Wat ass Schnëssen – Är Sprooch fir d’Fuerschung?

Schnëssen ass déi éischt App, fir d’Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren.

Egal, ob Dir ‘nik’, ‘nit’ oder ‘net’ sot, ob Dir oft ‘séier’ oder dacks ‘schnell’ sot –, mir a mär siche Leit, Lékt a Lëtt, déi Freed drun hunn, geschwatent Lëtzebuergesch mat der App ze sammelen! Matmaache ka jidd(w)ereen, dee Lëtzebuergesch schwätzt – egal, ob jonk oder al, Mammesproochler oder net, ob vu Steebrécken, aus dem Pommerlach oder vum Rouscht. Mir wëllen dat ganzt Spektrum vum Lëtzebuergeschen héieren: Schwätzt an eis App eran – spontan a sou wéi gewinnt, egal aus wéi engem Eck vum Land Dir kommt. Mat Ärer Participatioun hëlleft Dir eis immens bei der Erfuerschung vun der Sprooch an hiren Dialekter.

Iwwert d’App kënnt Dir all Opnam direkt lauschteren an dobäi d’Villfältegkeet vum haitege Lëtzebuergesche kenneléieren. D’Zil ass et, d’Sprooch vun all Generatioun aus all Uertschaft am Land fir de Grand public an d’Fuerschung ze dokumentéieren.

Net nëmmen op dëser Säit, ma och an der App an op Facebook, kritt dir ëmmer déi neist Informatiounen iwwer a ronderëm d’App.

Dës App ass Deel vun engem Projet op der Universitéit Lëtzebuerg (Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft).

Team Schnëssen
  • Nathalie Entringer
  • Peter Gilles
  • Judith Manzoni
  • Sara Martin
  • Christoph Purschke

 

Éischt Auswäertungen

No an no publizéiere mer hei Schnëssen-Resultater.

25/10/2018

 

  1. Ravioli

  2. Clibb/Clubben a Fannen/Fans

  3. Eisekuch

  4. bitzen

  5. Mëtsch a Kaffiskichelchen

  6. kafen

  7. Ee

  8. Villchen

  9. Virwëtzeg

  10. Poubelle

  11. zielen, erzielen a verzielen

  12. Puppelchen

  13. Kéiseker

  14. Päiperlek

  15. Plage

  16. Nuecht

  17. Fussball, Futtball a Co.

  18. Muert

  19. Tëleecommande

  20. Schallimo

  21. Seejomes

  22. Freideg

 

Ravioli

Haut ass et erëm souwäit: Den F91 Diddeleng spillt säin zweetleschte Match am Kader vun der Europa League an dat géint den AC Mailand am Giuseppe-Meazza-Stadion.

 

Wat kënnt engem esou an de Sënn, wann een u Mailand dénkt? Natierlech Moud a chic Butteker. Mir hunn allerdéngs direkt un Iessen an domat un Nuddele geduecht. An där, hoffe mer, wäerten d’Diddelenger Spiller virum Match genuch giess hunn.

 

Fir den F91 dann och vun hei aus kulinaresch ze ënnerstëtzen, hu mir eis fir haut “Ravioli” rausgepickt. Mir hunn eis dofir am Ganzen 851 Opnamen ugelauschtert an dobäi zwou verschidden Aussprooche festgestallt: eng mat laangem o, an eng mat kuerzem o, woubäi “Ravioli” (mat laangem o) mat 96% däitlech méi dacks virkënnt wéi “Raviolli” (mat kuerzem o). Kuckt een sech dann d’Verdeelung vun der Aussprooch no Alter un, da gesäit een, dass “Raviolli” an allen Altersgruppe vertrueden ass, mee prozentual gesinn bei den eelere Spriecher*innen eng Grëtz méi dacks gesot gouf.

 

 

Als nach méi spannend stellt sech de Bléck op de Pluriel eraus: Hei ass mat bal 53% “Raviol(l)i”, mat bal 47% “Raviol(l)ien” a méi sielen mat 0,4% “Raviolis” virkomm. Interessant sinn och d’Resultater am Hibléck op d’Verdeelung no Alter. Leit iwwer 65 Joer preferéieren “Raviol(l)ien” am Verglach zu “Raviol(l)i”, wärend sech dës Preferenz bei de Leit bis 24 Joer dréit. Iwwregens kommen d’”Raviolis” nëmme bei de ganz jonke Spriecher*inne vir.

 

 

 

 

  • Eisekuch

Fir dës Auswäertung hu mir eis ganzer 833 Opnamen ugelauschtert an ausgewäert. Wéi ëmmer ginn et eng sëlleche Méiglechkeeten, fir dëst séisst Gebäck ze bezeechnen. Am heefegsten ass dobäi mat 64% (532) d’Variant „Eisekuch“ virkomm, virun der „Wafel“ mat 17,1% (142) an der „Gaufre“ mat 5,7% (47). Ze erwäne sinn och nach d’Varianten „Waffel“ an „Gaufer“ (also eng bësse verlëtzebuergescht Versioun vun der franséischer „Gaufre“). Am Diagramm gesitt Dir déi genau Verdeelung vun de verschiddene Varianten.

 

 

Nieft dëse Bezeechnungen, déi méi oft genannt goufen, konnte mir mat eiser App awer och méi selte Variante sammelen. Iwwert déi freeë mir eis natierlech ëmmer besonnesch:
Zu Rëmeleng gouf „Schënteren“ eemol genannt, eng Bezeechnung, déi och schonn am LWB (Luxemburger Wörterbuch) als lokal Variant festgehalen ass. Doriwwer eraus ass d’Variant „Häipen“ vereenzelt virkomm; och dës ass am LWB fir de Raum Schwéibsbeng/Bech-Maacher/Réimech beluecht. Héieren hu mer dann am Minett nach jeeweils eng Kéier „Paangech“, „Panekuch“ a „Paangechten“.

D’Verdeelung vun de verschiddene Varianten no Alter ergëtt dës Kéier kee kloert Bild. Obwuel den „Eisekuch“ an allen Altersgruppen d’Haaptvariant ass, kann een am Diagramm erkennen, dass sech d’Variatioun duerch all d’Altersgruppen zitt.

 

 

 

Eng ganz flott a faarweg Kaart ergëtt sech dann, wann een sech déi regional Verdeelung vun den diverse Bezeechnungen méi genau ukuckt: Am Éislek(eschen) dominéieren d‘“Wafelen“ ganz kloer; den „Eisekuch“ kënnt hei nëmme vereenzelt vir. Fir de Rescht verdeelt sech den „Eisekuch“ sou zimlech am ganze Land; am Raum Bäerdref/Uesweller/Gréiwemaacher (a vereenzelt Réimech a Wuermer) kënnt säi Pendant „Eisekouch“ vir. Doriwwer eraus fält och nach op, dass d’Varianten „Gaufre“ a „Gaufer“ virun allem am Zentrum an am Minett verdeelt sinn.

 

 

 

  • bitzen

Huet d‘Néiesch gëschter gebitzt, gebutt, gebikst, gebukt oder awer gebéizt? Wéi eng Form dëst Verb am Partizip Perfekt unhëlt, huet ënner anerem domat ze dinn, a wéi engem Deel vum Land mir eis ophalen.

