Op Niklosdag war dëst Joer eng méi lass am Institut vun der Luxemburgistik: Eis éischt Porte ouverte um Campus Belval an eisen éischten zweestellege Gebuertsdag, 10 Joer Luxemburgistik!

Et gouf Kuch a Schampes an natierlech och nees eis Pousteren, déi weise sollten, wourunner de Moment gefuerscht gëtt. Hei haten d’Leit och d’Méiglechkeet, Froen ze stellen a mat eis ze diskutéieren. Mer soen all deene Leit Merci, déi bis op Belval komm sinn a mat eis ugestouss hunn.

Fir déi, déi net d’Méiglechkeet haten, kucken ze kommen, hei nach eng Kéier d’Inhalter an d’Auteure vun eise Pousteren:

  • Britta Weimann: Die Wortbildung des moselfränkisch-luxemburgischen Raumes
  • Caroline Döhmer: Lëtzebuergesch Modalverben – den ‚enfant terrible‘ vum Verbsystem
  • Christoph Purschke: Lingscape App – citizen science meets linguistic landscaping
  • Fabienne Gilbertz: De Lëtzebuerger Literaturbetrib an den 1960er an 1970er Joren
  • Ian De Toffoli: Une poétique du drame luxembourgeois en quelques moments clés
  • Jamie Liddell: „Here come the clusters…“ – the linguistic reconfigurations of Luxembourgish hip hop
  • Jeanne E. Glesener: Geschicht vun der Lëtzebuerger Literatur & Kleng Literaturen an Europa: Definitioun, Typologie a Struktur
  • Judith Manzoni: Lëtzebuerger Intonatioun – d’Melodie vun der Sprooch
  • Julia de Bres: Drawing emotions about multilingualism in Luxembourg
  • Lucas Duane Bernedo: Language Policing in the Balearic islands
  • Maike Edelhoff: E Stéck(el)che(n) méi no un de Beem(er)cher – Diminutiver un der däitsch-lëtzebuergescher Grenz
  • Peter Gilles: Der luxemburgische Familiennamenatlas
  • Sara Martin: Hatt oder si?
  • Tina Thill: Wéi schwätze Fransouse Lëtzebuergesch?

 

Mir vum Institut wënschen Iech alleguer schéi Feierdeeg!

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.