillt Bleeder déi méi grouss Roll. Bliädder kënnt immens seele vir a beschränkt sech op de Raum Veianen an nach dräi aner Uertspunkten am Norde vum Land. Geet ee vum Norden a Richtung Süden, huelen d`Blieder-Nennungen ëmmer méi zou, woubäi schonn ënnert enger Linn, déi vu Veianen eriwwer op Réiden un der Atert verleeft, bal just nach Blieder ze verzeechne sinn. Kuckt een sech déi méi al Kaart aus dem Luxemburgischer Sprachatlas un, gesäit een, datt sech d`Verbreedung vu den Niewevarianten zum Deel verännert huet.

E Grousse Merci un d`Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

modal header

D`Variante vun uruffen

Hannert der Dierche vun haut verstoppt sech eng weider regional Variatioun – an zwar virun allem déi vun uruffen. An den 1304 Opnamen, déi mir eis ugelauschtert hunn, huet eis virun allem interesséiert, ob eis Participantë rouf oder ruff soen. D´Kaart mécht däitlech, dass ruff bal iwwerall am Land – mat Ausnam vum méi héijen Éislek – vertrueden ass, wärend rouf am Norden a méi vereenzelt och am Oste vum Land gesot gouf. Op der Kaart gesäit een awer och nach zwou weider Faarwen: Zum Deel gouf dat franséischt Verb appeler och mat telefonéieren oder schellen iwwersat. telefonéier fënnt ee ganz vereenzelt am Land verspreet; dogéint ass den Ausdrock engem (z.B. op den Handy) schellen méi dacks an nëmmen am Éislek beluecht.

modal header

Pech oder Pëch?

Haut kucke mir eis méi genau un, wat d´Schnëssen-Participantë bei enger Foto mat enger Tüb flëssegem Pech an d´App geschwat hunn. De Kéisdiagramm weist fir d´éischt emol, dass sech an den 931 Opnamen eng Partie Variante verstoppt hunn. Vir bäi mat iwwer 54% a gutt 21% sinn do natierlech an éischter Linn Pech a Pëch – zesumme maache si knapp 76% vun allen Opnamen aus. Dono kënnt Koll mat nach gutt 8% a Superkleber mat 7%. Ënnert deenen anere Variante sinn dann och Markennimm wéi Pattex an Uhu.

E Bléck op d´Varianten no Alter weist dann och eng ganz schéi Verdeelung: Virop fält op, dass Koll bei de Participanten ab 65 Joer nach mat iwwer 42% déi heefegst Variant ass an an den Altersgruppen drënner relativ séier ofgebaut gëtt. Dofir ass an den dräi méi jonken Altersgruppe de Superkleber méi vertrueden. Mat Ausnam vun den zwou eeleren Altersgruppen dominéiert awer iwwerall kloer de Pech/Pëch.

Kuckt een sech dann nach d’Kaart mat der Verdeelung vun de Variante Pech a Pëch un, erkennt ee ganz kloer, dass d´Land hei zweegedeelt ass: Graff léisst sech soen, dass am Süden, am Zentrum an un der Musel Pech gesot gëtt, méi am Westen an am ganzen Norden Pëch. Trotzdeem mëschen sech an d´Pech-Gebitt och Pëch-Beleeger an ëmgedréit och Pech-Beleeger an d´Pëch-Gebitt.

modal header

E gefëllten oder e gefëlltene Croissant?

 

Wéi sot Dir, bestellt Dir beim Bäcker e gefëllten oder e gefëlltene Croissant? Eis Participanten op jidder Fall preferéiere mat 57% d`Variant mam zousätzlechen en. Dobäi muss een allerdéngs umierken, datt deen zousätzlechen en an de meeschte Fäll net voll ausgeschwat gëtt, ma den verschléckt gëtt. Ausgeschwat gëtt d`Variant also gefëlltnen, och wann ee gefëlltenen schreift.