Bei der Auswäertung vun den 1412 Sätz, an deenen dëst Verb virkoum, konnten aacht Variante festgestallt ginn: gebitzt, gebutt, gebout, gebikst, gebukt, gebéitzt, genäht a genéit. Ausserdeem koum vereenzelt och genitt oder gebéitscht vir – Dës Variante goufen allerdéngs opgrond vun hirem seelene Virkommen ënner „Aner“ klasséiert.

 

Kuckt ee sech d’Kaart un, fält engem direkt an d’A, datt gebitzt (72% / n=820) gebutt am heefegste (16% / n=182) beluecht sinn. Déi aner Varianten deelen sech méi oder wéineger gläichméisseg op déi verbleiwend 12% op. Just gebukt gebéitzt weisen ee méi déiwe Prozentsaz par rapport zu den anere Varianten op.

 

 

Am Verglach mat der Kaart aus dem Luxemburgischen Sprachatlas (1950-1977; LSA) weist sech ausserdeem, datt d’regional Verdeelung vun deemools och haut nach erëmzëerkennen ass. Am Nordweste kënnt d’Variant biksen mat dem Partizip Perfekt gebikst bzw. gebukt, am Nordosten an zum Deel nach am Osten d’Variant béitzen mam Partizp Perfekt gebéitzt bzw. gebout an dotëscht an am Süden bitzen mat dem Partizip Perfekt gebitzt gebutt virOp dëser LSA-Kaart net verzeechent sinn d’Varianten nähen an néien, déi vereenzelt an enger west-ëstlecher Sträif iwwer Dikrech respektiv vum Südwesten bis an d‘Muselregioun virkommen. Consultéiert een hei d’LSA-Kaart zu méi(n)en/néien gesäit een, datt d’Variant néien och virun ca. 100 Joer schonn eng Roll gespillt huet, woubäi d’Regioun haut net méi esou konkret ëmrass ka ginn, wéi deemools.

 

Schliisslech, an dat ass och virdru schonn ugeklongen, kann nieft der regionaler nach eng weider Variatioun, déi sech konkret op de Partizip Perfekt bezitt, ausgemaach ginn – si betrëfft de Vokal am Stamm vum Wuert. Bei all de regionale Variante vu bitzen (léisst een nähen an néien ausser Uecht) sti sech am Partizip Perfekt jeeweils 2 Ausprägunge géintiwwer: gebitzt – gebutt, gebikst – gebukt, gebéitzt – gebout. Eng Variant mat Réckëmlaut (gebutt, gebukt, gebout) steet enger weiderer ouni Réckëmlaut (gebitzt, gebikst, gebéitzt) géintiwwer. Vu datt sech dëst Phänomen an alle regionale Variante weist, handelt es sech heibäi ëm e méi allgemenge Mechanismus.

 

Ass dat hei Sproochwandel? Dës Fro hei ze stellen, ass méi wéi legitim. An dowéinst muss een e Bléck op d’Verdeelung no Alter geheien. Hei loosse sech allerdéngs keng kloer Tendenzen erausliesen. Generell kann een awer soen, datt déi ëmgelaut Varianten (gebitzt, gebikst, gebéizt) onofhängeg vum Alter méi heefeg benotzt ginn. Geheit een e Bléck an d’Sproochgeschicht, kann een déi net ëmgelaut Varianten als déi méi al ausmaachen, wat dorop hiweist, datt mir et hei effektiv mat Sproochwandel ze dinn hunn, och wann déi 2 Variante scho laang a wahrscheinlech, an dorop weisen eis Daten hin – ëmmerhin benotzen och vill Jonker déi méi al Varianten nach – nach laang am Gebrauch wäerte sinn.

 

 

Wichteg ze soen, ass och nach, datt een d’Variant nähen net ouni Weideres op Sproochkontakt zeréckféiere kann. Kuckt ee sech nämlech d’Relatioun tëscht den Nennunge vun dëser Variant mat der Kompetenz am Däitschen un, fält op, datt jee méi héich Kompetenz am Däitschen, desto manner där Nennungen.

 

  • Mëtsch a Kaffiskichelchen

Fir d’éischt zu de Croissanten, Aachtercher, Schockelasrullen & Co. Déi meescht Participanten hunn déi ernimmte Schneekegkeete Mëtschen genannt – fir genee ze si ganzer 72%. Nëmmen 19% soen dozou Kaffiskichelcher, woubäi och 4% déi zwou Bezeechnunge benotzt hunn. D’Verhältnis ass also kloer, et gëtt eng Haaptvariant an eng Niewevariant. Et ass och net esou, wéi wann ee just an enger Regioun Kaffiskichelchen soe géif a soss am Land Mëtsch. Wann ee sech d’Kaart ukuckt, gëtt däitlech, datt een net wierklech eng regional Verdeelung ausmaache kann, och wann de Kaffiskichelchen am Zentrum an am nërdlechen Osten méi konzentréiert optrëtt an op der Musel an am Norde vum Land ganz seele virkënnt.

 

Den Alter schéngt awer hei erëm eng interessant Variabel ze sinn, déi Afloss op d’Verdeelung huet. Sinn d’Participantë méi jonk, soen se nämlech éischter Mëtsch, si se méi al, ass d’Wahrscheinlechkeet, datt se Kaffiskichelche soen, méi héich. An dësem Fall gëtt et also duerchaus Evidenz dofir, datt mir et hei mat Sproochwandel ze dinn hunn.

 

 

En ähnlecht Bild weist sech bei der Eclair – och wann d’Verdeelung vun der Heefegkeet hei quasi 50/50 ass. 46% soen Eclair mat engem laangen ea 54% mat engem ë[ə]. Op der Kaart loossen sech, genau wéi fir d’Mëtschen, keng wierklech Varianteregiounen ausmaachen. Kuckt een allerdéngs méi genau, gesäit een an der ieweschter Hallschent méi blo, also Eclair mat laangem e,an an der ënneschter méi rout, d.h. Eclair mat ë.

 

 

Hei lount sech och erëm ee Bléck op d’Variabel Alter. Och wann d’Zuele am Allgemenge manner kloer sinn, gesäit een och hei, datt jonk Participanten am Géigesaz zu eelere manner zu Eclair mat laangem wéi zu Eclair mat ë [ə ]tendéieren. Et kann een also och hei vu Sproochwandel schwätzen, woubäi et sech an dësem Fall éischter ëm eng Assimilatioun vun der Aussprooch handelt. Schwätzt een Eclair mat laangem aus, beweegt sech d’Aussprooch méi no un der franséischer – aus dem Franséische kënnt dëst Wuert jo och. Seet een Eclair mat ë gläicht een d’Aussprooch un d’Lëtzebuergescht un. A Saache Betounung ass dës Assimilatioun scho méi wäit fortgeschratt – zu 97% gëtt Eclair op der éischter an net op der zweeter a leschter Silb betount.

