Ressourcë fir d'Lëtzebuergescht

D’Fuerschungsportal Infolux gëtt Accès zu enger Rëtsch Ressourcen iwwert d’Sprooch (Atlassen, Sproocherkennung, Apps, Tools a méi), déi an eisem Institut entstoen. Et fënnt een hei och Informatiounen iwwer ProjetenPromotiounsprojeten a Publikatiounen aus dem Institut fir lëtzeguergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft op der Uni Lëtzebuerg. Oder liest eise Blog, wou mir aktuell Aspekter aus eiser Fuerschung virstellen.

Geschichte der Schriftwechsel im „Luxemburger Wort“ (1848-1980)

Für die Linguistik galt lange Zeit, dass Schrift als graphische Repräsentation von Sprache keine linguistische Relevanz besitze: Die Form eines Buchstabens an sich wäre demnach linguistisch irrelevant und es zählt lediglich, dass die Form eines <a> Distinktivität besitzt, um es von anderen Buchstaben zu unterscheiden. Alle schriftsystematischen und typographischen Aspekte beträfen demnach ausschließlich die ‚Materialität‘…

Details

Kee Colloque den 18.5.

Gudden Owend, de Colloque e Méindeg (18.5.) mam Jeanne Glesener muss aus perséinleche Grënn leider ausfalen. An domat ass de Fréijoerscolloque och scho fäerdeg fir dëst Semester. Mir soen alle Leit merci, déi mat dobäi waren! Am Hierscht geet et weider mat neie Presentatiounen an neien Diskussiounen! … plus déi, déi dëst Semester leider hu…

Details

Buchukënnegung: Dem Batty Weber säin Abreißkalender (1913-1940): Theemen a Musteren – Erausgi vum Anne-Marie Millim

De Sammelband Dem Batty Weber säin Abreißkalender (1913-1940): Theemen a Musteren, erausgi vum Anne-Marie Millim (Universitéit Lëtzebuerg), bréngt eng nei, differenzéiert Perspektiv op ee vun de bedeitendste publizistesche Projeten an der Lëtzebuerger Kulturgeschicht. Am Mëttelpunkt stinn déi ronn 7000 Feuilletonen, déi de Batty Weber iwwer bal dräi Joerzéngte verfaasst huet. Mat Witz, stilistescher Finess an…

Details

kee Colloque de 4.5. um 12:00

De Colloque vu muer (Kleng Kulturen – eng Diskussiounsronn mat der Luxemburgistik) muss aus organisatoresche Grënn leider an d’Wantersemester verréckelt ginn. Den aktualiséierte Plang fannt Der hei: Colloque 2026 Technesch Info: Wann Der d’Säit vum Colloque normal um Handy opmaacht, gëtt d’Tabell heiansdo net richteg ugewisen, dat ass besser am „Querformat“ vum Handy oder um…

Details