Wat verréit eis e Bléck op d`Verdeelung no Alter? Eng kloer Tendenz kann een net ausmaachen, och wann een aus der Grafik erausliese kann, datt méi jonk Leit d`Variant mat zousätzlechem en liicht méi preferéieren, wéi dat Leit iwwer 65 maachen. Et handelt sech awer éischter ëm eng Variatioun, bei där den Alter keng wierklech Roll spillt.

modal header
modal header
modal header

D`Variante vu Leit

Zu wéi enger Regioun a Variant gehéiert Dir?
Ähnlech wéi fir de 6. Dezember (net), ass och d`Verdeelung vun dëse Variante vum Begrëff Leit. Vum déiwe Minett bis op d`Héicht vun Dikrech kann ee gesinn, datt et bal keng Ofweichunge vun dësem Standard gëtt. Just am ëstlechsten Deel vum Osten gëtt et Lätt-Spriecher, an den Norden ass däitlech an dräi gedeelt. Den ëstleche Beräich huet de Standard Leit gréisstendeels iwwerholl a keng regional Form méi. De méi zentralen Deel vum Norden huet e méi oder manner konsequente Gebrauch vu Läkt, wärend den héijen Eislek quasi ausschliisslech Lékt benotzt. Wéineg Auswäertunge ware sou kloer a bestëmmte Beräicher ënnerdeelbar, wéi dës Kaart weist.

E Grousse Merci un d´Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

modal header

De Pluriel vu Schëld

Léiwer en -d oder en -t?
Haut verstoppt sech hannert der Dier d`Auswäertung vum Pluriel vu Schëld.  Bei dësem Diagramm gesi mir eng Trap, déi weist, wéi de Pluriel sech nom Alter vun de Spriecher opdeelt . Bei där héchster Stuf, 65+, erkennt een datt Schëlter a Schëlder sech nach bal ausgläichen, mat liichtem Iwwergewiicht vu Schëlder. Dëse Fakt wäert sech weider ausbreeden, wat ee méi wäit a Richtung vun deene Jonke geet, bei deene ronn 90% d`Variant Schëlder benotzen. Soumat léisst sech déi kloer Tendenz erkennen, d`Variant Schëlter opzeginn an de Pluriel mat engem -d, geschwat a geschriwwen, ze bilden.

E Grousse Merci un d`Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

modal header

Huet hie gewonn oder gewonnen?

Hannert dëser Dierche verstoppt sech d`Variatioun vum Partizip Perfekt vu gewannen. Wéi ee schonn am Kéisdiagramm erkenne kann, sinn d`Varianten, déi hei eng Roll spillen, gewonn gewonnen, woubäi d`Variant mat -en mat knapp 63% däitlech méi dacks virkënnt, wéi déi ouni.

 

Wat seet eis d`Opschlësselung vun der Variatioun no Alter iwwer d`Variatioun? Hei ass ze erkennen, datt jee méi jonk d`Spriecherin oder de Spriecher, desto méi heefeg kënnt d`Variant ouni -en vir. Dat schwätzt dofir, datt et gutt méiglech ass, datt d`Variant ouni Endung am Gaangen ass, sech auszebreeden. Ob an a wéi engem Mooss d`Verdeelung vun de Varianten sech verännere wäert, kann een hei net erausliesen, dofir misst een an enge Rei Joren nees Date sammelen an d`Resultater mat de Resultater vun haut vergläichen.

E Grousse Merci un d´Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

modal header
modal header

zwee oder zwou?

Fir d´Adventskalennerdierche vun haut hu mer eis de Gebrauch vun zwee an zwou an engem ganz bestëmmte Kontext ugekuckt: Als Deel vun engem vun de Sätz an der App sollten eis Participanten 11,2 Sekunden op Lëtzebuergesch iwwersetzen. Dobäi hu mir ënnersicht, ob d´Leit eelef Komma zwee Sekonnen oder eelef Komma zwou Sekonnen an den Opname gesot hunn.

De Kréisdiagramm weist, dass a 75% vun de 587 Opnamen déi erwaartbar Form zwou an d´App geschwat hunn; zwee kënnt deemno op 25%.

Mat Bléck op den Alter ass zwar kee ganz kloert Bild – sou wéi mer et scho mol bei anere Resultater gesinn hunn – ze erkennen, mee trotzdeem gëtt ersiichtlech, dass déi jéngst Spriecher*innen zwee méi dacks benotzt hu wéi déi an deenen aneren Altersgruppen. Wärend den zwee-Prozentsaz meeschtens graff tëscht 15 an 30% läit, ass e bei deene Jéngste bei ëmmerhin 39%.

 

modal header

De Pluriel vun Tirang

Och den Tirang huet méi wéi ee Pluriel – insgesamt sinn et der 4. Dobäi ass Tiräng mat ronn 78% déi heefegste Variant. Tirangen gouf vun 18% vun de Participantë gesot, woubäi Tirängen, also eng Kombinatioun aus den zwee scho genannte Plurielle mat 2% an d´lexikalesch Variant mat en-Pluriel, Tiroiren, mat 1% beluecht sinn. Ënner \“Aner\“ falen hei seelen Nennunge wéi Schubladen oder Auszug.