 

Summa sumarum: Wann Dir jonk sidd, schéckt Dir Är besser Hallschent wahrscheinlech éischter Mëtschen an eng [ə]clair sichen. Hutt Dir schonn ee gréissert Stéck vum Liewen hannert Iech bruecht, ass d’Chance grouss, datt den Uerder ass: „Kanns du eis w.e.g. nach séier e puer Kaffiskichelcher an eng [e:]clair fir d’Tatta Margréit siche goen!?“

 

 

  • kafen

Net seelen huet een et am Kader vu Variatioun mat esou enger ze doen, déi d’Endunge vu Wierder betrëfft. De Partizip Perfekt gehéiert och an d’Rei vun dëse Phenomener.

 

Géintiwwer sti sech hei kaaft a kaf bzw. kooft – kof  an k[ɔː]ft – k[ɔː]f. Geheie mir fir d’éischt ee Bléck op d’Kaart: Hei gëtt däitlech, datt kof/kooft eng nërdlech Variant ass, wougéint k[ɔː]ft – k[ɔː]f just am Süde beluecht sinn. D’Variante kat k[ɔː]t, déi bis elo nach net ernimmt goufen, beschränke sech an éischter Linn op de Süd-Oste vum Land. kaf kaaft (insgesamt 89%) déi als d’Haaptvariante gezielt kënne ginn, kommen, bis op déi ernimmte Regioun am Norden, eigentlech iwwerall vir. Vergläicht een d’Schnëssen-Kaart mat der Kaart aus dem Luxemburgischen Sprachatlas gëtt däitlech, datt d’Verdeelung vun deemools och haut nach existéiert. Déi Opmierksam ënner Iech gesinn natierlech direkt, datt et och Ënnerscheeder ginn an dat stëmmt natierlech och. Sou ass keng Süd-West-Variant méi festzestellen an et schéngt esou, wéi wann am Norden zwou nei Varianten entstane wieren –  kof an kooft. Et ass allerdéngs hei esou, dat mir et hei mat engem Lautwandel ze dinn hunn, deen am Allgemenge wierkt an dat eben och an de regionale Spriechweisen – hei weist sech dësen eben an der Verännerung vun [ɔː] zu [o]. Dee selwechte Prozess huet dozou gefouert, datt am Süd-Westen aus dem [ɒː] een [ɔː] gouf.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Eng weider Opfällegkeet, déi ee vun de Kaarten ofleede kann: Souwuel deemools, wéi och haut ass eng Variatioun tëscht de Variante mat der Endung -t an de Varianten ouni Endung (- Ø) ze verzeechnen. De Virdeel vun der Schnëssen-Erhiewung ass deen, datt et net nëmmen Daten zu der regionaler Verdeelung gëtt, mee datt een d’Daten och a Relatioun mat anere Variabelen, wéi zum Beispill Alter oder Kompetenz an enger Sprooch, setze kann.

 

 

Kuckt ee sech also d’Variante mat an ouni Endung a Relatioun mam Alter un, kann een eng Korrelatioun ausmaachen. Mam Alter geet de Prozentsaz u Variante mat -t erop, woubäi de Géigendeel an déi aner Richtung ausgemaach ka ginn. Jonk Leit benotzen also éischter kaf (ëm 75%) eeler Leit éischter kaaft (ëm 70%), wat zudeem och sproochhistoresch, déi méi al Variant assDëst weist dorop hin, datt déi al Variant mat Endung mat der Zäit ëmmer méi seele gëtt, wougéint d’Variant ouni Endung méi heefeg virkënnt. Dat bedeit allerdéngs net, datt d’Variante mat Endung komplett verschwanne wäerten – ëmmerhin existéiere béid Forme scho laang niefteneen. Datt sech dat elo séier ännert, dovu kann een net ouni Weideres ausgoen.

 

  • Ee

Och dat onscheinbart, awer wichtegt Wuert Ee, am Pluriel Eeër, ass am Lëtzebuergesche méi variabel wéi ee géif mengen. Am Ganze si mer an den Daten aus der Schnëssen-App 864 Eeër siche gaangen. Dräi Haaptvariante kënnen ënnerscheet ginn: EeërÄr an Aier. Fir mat der leschter a vläicht opfällegster Variant unzefänken: Fir de ganzen héijen Norden ass schéin ze gesinn, dass hei relativ stabil Aier, Singular Ai (deelweis mat laangem a:), gesot gëtt. Am Verglach mat der Kaart aus dem Luxemburger Sprachatlas gesäit een, dass dëst Gebitt kaum méi kleng ginn ass. Heiansdo huet sech déi nei Form Eeër heihinner veriert, awer am Groussen a Ganzen bleift Aier déi eenzeg Variant, och fir jonk Leit.

 

 

Fir de Rescht vum Land ass e grousse Mitschmatsch tëscht den zweesilbegen Eeër an den eesilbegen Är ze gesinn: Béid Forme fanne sech eigentlech iwwerall. Dat war zur Zäit vum alen Luxemburger Sprachatlas nach anescht. Wann een hei d’Kaart kuckt, fënnt ee bal iwwerall am Land haaptsächlech Forme mat ä (an der Kaart mam phonetesche Symbol [ɛ] geschriwwen) a Forme mat laangem ee (kleng riicht Strécher op der Kaart) kommen haaptsächlech an der Stad, d’Uelzecht erop a ronderëm vir. Dass mer also haut méi Eeër wéi Är hunn, deit op e Sproochwandelprozess hin, dee sech aus dem Zentrum vum Land an déi aner Regiounen ausgebreet huet.

An nach e weideren Aspekt seet eis, dass Eeër als déi mee rezent Form am Gaangen ass, sech weider ze verbreeden: D’Altersverdeelung an der Grafik hei ënnen illustréiert schéin, dass d‘Är vun der eelster Generatioun bis bei déi jéngst kontinuéierlech ofhëlt.

 

  • Villchen

Wéi esou dacks bei eisen Auswäertungen ass och hei erëm méi wéi eng Bezeechnung benotzt ginn, fir déi kleng gefligelt Déiercher ze benennen.

U sech kann een hei zwou Diminutivvarianten ausmaachen; Villercher Vigelcher an déi entspriechend net verklengert Formen Vullen Vigel. Bei de Formen, déi net verklengert goufen, sinn och nach d’Bezeechnungen Vill, een alternative Pluriel zu VullenVugelen a Piipmatzen gefall. Geheit een e Bléck op d’Heefegkeeten, gëtt kloer, datt et eng Haaptvariant gëtt: Villercher. Dës gëtt nämlech zu 70% benotzt. Op 16% kënnt Vigelcher. Déi aner Forme beweege sech all ënnert engem Taux vun 10%.

 

Als nächst lount sech ee Bléck op d’Kaart mat der regionaler Verdeelung vun de Varianten an e Vergläich mat der méi aler Kaart aus dem Luxemburgischen Sprachatlas (LSA). Et fält op, datt d’Variant Vigelcher (rout) méi heefeg am Norden, am Osten an an enger Sträif, déi sech tëscht deene Regioune vu Westen no Osten zitt, virkënnt. Dës deckt sech nach méi oder manner mat de Raim, déi op der LSA-Kaart gezeechent sinn. Et schéngt just esou, wéi wann dës Variant hautzedaags am Nord-Weste méi heefeg wier, wéi deemools. D’Haaptvariant Villercher (blo) kënnt am heefegsten am Süden, awer reegelméisseg och am Rescht vum Land, bis bal ganz erop an den Norde vir. Am Verglach zu der eelerer Kaart an a Kombinatioun mat den Heefegkeeten aus dëser Erhiewung kann een also dovun ausgoen, datt sech dës Variant weider ausgebreet huet. Dës Weidere fält op, datt d’Variante Veilercher a Vielcher, déi op der aler Kaart am Beräich vun der Musel am Süden respektiv am Norden agezeechent sinn, an de Schnëssen-Erhiewungen net virkommen. Dat heescht natierlech net, datt dës komplett verschwonne sinn, ma zumindest kann een dovun ausgoen, datt se keng grouss Roll méi spillen.

