D’Schnëssen-App geet an hir 5. Ronn!

Et ass nees esou wäit: An der App ginn et eng Hellewull nei Biller, Sätz fir ze iwwersetzen a Froen ze beäntwerten. Wéi sot Dir: Kanéil oder Zimt? Falen, Rampel, Rompel oder Ronschelen? Dës Kéier interesséiert eis ënnert anerem och, wat Äert Liiblingswuert am Lëtzebuergeschen ass – besonnesch do si mer schonn op Är Äntwerte…

Ganzen Artikel

Zahnpasta, Zännseef an de Brexit

Ufanks der Woch huet de Lëtzebuerger Ausseminister d’Brexitverhandlungen an engem Interview mat Zahnpasta verglach. De Jean Asselborn sot an dësem Kontext: “Das ist wie mit der Zahnpasta: Man bekommt sie sehr einfach aus der Tube raus, aber nicht mehr drin.” Dobäi stellt sech fir eis net nëmmen d’Fro, wéi hien op deen (net ganz onwitzegen)…

Ganzen Artikel

Virtrag iwwer Gebäerdesprooch zu Lëtzebuerg

Am Kader vun der Linguistik-Aféierung an eisem Luxemburgistik-Master stoung haut d’Thema Gebäerdesprooch zu Lëtzebuerg um Programm. Dofir waren d’Nicole Sibenaler an de Fabio Giusti vun Daaflux souwéi d’Sabrina Collé an d’Mylène Straus vun der lëtzebuergescher Hörgeschädigten Beratung bei eis op Besuch. Am Virtrag ass et engersäits ëm d’Gebäerdesprooch(en) am Allgemengen, anersäits awer och ëm déi…

Ganzen Artikel

Vum Caddie bis bei den Akofsweelchen

Waart Dir de Weekend och Är Kommissioune fir d’ganz Woch maachen an hutt dobäi e grousse metallene Kuerf op véier Rieder duerch d’Rayone vum Supermarché gedréckt? Déi, déi dëse Sonnden de Wëssensmagazin PISA iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch gekuckt hunn, wëssen natierlech schonn, dass mir eis an der Lescht ënnert anerem mat de Bezeechnunge fir dës Akafshëllef…

Ganzen Artikel

Sech op d’Strëmp maachen

Nodeems mir viru Kuerzem an engem vun eise Facebook-Posts nogefrot haten, ob eis Schnëssen-Participanten eventuell eng Liiblingsauswäertung hunn oder et en Item gëtt, vun deem si gäre Resultater wéilte gesinn, si mir op d’Strëmp komm. 🙂 Mir hunn eis also dofir 1129 Iwwersetzunge vum Saz “Hast du auch genug Socken eingepackt” ugelauschtert a Folgendes erausfonnt:…

Ganzen Artikel

Vun Hënn, Muppen a Co.

Haut um Liebe-dein-Haustier-Tag resp. Love Your Pet Day – op Lëtzebuergesch da wuel eppes ewéi Hief-däin-Hausdéier-gär-Dag oder sou? 😉 – hu mir eis méi genau mat der Variatioun tëscht Hond a Mupp auserneegesat. Méi konkret hu mir dofir een Item ënnert d’Lupp geholl, bei deem e(n) GIF, also souzesoen eng animéiert Bilddatei, mat zwee Hënn…

Ganzen Artikel

„Je t’aime“ op Lëtzebuergesch

„Je t’aime“ – genau dëse romanteschen Ausdrock hu mer eis Schnëssen-Participanten an der zweeter Ronn vun der App op Lëtzebuergesch iwwersetze gelooss. Extra fir Vältesdag hu mir eis déi ca. 1020 Opnamen ugelauschtert an och wann dierft kloer sinn, wéi een Ausdrock mir am dacksten ze héiere kruten, hu mer och bei dësem Item erëm…

Ganzen Artikel

Kaffi drénken a Co.

An der zweeter Ronn vun eiser Schnëssen-App hu mir d’Leit ë.a. d’Fro gestallt, wéi si déi éischt Moolzecht vum Dag nennen. An deenen 875 Opnamen, déi mir bei deem Item ausgewäert hunn, fanne sech, wéi sou dacks, direkt e puer Varianten. Am heefegste gouf mat 38,1% d’Variant „Kaffi drénken“ (333) genannt, op déi zweet Plaz…

Ganzen Artikel

Master-Diplomiwwerreechung 2016

Leschte Freiden, de 25. November, war um Campus Belval déi grouss Master-Diplomiwwerreechung vun allen dräi Fakultéite vun der Uni Lëtzebuerg. Am groussen Auditoire vun der Maison du Savoir kruten e puer honnert Absolventen hiren Diplom iwwerreecht – dorënner och 10 Studentinnen a Studente vun eisem Master en Langues, Cultures et Médias: „Lëtzebuerger Studien“. Mir gratuléieren…

Ganzen Artikel