 

Hei lount sech och erëm e Bléck op d´Verdeelung no Alter. Generell kann ee soen, datt eeler Leit éischter Tirangen soen, an datt dës Variant ofhëlt. Spiecher*inne bis 24 benotzen Tirangen däitlech manner dacks, woubäi méi Tirängen virkommen. Dës Mëschform schéngt iwwregens eng éischter jonk Variant ze sinn. Ob se weider ausgebaut gëtt, muss ee sech an e puer Joer nach eng Kéier ukucken.

 

E Grousse Merci un d´Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

modal header

De (Chrëscht-)Bam

Och wann d’Wuert Bam den éischte Moment net immens spannend ausgesäit a kléngt, gesäit dat natierlech op den zweete Bléck ganz anescht aus. Am Ganze konnte mir 3 verschidden Aussprooche vu Bam enregistréieren. 1. Bam, 2. Bɔ:m respektiv Boam an 3. Bom (jo, dës Variant héiert sech genausou u wéi d’Wuert, dat Dir benotzt, fir Är Groussmamm ze ruffen).

Heibäi handelt et sech, wéi een op dëser Kaart gesäit, eendäiteg ëm regional Varianten. Och wa Bam bal iwwerall am Land virkënnt, ass Bom bal ausschliisslech am héijen Norden a Bɔ:m/Boam am Süden, mat enger Tendenz zum Südwesten, beluecht. Wat den Norden an de Süden hei awer ënnerscheet, ass, datt d’Südvariant mat der Variant Bam konkurréiert.

E Grousse Merci un d’Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

modal header

ginn oder gëtt et vill Wiichtelcher?

An der éischter Ronn vun eiser Schnëssen-App hunn d´Participanten ënnert anerem de Saz „Warum gibt es Leute, die Psychologie studieren?“ op Lëtzebuergesch gesot. D´Fro, déi mir eis fir haut gestallt hunn, ass dobäi: Wéi hunn d´Leit den éischten Deel vum Saz iwwersat – mat „firwat gëtt et Leit“ (3. Pers. Sg.) oder „firwat ginn et Leit“ (3. Pers. Pl.)?

De Kéisdiagramm weist, dass a gutt 69% vun den 1173 Opnamen, déi mir heifir ugelauschtert an ausgewäert hunn, ginn an a bal 31% vun de Fäll gëtt gesot gouf. Dozou sief gesot, dass mir déi dialektal Varianten, déi éischter seelen am Norde vum Land virkommen, jeeweils zu ginn (z.B. gänn) resp. gëtt (jëtt) gezielt hunn.

Wann ee sech den Diagramm mat de verschiddenen Altersgruppen ukuckt, fält op, dass d´Verdeelung bei der eelster Altersgrupp nach bal 50/50 ass, respektiv gëtt liicht méi dacks gesot gouf. Wat d´Leit méi jonk sinn, wat se ëmmer éischter ginn gewielt hunn, soudass dës Variant an de méi jonken Altersgruppe kloer preferéiert gëtt.

E Grousse Merci un d´Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

modal header

De Pluriel vu Bic

De Pluriel vu Bic ass immens variabel. 3/4 vun de Participanten hu Bicker ma awer 21% Bicken respektiv e puer Vereenzelter Bics gesot. Net seelen ass Kugelschreiber awer och mat Füllfierder(en) oder Stëfter iwwersat ginn. Dës Variante sinn hei ënner Aner regruppéiert.

 

Geheit een e Bléck op d´Verdeelung no Alter, gesäit een, dass dësen en Afloss op de Gebrauch vun de Varianten huet. Eeler Leit benotzen éischte d´-en-Form, woubäi déi bei de jonke Leit just nach wéineg virkënnt. Mat ofhuelendem Alter geet d´Zuel vun den er-Pluriellsforme kontinuéierlech an d´Luucht. Den er-Pluriel schéngt hei also lues a lues den en-Pluriel ofzeléisen.

Och den s-Pluriel, och wann en immens seelen ass, ass eng Form, déi exklusiv vu ganz jonke Leit benotzt gëtt.