 

Obwuel villes vun dësen Observatiounen op Sproochwandel hindeit, kann een dëst net aus den Daten zu der Verdeelung vun de Varianten no Alter erausliesen. Et ass net esou, wéi wann eeler Leit éischter Vigelcher a jonk Leit éischter Villercher soe géifen. Datt dat de Fall ass, kann allerdéngs och dorop zréckzeféiere sinn, datt grad aus de Villerchersregioune méi Participanten ze verzeechne sinn, wat sech natierlech och op d’Heefegkeeten, déi ernimmt goufen, auswierkt.

Esou gesäit et éischter dono aus, wéi wa viru knapp honnert Joer an och haut nach zwou Varianten niefteneen existéieren, déi eng regional Verdeelung opweisen, woubäi eng méi wäit verbreet ass wéi déi aner an dowéinst och méi heefeg beluecht ka ginn.

 

  • Virwëtzeg

Et wierkt wéi ee lëtzebuergescht Original: de Virwëtz, virwëtzeg sinn. Ma wéi bal all d’lëtzebuergesch Wierder, huet och dësen Ausdrock seng Wuerzelen am Al- a Mëttelhéichdäitschen. Eist virwëtzeg kënnt vum ahd. firiwizic bzw. mhd. vor-, vür- oder virwitzec, wat deemools schonn d’Bedeitung hat, déi dëst Adjektiv och am haitege Lëtzebuergesch huet: dt. ’neugierig‘, fr.’curieux‘. Am Däitsche vun haut gëtt et vorwitzig natierlech och nach, allerdéngs huet sech d’Bedeitung vum Wuert am Verglach zum Al- a Mëttelhéichdäitsche geännert. Wann een als vorwitzig bezeechent gëtt, ass domat gemengt, datt een ‚keck‘ oder ‚vorlaut‘ ass. Am Däitschen ass dëst Wuert also éischter negativ konnotéiert – hei heescht et also oppassen, net datt et zu Mëssverständnesser kënnt ;-).

Och wann elo esou selbstverständlech vum lëtzebuergesche Virwëtz geschwat ginn ass – jo, Dir kënnt Iech et schonn denken – variéiert och dëst Wuert. Begéint si mir insgesamt siwe verschidde Variante vun dësem Wuert: virwëtzeg, virwëlzeg, vuerwëtzeg, vuerwëlzeg, virw(a/ä)tzeg, vuerw(a/ä)tzeg an neigiereg. Wéi Dir sécherlech scho richteg erkannt hutt, ënnerscheede sech dës Varianten nëmme minimal an dat entweder am Bezuch op de Präfix vir- vs. vuer- oder op d’Vokal-Konsonante-Kombinatioun an der Mëtt –ël- vs. -ët-.

Wat ass dann elo hei d’Haaptvariant? Ma dat ass hei net esou einfach ze soen. Et ginn zwou Varianten déi ongeféier d’selwecht dacks virkommen: virwëtzeg avirwëlzeg. Allerdéngs kommen dës op nëmmen 33% respektiv 34%. All déi aner Variante kommen zwar vill méi seele vir, kommen awer och op Prozentsätz tëscht 5% an 10%.

Kuckt ee sech d’Kaart un, wierkt dës op den éischte Bléck wéi ee grousst Duercherneen, wat bedeite géif, datt et sech net ëm eng regional Variatioun handelt. Konzentréiert een sech awer op d’Verdeelung vun de Punkte mat der intensiver bzw. blatzeger Fierwung fält op, datt d’Varianten, déi mat vuer- ufänken (blatzeg), sech an éischter Linn op den Norde vum Land konzentréieren. Mir hunn et hei also mat enger Nord-Süd Verdeelung ze dinn. Dëst gëllt, an dat beweist de Kuddelmuddel u Faarwen op der Kaart, allerdéngs net fir d’Variatioun vun –ël- an –ët-. Hei handelt et sech ëm déi Aart vu Variatioun, déi onofhängeg vun enger regionaler Verdeelung besteet.

Konzentréiere mir eis dowéinst emol op d’Verdeelung no Alter. A wien hätt et geduecht, hei verstoppt sech eng méiglech Erklärung fir déi net regional Variatioun. Mam Alter ginn d’Nennunge vun de Variante mat -ël- erof a fir -ët- erop.

Kombinéiert een dat mat der Observatioun, datt d’Variant mat -t- och am Al- a Mëttelhéichdäitschen eng Roll gespillt huet, kann een unhuelen, datt d’Form mat -l-  déi méi rezent ass an et sech hei ëm Variatioun handelt, déi een a Relatioun mat Sproochwandel setze kann.

Dat weist, datt d’Erklärunge munchmol ganz no schéngen, ma dann awer net esou evident sinn, wéi et op den éischte Bléck den Uschäin huet.

 

  • Poubelle

Bei der Auswäertung vu Poubelle oder Dreckskëscht treffen eng reng aus dem Franséischen iwwerholl Form op eng originär lëtzebuergesch Form. Wärend Poubelle nach net am Luxemburger Wörterbuch (1950-1977) ze fanne war, fënnt een allerdéngs Dreckskëscht mat eenzele Varianten, soumat ass déi Form déi eelst. Am neie Lëtzebuerger Online Dictionnaire existéiere béid Ausdréck eegestänneg. An der Grafik sinn och nach weider Bezeechnunge mat Dreck- opgefouert, déi awer all méi rar sinn.

 

Dreckskëscht, 45,6%, a Poubelle, 35,9%, sinn déi heefegst Varianten, allerdéngs bitt et sech un, all Forme mat Dreck– zesummen ze leeën, woumat dës da vill méi däitlech an der Frequenz virleien (59,8%). An deem Fall gëtt et quasi eng Heefegkeet vun zwee Drëttel géigeniwwer engem Drëttel. An enger weiderer Analys wär et sécherlech interessant ze kucken, ob d’Gréisst vun der Këscht oder dem Dëppen eng Roll op d’Bezeechnung huet, déi d’Leit benotzen.

Déi regional Verdeelung orientéiert sech net um Géigesaz tëschent Poubelle an Dreckskëscht, mee dës béid Forme stinn anere Variante géigeniwwer. Esou gëtt d’Land nërdlech vun Dikrech an ëstlech vu Jonglënster an zwee gedeelt: am Norden an am Oste gëtt et divers aner Ausdréck mat Dreck– als Determinans (z.B. –bac, –dëppen, asw.), wärend am Zentrum, Süden a Weste vum Land haaptsächlech déi zwou heefeg Formen optrieden.

