Nodeems mir eis 1087 Opnamen zum Bild mam orangë Geméis ugelauschtert hunn, kënne mir Iech folgend flott éischt Resultater presentéieren:Et ginn 2 Haaptvarianten: Muert a Wuerzel. Muert ass vun insgesamt 62,2 % (n=669) vun de Leit gesot ginn a Wuerzel kënnt zu 28,1 % (n=302) vir. Déi aner 9,7 % verdeelen sech op weider Variante vu Muert (Morten, Murschten a Muurten), Karotten (1,4%), Duebelnennungen a vereenzelt aner Bezeechnungen (0,5%).Besonnesch interessant bei der Muert/Wuerzel ass déi regional Verdeelung, wéi een op der Landkaart novollzéie kann.
Et fält op, datt d’Muert am ganze Land verbreet ass, wougéint d’Wuerzel virun allem am Süden/Südwesten, am Zentrum a vereenzelt bis erop op Dikrech virkënnt. Den Norden, d’Muselregioun an och de Weste schénge relativ kloer Muerte-Gebidder ze sinn. Immens gefreet huet eis, datt eis App och eng Variant agefaangen huet, déi nëmmen am Veianer Raum virkënnt: d’Murschten. Dës an aner regional Varianten beleet och den Artikel zu de Muerten aus dem LWB. Den Artikel zu der Wuerzel aus deem Dictionnaire verweist och dorop, datt Wuerzel déi regional Variant vu Muert am Süde war bzw. ass.
Op dëse Kaarten erkennt een, datt an den ugrenzende Regioune vun Däitschland ähnlech Muerte-Varianten – Möhre a Morte beluecht goufen. A Loutrengen kënnt och d’Wurzel vir. Luusst een an d’„Wörterbuch der deutsch-lothringischen Mundarten“, ginn et och hei Artikelen zu de Begrëffer Wurzel a Mort. Et verwonnert dowéinst net, datt Mort och an eisen Daten, virun allem an der Muselregioun, beluecht ass.