E Grousse Merci un d´Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

modal header

 

D`Aussprooch vu Wochen

Am Ganzen 939 Opnamen hu mir ausgewäert, fir ze ënnersichen, ob d´Schnëssen-Participanten an eiser App Wo[χ]en oder awer Wo[ɕ]en soen. Wéi ze erwaarde war, seet déi grouss Majoritéit Wo[χ]en a bei Wo[ɕ]en handelt et sech ëm eng regional Variant, déi nëmmen am Norde vum Land virkënnt, wéi op der Schnëssen-Kaart ze erkennen ass. Ergänzend heizou kann ee sech och d´Kaart aus dem Luxemburgischer Sprachatlas ukucken. Am Verglach gesäit een, dass d´Wo[ɕ]en-Verbreedungsgebitt vun haut deem aus dem LSA nach ëmmer staark gläicht, och wann sech bei den neien Daten och Wo[χ]en-Beleeger an d´Wo[ɕ]en-Gebitt mëschen.

modal header

Dat lénkt oder dat lénkst

Sot Dir lénkt oder lénkst? Där Fro si mir an engem Saz aus der éischter Schnëssen-Ronn nogaangen, an deem een das linke Bein sollt op Lëtzebuergesch iwwersetzen. De Kéisdiagramm weist, dass a graff 75% vun den am Ganzen 911 Opname lénkst an a graff 23% lénkt gesot gouf. Déi reschtlech Prozent verdeelen sech virun allem op linkst a linkt.

Den Diagramm mat der Altersverdeelung ass an dësem Fall manner opschlossräich. Jee no Altersgrupp läit de lénkst- resp. lénkt-Prozentsaz zwar mol liicht méi oder liicht manner héich, dëst awer ouni en eendeitegt Bild ze erkennen ze ginn.

D´Duerstellung vun de Resultater mat de verschiddene Varianten op der Kaart weist, dass et sech hei – op d´mannst wat den s am Wuert betrëfft – net ëm eng regional Variatioun handelt. Déi zwou heefegst Variante sinn iwwert dat ganzt Land verdeelt. Anescht ass dat bei de Variante mat i: linkst a linkt sinn am Raum Veianen beluecht an e bësse verspreet och am méi héijen Éislek.

modal header

D´Variante vun net

Den Norden an de Rescht.
Op Kleeserchersdag beschäftege mir eis mat deene jeeweilege Variante vun net. Wéi d´Kaart ënnersträicht, ass d´net-Form däitlech verbreet, ze erkennen dorun, datt am Zentrum, am Süden an am Oste quasi just déi Variant existéiert (mat wéinegen Ausnamen). Am Weste loosse sech nach nit-Spriecher erkennen, och wann d´Gebitt am Verglach mat der Kaart aus dem Luxemburgischer Sprachatlas méi kleng ginn ass. De westlechen Deel vum Éislek huet déi bekannt nik– resp. nék-Forme behalen. D´Verbreedung vun dëse Formen ass (am Verglach zu där am LSA) nach ëmmer ganz ähnlech, och wa sech an eise Schnëssen-Daten eng Partie net-Beleeger an d´nik/nék-Gebitt ënnergemëscht hunn.

E Grousse Merci un d´Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

modal header

D`Variante vu Gaart

Fir déi 14. Dier am Kalenner hu mir d`Aussprooch vum Begrëff Gaart analyséiert, wat eis eng opfalend regional Verdeelung geliwwert huet. Ass am Groussdeel vum Land d`Haaptvariant Gaart präsent, fält nërdlech vum Zentrum nach Gäert an d`Gewiicht an am Éislek d`Variant Goort, allerdéngs zimlech sporadesch. Méi konsequent dogéint ass de Minett an de südlechen Deel vum Osten, an deenen d`Aussprooch G(o/u)art wäit an deelweis dominant bestoe bleift, als Zeeche vun enger Minettsfierwung, déi sech allerdéngs iwwer dee südleche Raum eraus ausgebreet huet.

E Grousse Merci un d`Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

modal header

D`Variante vun Hallschent

Bei Hallschent konnten dräi Variante festgemaach ginn: Hallschent, Hallschecht an Hällschent, woubäi déi éischt kloer d`Haaptvariant ass.

 

Bei der Verdeelung nom Alter weist sech, datt Hallschent vun eeleren op méi jonk Spriecher*innen ëmmer méi ofhëlt, och wann d\\\’Variatioun och schonn an der zweethéchster Alterskategorie net méi immens grouss ass.

Hällschent kënnt a bal all Altersgrupp vir, allerdéngs a ganz gerénger Unzuel. Dëst kann een als e Beispill vum Ausgläich vu Variante verstoen. Ëmmerhin gëtt et bei der jéngster Generatioun esou gutt wéi guer keng Variatioun méi. Dat ënnerscheet dës Variatioun vu villen aneren, déi mer bis elo gesinn hunn.

E Grousse Merci un d`Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.

modal header

Xmas is coming!

We wanna celebrate with you that xmas is almost here and so we are offering you this special gift. Go and download it!

default