 

D’Staffelung nom Alter seet bei dësem Beispill vill aus. Engersäits kann een erkennen, datt am Verlaf vu jonk bis al konstant de Gebrauch vun aneren Alternativen niewent Poubelle an Dreckskëscht zouhëlt. Anerersäits ass et an den Zilgrupp bis 34 Joer d’Poubelle, déi ufänkt, méi a méi an den alldeegleche Gebrauch ze kommen an domat aner Varianten, a virun allem d’Dreckskëscht ze verdrängen. D’Betounung vu Poubelle op där éischter Silb weist allerdéngs och, datt de Begrëff scho staark naturaliséiert ass an déi franséisch Aussprooch verluer huet.

 

 

  • zielen, erzielen a verzielen

Déi fréier Forme vun erzielen, verzielen an zielen goufen am Al- a Mëttelhéichdäitschen all benotzt fir „eppes der Rei no opzezielen“. Dono hu sech d’Verben am Däitschen, zumindest an der Standardsprooch, spezialiséiert. zählen gëtt just nach am Sënn vun „opzielen“ an erzählen generell am Sënn vun „mëndlech matdeelen“ gebraucht. Verzählen existéiert am Standarddäitschen just am Sënn vun „falsch zielen“. Anescht gesäit dat am Lëtzebuergeschen an och an den ënnerschiddlechen Dialektregiounen am däitschsproochege Raum aus.

erzielen, verzielen an zielen kënnen am Lëtzebuergeschen zwar och déi Bedeitungen unhuelen, déi dës Verben am Standarddäitschen hunn, mee si ginn och synonym fir „mëndlech matdeelen“ benotzt, wat ee Bléck op d’Auswäertungen ënnersträicht. Am Saz „Ta soeur est géniale, elle raconte souvent les meilleures blagues“ (n= 945) gouf raconter souwuel mat erzielen wéi och mat verzielen an zielen iwwersat. erzielen ass dobäi déi Variant, déi mat 64% (n=557) am heefegste virkënnt. Op déi zweet Plaz packt et zielen mat 25% (n=226) an op déi drëtt verzielen mat 11%. Besonnesch flott ass hei, datt och eng Rei regional Variante verzeechent kënne ginn. Heizou gehéieren z.B. erzeelen, erzällen, verzeelen, verziällen, zeelen an zällen.

Kuckt ee sech d’Kaart un, déi sech op d‘Verdeelung no Präfixen (ver-, er-, Ø-) konzentréiert, fält op, datt d’Variant, déi mat ver- ufänkt (rout) och eng regional Verdeelung Opweises huet. Si begrenzt sech nämlech an éischter Linn op den Norden an Oste vum Land, wougéint d’Variant mat er- (blo) am Norden méi seelen, am Oste scho méi dacks an am Rescht vum Land heefeg virkënnt. Do steet se och ëmmer a Konkurrenz mat der Kuerzform – där ouni Präfix (Bsp.: zielen, zeelen). Dës Kaart mécht sech och ganz schéin nieft de schonn existéierende Kaarten aus dem däitsche Sproochraum. Déi weisen nämlech, datt d’Grenzgebitt ëstlech vu Lëtzebuerg an éischter Linn en erziel-Gebitt ass, woubäi dorun dann ee verziel-Gebitt uschléisst. Nordëstlech vu Lëtzebuerg kann een direkt een Iwwergangsgebitt ausmaachen, wat soss ronderëm net de Fall ass. Dat ass eng Erklärung dofir, firwat verzielen am Norden an Oste vu Lëtzebuerg eng Roll spillt.

 

Déi aner Kaart gëtt d’Verdeelung no de Vokaler am Stamm vum Wuert erëm. Hei kann ee méi oder wéineger onofhängeg vun de Präfixen, véier Varianten ausmaachen: [iə], [e:], [(i)ɛ], [ɐ]. Och hei spillt den Norden eng besonnesch Roll. Just do kommen nämlech d’Variante mat [(i)ɛ] an [ɐ] fir (Bsp.: erziällen, verzallen, zällen). Do drënner kann een eng Regioun ausmaachen, an där – am Ënnerscheed zu anere Regiounen – ee laangen ([e:]) virkënnt (Bsp.: verzeelen). D’Variante mat Diphtong ie ([iə]) kommen, wann och an den ernimmte Regiounen manner, am ganze Sproochraum vir.

Béid Observatioune spigelen sech och schonn an der aller Kaart aus dem Luxemburgischen Sprachatlas erëm.

 

  • Puppelchen

Fir d’Wierder fir d“klengt Kand‘ hu mer d’Date vu 765 Participanten. D’Variatioun besteet am Fong tëscht dem Puppelchen, als der heefegster Variant, a verschidde Forme vu Beebee. Dobäi ass Puppelchen déi eelst Variant an ass etymolgesch Famill mat dem franséische poupon. Iwwregens ass am alen Luxemburger Wörterbuch (1950-1977) nach als d’Haaptform Pippelchen uginn, déi haut iwwerhaapt net méi virkënnt. Och Puppeli/Puppeléi ass praktesch net méi existent a just eemol an eisen Date realiséiert ginn.

 

Donieft hu sech véier Varianten iwwert de Sproochkontakt etabléiert, déi vum franséische bébé an dem englesche baby hierzeleede sinn. Hei ass fir d’éischt Bëbee ze nennen, wat eng typesch lëtzebuergesch Abiergerung vun engem franséische Wuert representéiert; vergläicht z.B. frs. télé > ltz. Tëlee, frs. vélo > ltz. Vëlo. Donieft huet sech awer och Beebee entwéckelt, wat méi no um Franséische bleift, just de Wuertakzent ass vun der leschter op déi éischt Silb geréckelt (a phonetesche Symboler [ˈbeːbeː]). An dann hu mer nach de B[aː]by, ausgeschwat mat engem laangen a. Hei muss een den englesche baby, méiglecherweis vermëttelt iwwert d’Däitscht, als Urspronk usetzen. D’Aussprooch ass hei ’no der Schrëft‘. Seelen ass schlussendlech Beebi, wat als eng franséisch-englesch Amalgaméierung ze klasséieren ass: Den Ufank kënnt vum franséische bébé an d’Wuert hält mam i vum englesche baby op.

Wann een d’Kaart kuckt, dann ass et séier evident, dass sech keng iergendwéi systematesch regional Verdeelung erkenne léisst.

 

Mee trotzdeem léisst sech eng Uerdnung an dësem Variantegemëschs fannen, an zwar wann een de Facteur vum Alter vun de Particpantë mat an d’Spill bréngt. D’Grafik hei ënne schlësselt d’Varianten no Altersklassen op, fir déi altersbedéngt Verännerung visibel ze maachen. D’Haaptverännerunge si fir Puppelchen a Beebee ze gesinn: Wärend Puppelchen bei eelere Leit déi heefegst Form ass, sou hëlt se no an no fir déi méi jonk Leit of. Op der anerer Säit gëtt dëse Réckgang dann duerch méi Beebeeën kompenséiert. All aner Variante bleiwe quasi onverännert iwwert d’Altersklassen. Och hei léisst sech also alt erëm de konstante Sproochwandel am Lëtzebuergeschen illustréieren.

 

  • Kéiseker

Wie kennt et net, dat klengt däregt Déier, dat sech gär hannert dem Kompost oder ënnert den Hecken am Gaart verstoppt an sech just an der Nuecht aus senger Stopp eraustraut. Ma wéi heescht dat eigentlech? Mir hunn 1285 Leit gefrot, kruten awer – wéi gewinnt – méi wéi eng Äntwert.

