Am méisproochege Kontexter ass et net ëmmer evident, eng eenzeg Sprooch als seng Mammesprooch festzeleeën. Interessant an deem Kontext ass z.B. den Umellungsformulaire von Eldoradio.lu, oder och d’Eurobarometer-Ëmfroen, wou et d’Méiglechkeet, méi ewéi eng Mammesprooch unzeginn. Mee, geet dat iwwerhaapt?D’Mammesprooch ass déi Sproch, déi een sech als éischt uneegent, wuertwiertlech, déi ee vun der Mamm matkritt. Wat ass awer elo, wa béid Elteren eng aner Sprooch schwätzen oder perfekt bilingue sinn ? Wat ass mat Kanner vu Migranten, déi doheem portugisesch oder albanesch schwätzen, awer scho ganz fréi an der Schoul a mat de Kollege, lëtzebuergesch schwätzen ? Kann een zwou Mammesproochen hunn, sou wéi de Formulaire vun Eldoradio et suggeréiert ?
Et ënnerscheet een dofir tëschent der Mammesprooch an der soug. Erstsprache, dat ass d’Sprooch vun der Primärsozialisatioun, déi Sprooch, déi een an der Kandheet am meeschte benotzt. Meeschtens ass d’Mammesprooch an d’Éischtsprooch déi nämlecht. Elo kënnt et a méisproochege Kontexter zu der Situatioun, datt d’Mammesprooch eng minoritär Sprooch ass, zB. eng friem Sprooch (z.B. portugisesch vs. lëtzebuergesch), mä och en Dialekt (z.B. Miseler vs. Standardvariant). D’Kanner léieren a schwätzen déi dominant Sproochvariant, fir sech an der Gesellschaft, wou se liewen, besser erëm ze fannen. D’Mammesproochkompetenze sinn da souguer oft méi schlecht, wéi déi an der Éischtsproch, och wann eng emotional Relatioun bestoe bleift. Zu Lëtzebuerg ass d’Situatioun nach méi komplex, well och nach d’Franséischt als Kommunikatiounsmëttel tëschent deene verschiddene Communautéiten eng Roll spillt.
Méi liesen
U. Ammon/N. Dittmar/K. Mattheier (Hg.)(1987), Soziolinguistik. HSK 3 Bd.1-2, Berlin: de Gruyter, Kapitel 35: “Erstsprache – Muttersprache”.
Fir deem Problem aus dem Wee ze goen, ass an der Baleine-Enquête no de Sproochen, déi doheem am Alter ënnert 4 Joer geschwat si ginn, gefrot ginn:
« la langue la plus souvent utilisée à la maison avant 4 ans »
question subsidiaire: « autres langues utilisées à la maison avant 4 ans »
Fir d’Joer 2004 gëllt:
87% des Luxembourgeois indiquent le luxembourgeois comme langue qu’ils ont le plus utilisée avant 4 ans. 4% comme „autre langue“. 9% des Luxembourgeois n’ont donc pas utilié le luxembourgeois avant 4 ans.
20% des Luxembourgeois sont „bi-lingues“, ils disent avoir utilisé plus d’une langue dans leur prime jeunesse. L’allemand et le français étant les langues les plus indiquées comme „autres langues“.
Sont-ils pour autant de vrais „bi-lingues“ avec deux „langues maternelles/paternelles“? Ou ont-il appris la deuxième langue à la garderie, avec des copains?
Détailer op de Säite 92 bis 94 vun FEHLEN, Fernand: BaleineBis. Une enquête sur un marché linguistique multilingue en profonde mutation. Luxembourg: SESOPI – Centre intercommunautaire, 2009.