Knapp méi wéi d’Halschent (n= 687) vun de Leit hunn d’Déierchen Igel genannt. 36,6 % (n=461) dogéint hunn Kéiseker gesot. Eng drëtt, méi seele Variant ass Däreldéier (0,4%). Insgesamt 8,5% (n=107) hu souwuel Kéiseker, wéi och Igel an d’App geschwat. An engem Fall goufen esouguer déi dräi Variante genannt. Eng sëlleche Kéier ass eis och explizit matgedeelt ginn, datt een d‘Variant 1 seet, d‘Variant 2 awer och kennt oder ee selwer béides benotzt. Dat weist dorop hin, dass vill Participanten sech der Variatioun am Lëtzebuergesche bewosst sinn. Interessanterweis trëfft dëst net nëmmen op MammesproochlerInnen zou – och 4,3 % vun de Leit mat enger anerer Mammesprooch wéi Lëtzebuergesch hunn Igel Kéiseker genannt. Dat bedeit, datt Net-MammesproochlerInnen mat dem Lëtzebuergeschen och déi verschidde Facettë vun der Sprooch (kennen-)léieren.

An dësem Fall si lokal Varianten, wéi se och nach am Luxemburger Wörterbuch verzeechent sinn immens seelen. Hei fënnt een z. B. och nach Kéijhickeler, Mëllechigel, Kéiselek, Kéisilek, Kiselek, Kisicker anDäreg Échel. Ze héiere waren an den Opname just vereenzelt Beleger vu Kéisäker oder Kiseker. Se kommen awer esou seele fir, datt se an dësem Kader mat zu de Kéiseker-Beleger gezielt gi sinn.

E Bléck op d‘Kaart lount sech awer nawell. Am éischten Ament ass een eventuell e bëssen enttäuscht, well sech keng Varianteregiounen opdinn, allerdéngs verweist genau dëst op déi Aart vu Variatioun, déi eben onofhängeg vu Regiounen existéiert. Et sief dobäi gesot, dass dës fir d’Lëtzebuergescht alles anescht wéi seelen ass.

 

 

 

Idem gesäit et beim Alter aus. Och wann d’Verdeelung vun Igel Kéiseker vun Alterskategorie zu Alterskategorie schwankt, kann ee keng kloer Tendenz erausliesen. Jonk an Al kennen deemno dat däregt Déier ënnert sengen ënnerschiddlechen Nimm. Et schéngt just esou, wéi wann déi seele Variant Däreldéier de Jonke kee wierkleche Begrëff méi ass, woubäi opfält, datt och Persounen iwwer 65 dës Bezeechnung net benotzt hunn.

 

  • Päiperlek

An der Schnëssen-App hu 1459 Leit eis geäntwert a sech opgeholl, wéi si déi kleng, meescht faarweg Déiercher mat de Flilleken nennen an dobäi konnte mir feststellen, datt eng grouss Majoritéit Päiperlek seet. Déi aner zwou nennenswäert Variante si Pimpampel a Schmetterleng. All dës Forme si souguer schonn am Luxemburger Wörterbuch vermierkt gewiescht, woubäi de Schmetter-leng do nach ënnert där héichdäitscher Aussprooch Schmetter-ling ze fannen ass. Interessanterweis konnt déi aktuell Auswäertung kee Beleeg fir déi franséisch Variant Papillon fannen.

 

 

Mat 82,2% seet d’Majoritéit, also PäiperlekPimpampel a Schmetterleng kommen zesumme knapps iwwer zéng Prozent vun de Resultater, wat weist, wéi dominant d’Haaptvariant géigeniwwer vun deenen aneren ass. Obwuel also eng gréisser Zuel un diverse Begrëffer existéiert (z.B. PippelPléiperplapPäipeldéier, asw.), sinn dës allerdéngs nëmme wéineg vertrueden am Alldag vun deene meeschte Participanten.

Kuckt ee sech déi regional Verdeelung vun de Varianten un, mierkt een, datt Päiperlek (donkelblo) a Pimpampel (hellblo) queesch duerch d’Land representéiert sinn. Erausstieche maachen allerdéngs d’Forme Schmetterleng (donkelgréng) a Millermoler (hellgréng), déi am Éislek wäit verbreet sinn, a vereenzelt am Oste vum Land opkommen. Wärend de Millermoler zu engem Groussdeel an den Uertschafte Wolz an Iechternach representéiert ass, ass de Schmetterleng méi verstreet iwwer divers Géigende vum Norden (a vereenzelt soss uechter d’Land). Pléiperplap (donkelorange) a Pippel (hellorange) si weider regional Varianten, déi nëmme lokal opdauchen.

D’Verdeelung nom Alter weist, datt queesch bis bal bei déi lescht Altersgrupp de Päiperlek dominant ass, opfalend ass allerdéngs déi staark Representatioun bei jonke Spriecher. Variante wéi Millermoleroder Päipeldéier fanne sech da bal nëmme bei eelere Participanten.

 

  • Plage

Egal, ob Dir elo op d’Playa gitt, am Schaukelstull um Beach sëtzt, um Strand danzt, op d’belsch Plage fuert oder eppes maacht, wat glat a guer näischt mat Sand a Mier ze dinn huet, wëlle mir Iech elo schonn eng schéi Summervakanz wënschen!

Déi schmock Uspillung un Iech sécherlech bekannte Lidder kënnt dobäi net vun ongeféier – jo, dir hutt et erroden – mir presentéieren Iech elo hei exklusiv d’Auswäertung vun.

Wéi d’Wuertspiller zum Deel schonn duerchblécke loossen, gëtt et – mir sinn et och net anescht gewinnt – méi wéi eng Manéier dës Plaz beim Mier ze bezeechnen.

  • 965 Participanten, 50% Plage a 43% Strand
  • Eng 4% hunn d’Bild mat anere Wierder ëmschriwwen a knapp 3% hu souwuel Plage, wéi och Strand gesot.
  • D’Kaart:


1. Et erkennt ee keng wierklech Varianteregiounen.
2. Tendenzen: Am Süd-Weste sinn d’Strand-Nennungen éischter seelen, dofir huet d’Plage hei d’Iwwerhand. Dat gesäit am Norden an zu Deel och am Osten anescht aus. Hei sinn d’Strand-Nennunge méi heefeg.

  • D’Grafik mat der Verdeelung no Alter


Déi méi jonk tendéiere par Rapport zu deene méi eeleren éischter dozou „Strand“ ze soen. Trotzdeem, an dat spigelt sech jo och an den allgemengen Zuelen, geet d’Tendenz mat Ausnam fir d’Participanten tëscht 25 a 34 ni ënner 50% fir Plage.

  • D’Korrelatioun tëscht der Sproochkompetenz am Däitsche respektiv am Franséischen an der Wiel vun der Variant bei de Participantë mat Lëtzebuergesch als Mammesprooch.

1. Wat d’Kompetenz am Franséischen méi héich ass, wat méi dacks zu Plage tendéiert gëtt.

2. D’Strand-Nennungen ginn NET analog zu der Kompetenz am Däitschen an d’Luucht.

Et ass also, zumindest an dësem Fall esou, dat eng gutt Kompetenz am Franséischen dozou féiert, datt eng geléinte Form aus der franséischer Sprooch méi dacks gebraucht gëtt, dat awer net fir déi geléinte Variant aus der däitscher Sprooch an déi respektiv Kompetenz am Däitsche gëllt.

 

  • Nuecht

Gitt uecht! ‚t ass Mëtternuecht! Gitt uecht! ‚t ass däischter um Späicher an d’Geeschter si Meeschter. 

Nee, et geet elo hei net, wéi de Ufank vum Jhemp Hoscheit sengem Gedicht „Eng Monster -Party“ gleewe loosse kéint ëm Geeschter, Hexen a Piraten, ma et geet ëm déi Zäit an där sech dës Wiese ganz wuel fillen – et geet ëm d’Nuecht.

858 Mol gouf de Saz, an deem Nuecht virkënnt iwwersat an dobäi konnte mir ganzer siwen ënnerschiddlech Variante vun deem Wuert  ausmaachen:Nuecht, Nuet, Noocht, Noacht, Nait, Naacht [nɔːχt] an Naacht [naːɕt], woubäi d’Adverb hënt och virkënnt.

Mat 71% kënnt Nuechtam heefegste vir, op d’zweet Plaz kënnt Nuetmat 16% an d’drëtt Plaz beleet hënt mat 4%. Et gëtt also kloer eng Haaptvariant an eng Rei weider Niewevarianten. An dësem Fall ass et och net esou, datt ee bei de Variante vun ënnerschiddleche Wierder schwätzt, ma éischter handelt et sech ëm ënnerschiddlech regional Aussproochen.

 

 

 

Kuckt ee sech d’Kaart un, gëtt op den éischte Bléck kloer, firwat ee vun enger regionaler Verdeelung ausgoe kann. Vir eng Rei vun de Variante loossen sech entspriechend Raim ausmaachen. Am Norde vum Land gëtt et eng Nait– an eng Naacht [naːɕt]-Regioun (orange an hellmof), an deenen d’Haaptvariant keng Roll spillt. Beweegt ee sech Richtung Süden, kann een eng Noocht– an eng Noacht-Regioun ausmaachen (hell- an donkelgréng) , woubäi dës och mat Beleg vun der Haaptvariant (donkelblo) duerchsat sinn. Dës Variante si vereenzelt och un der ieweschter Musel ze fannen. D’Variant Nuet (hellblo) ass zimlech eendeiteg éischter eng Südvariant, déi seele bis guer net iwwer Dikrech beluecht ass.

Vergläicht een dës Kaart mat der eelerer Kaart aus dem Luxemburgischer Sprachatlas, erkennt een d’Regiounen, iwwer déi grad riets war, erëm, woubäi ee Vergläich och weisst, datt Nuet sech aus dem Süden eraus Richtung Zentrum ausbreet. Dat selwecht gëllt awer och fir d’Haaptvariant, déi och op der eelere Kaart schonn déi gréissten Ausbreedung Opweises huet.

Fir ofzeschléissen nach e puer Wuert iwwer d’Verdeelung no Alter. Hei loossen sech elo keng grouss Tendenzen ausmaachen, allerdéngs kann een aus der Grafik erausliesen, datt – anescht, wéi oft geduecht a gesot gëtt – déi méi jonk Generatioune mindestens genau esou vill regional Varianten kennen a soen, wéi déi eeler.

 

 

  • Fussball, Futtball & Co.

Vill Leit sinn de Moment jo am WM-Féiwer an déi eng oder aner vun Iech hate bestëmmt schonn eng Diskussioun an der Famill, mat Frënn oder Kolleegen doriwwer, ob et dann elo Fussball, Foussball oder Futtball heescht. Mir hunn d’Äntwert oder op d’mannst eng éischt Auswäertung vun deem, wat Dir eis beim Bild vum ronne Lieder an d’App erageschwat hutt.

Bei der Bezeechnung fir de faméise Ball, gëtt et eng Variant, déi kloer am dackste benotzt gëtt: Fussball. Ëmmerhin hu bis elo vu 749 Leit 71,2% Fussball gesot. D’Variante Futtball Foussball komme mat 11,9% respektiv 9,5% däitlech méi siele vir.

Bei der Verdeelung vun de Variante vun dësem Wuert ginn et awer och nach weider Opfällegkeeten:

  • Wat d’Spriecher méi jonk sinn, wat Futtball méi seele virkënnt.
  • D’Männer sote méi dacks Futtball wéi d’Fraen.
  • Foussball ass virun allem am Norden an Oste vu Lëtzebuerg beluecht.
  • Futtball kënnt haaptsächlech am westleche Guttland an net méi nërdlech wéi Ettelbréck vir.
  • D’Stad Lëtzebuerg ass déi Uertschaft mat dem héichsten Futtball-Undeel – 25,6% vun de Participanten aus der Stad (dat sinn ëmmerhin 13,7% méi, am Verglach mat der allgemenger Auswäertung) hu Futtball gesot.

Hei kënnt Dir Iech duerch d’Opname klicken:

 

  • Muert

  • Nodeems mir eis 1087 Opnamen zum Bild mam orangë Geméis ugelauschtert hunn, kënne mir Iech folgend flott éischt Resultater presentéieren:Et ginn 2 Haaptvarianten: Muert a Wuerzel. Muert ass vun insgesamt 62,2 % (n=669) vun de Leit gesot ginn a Wuerzel kënnt zu 28,1 % (n=302) vir. Déi aner 9,7 % verdeelen sech op weider Variante vu Muert (Morten, Murschten a Muurten), Karotten (1,4%), Duebelnennungen a vereenzelt aner Bezeechnungen (0,5%).Besonnesch interessant bei der Muert/Wuerzel ass déi regional Verdeelung, wéi een op der Landkaart novollzéie kann.Et fält op, datt d’Muert am ganze Land verbreet ass, wougéint d’Wuerzel virun allem am Süden/Südwesten, am Zentrum a vereenzelt bis erop op Dikrech virkënnt. Den Norden, d’Muselregioun an och de Weste schénge relativ kloer Muerte-Gebidder ze sinn. Immens gefreet huet eis, datt eis App och eng Variant agefaangen huet, déi nëmmen am Veianer Raum virkënnt: d’Murschten. Dës an aner regional Varianten beleet och den Artikel zu de Muerten aus dem LWB. Den Artikel zu der Wuerzel aus deem Dictionnaire verweist och dorop, datt Wuerzel déi regional Variant vu Muert am Süden war bzw. ass. Op dëser Kaart erkennt een, datt an den ugrenzende Regioune vun Däitschland ähnlech Muerte-Varianten – Möhre Morte beluecht goufen. A Loutrengen kënnt och d’Wurzel vir. Luusst een an d’„Wörterbuch der deutsch-lothringischen Mundarten“, ginn et och hei Artikelen zu de Begrëffer Wurzel a Mort. Et verwonnert dowéinst net, datt Mort och an eisen Daten, virun allem an der Muselregioun, beluecht ass.Wëllt Dir Iech e bëssen duerch d’Opnamen duerchklicken? Op de Kaarten, déi dir hei gesitt, kënnt Dir genau dat maachen:
    • Tëleecommande

    Och d’Auswäertung vun dem Bild „Tëleecommande“ huet immens spannend éischt Resultater bruecht. 43% vun de Variante sinn ‚Tëleecommande‘ ([təleː]commande), ‚Teeleecommande‘ ([teːleː]commande) oder einfach ofgekierzt ‚Commande‘, woubäi d“Teeleecommande‘, also d’Variant mat zwee laangen e-Vokaler hei kloer preferéiert gëtt. Zu 48% gouf den Objet um Bild ‚Fern(seh)steierung‘ (‚Fernsehsteierung‘ kënnt ëmmerhin 3 Mol vir), ‚Fernsteuerung‘ oder ‚Fernbedienung‘ genannt. Méi seelen, gouf ‚Knips(er)‘, ‚(Fernseh)Apparat‘, ‚Dr(u/ü)ck(s)er‘ oder ‚Dréck(er/ert)‘ an d’App geschwat. Interessant sinn och déi ënnerschiddlech Varianten, déi an der Grafik ënner „Aner“ regruppéiert sinn. Hei fannen sech Bezeechnungen wéi ‚Fernsehszuupsi‘, ‚Ritsch‘, ‚Schéiss‘ oder ‚Jauf‘.

     

    Kuckt ee sech d’Verdeelung no dem Alter vun de Participanten un, ergëtt sech folgend Bild:

    Hei loossen sech keng esou kloer Tendenzen, wéi bis elo fir beispillsweis de Stréihallem ofleeden. Et schéngt awer esou, wéi wann déi méi jonk Participantë méi verschidde Variante kenne géifen. Dat kann awer och domat ze dinn hunn, datt dës Alterskategorien bei eisen Notzer besonnesch dacks vertruede sinn.

     

    • Schallimo

    Alles an allem (549 Opnamen) hunn 49% (271) vun de Leit ‚Schallimo/Schallümo‘ gesot an 43% (233) ‚Stréihallem/Strihallem‘ an eis App erageschwat. Doriwwer eraus hu 5% (27) béid Wierder genannt, 1% (8) hu ‚Stréihallimo‘ gesot; aner Varianten (2%, 10) hu mer ënner „aner“ (z.B. ‚Paille‘) am Diagramm zesummegefaasst.

     

    Regional weist sech e méi oder manner kloert Bild: D“Schallimoen‘ (gréngelzeg) si groussflächeg am Guttland ze fannen. D“Stréihällem‘ (bloelzeg) dominéieren am Norden, awer och un de Grenze vum Land, a se sinn och relativ heefeg am Minett. Et gesäit sou aus, dass d“Schallimoen‘ sech aus dem Zentrum vum Land eraus ausbreeden.

     

    Ganz interessant ass et och, sech d’Verdeelung vun de Varianten no Altersgrupp unzekucken: Eis eeler Participanten haten eng kloer Preferenz fir ‚Stréihallem‘, wärend déi méi jonk Leit éischter ‚Schallimo‘ gesot hunn. E klengen Detail: D’Variant ‚Schallümo‘ (16) ass bal ausschliisslech vu jonke Spriecher bis 34 Joer gewielt ginn.

     

    Zousätzlech hu mer eis och nach de Pluriel vu ‚Stréihallem‘ méi genau ugekuckt , deen insgesamt 174 Leit gesot hunn. Hei hu 77% (134) ‚Stréihällem‘ gesot. Och aner Variante goufen e puer mol genannt, wéi beispillsweis ‚Stréihallemen‘ (6%, 11) oder och nach ‚Stréihalmen‘ a ‚Stréihalmer‘ (jeeweils 5%, 8). Den Detail gesitt Dir am Diagramm, woubäi mir Eenzelnennungen och erëm ënner „aner“ zesummegefaasst hunn.

    Wat sot Dir zu de Resultater? Sidd Dir e bësse paff, dass ‚Schallimo‘ de (knappen) Gesamtgewënner ass oder hutt Dir schonn domat gerechent? Schreift eis op Facebook.

     

    • Seejomes

    Nodeems mir eis eng 530 Opnamen ugelauschtert hunn, sinn hei wéi versprach d’Resultater vum “klenge Gedéiesch”.

    Hei schonn e klengen Iwwerbléck:

    Dir hat beim Quiz eng gutt Nieschen: 77% vun Iech hu Seejomes (oder eng Variant dovun) gesot, nëmmen 23% Ameis. Insgesamt hu mir ganzer 25 Variante vum Wuert “Seejomes” héieren. Am Diagramm gesitt Dir déi, déi op d’mannst zweemol gesot goufen. Eng ganz Partie sinn awer och just eemol virkomm (a sinn ënner “Aner” regruppéiert): Jeejemes, Seesomes, Seemus, Seejamus, Jeemunnes, Seechmajomes, Sejummes, Jojeemes, Jeesopiss a Jeesamus.

     

    Och am Luxemburger Wörterbuch (1950-1977) sinn esou munch Variante verzeechent.

     

     

    Et fält doriwwer eraus op, datt et bei Seejomes zwou verschidde Betoununge gëtt: seeJOmes oder SEEjomes

    Besonnesch spannend ass ausserdeem d’Verdeelung vu Seejomes (a senge Varianten) an Ameis op déi verschidden Altersgruppen. Mam Alter hëlt de Prozentsaz vu Seejomes ëmmer méi zou.

    Wann Dir Iech allerdéngs d’Landkaart mat der Verdeelung ukuckt, stellt ee fest, dass et – am Géigesaz zur Freideg-Kaart – keng siichtbar regional Verdeelung gëtt.

     

    • Freideg

    Mir hunn eis dru ginn an als éischt Wuert de „Freideg“ ausgewäert.  Hei gesitt Dir d’regional Verdeelung vun de verschiddene Varianten. Am Ganzen hu mer bis elo 530 Äntwerte kritt, déi sech op sechs Haaptvariante verdeelen:

    Legend:
    Freideg: hellblo
    Freiden: däischterblo
    Freidig: orange
    Fregdeg: hellgréng
    Fregdig: däischtergréng
    Freddeg: rout
    Aner Formen: schwaarz (z.B. Freddig, Fregdes, Fraddig)

    Wat äis dobäi opfält:
    D’Form „Freiden“ (däischterblo) huet sech an de leschte Joerzéngte massiv aus dem Minett eraus am ganze Land ausgebreet an ass am Gaangen de „Freideg“ ze verdrängen. An Zuelen ausgedréckt: 205 „Freideger“ vs. 263 Mol „Freiden“. Dës Entwécklung betrëfft och déi aner Wochendeeg (Méinden, Sonnden etc.) an Zäitangaben (Nomëtten, Mëtten). Den Ënnerscheed gesäit een däitlech, wann ee sech déi entspriechend Kaart aus dem „Luxemburger Sprachatlas“ ukuckt; deemols waren nämlech Formen op -en just am Südwesten ze fannen.

    Fir de Süde war deemols och d’Form „Frëdden“ ganz geleefeg, mee, wéi et schéngt, kënnt se hautesdags kaum méi vir. Awer vläicht ännert sech dat jo nach, wann nach méi (eeler) Leit aus dem Süde matmaachen.