Pech oder Pëch?

19. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner Haut kucke mir eis méi genau un, wat d´Schnëssen-Participantë bei enger Foto mat enger Tüb flëssegem Pech an d´App geschwat hunn. De Kéisdiagramm weist fir d´éischt emol, dass sech an den 931 Opnamen eng Partie Variante verstoppt hunn. Vir bäi mat iwwer 54% a gutt 21% sinn do natierlech an éischter…

Ganzen Artikel

E „gefëllten“ oder e „gefëlltene Croissant“?

18. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner   Wéi sot Dir, bestellt Dir beim Bäcker e gefëllten oder e gefëlltene Croissant? Eis Participanten op jidder Fall preferéiere mat 57% d’Variant mam zousätzlechen en. Dobäi muss een allerdéngs umierken, datt deen zousätzlechen en an de meeschte Fäll net voll ausgeschwat gëtt, ma den e verschléckt gëtt. Ausgeschwat gëtt d’Variant…

Ganzen Artikel

D’Variante vu „Leit“

15. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner Zu wéi enger Regioun a Variant gehéiert Dir? Ähnlech wéi fir de 6. Dezember (net), ass och d’Verdeelung vun dëse Variante vum Begrëff Leit. Vum déiwe Minett bis op d’Héicht vun Dikrech kann ee gesinn, datt et bal keng Ofweichunge vun dësem Standard gëtt. Just am ëstlechsten Deel vum Osten gëtt…

Ganzen Artikel

D’Variante vu „Gaart“

14. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner Fir déi 14. Dier am Kalenner hu mir d’Aussprooch vum Begrëff Gaart analyséiert, wat eis eng opfalend regional Verdeelung geliwwert huet. Ass am Groussdeel vum Land d’Haaptvariant Gaart präsent, fält nërdlech vum Zentrum nach Gäert an d’Gewiicht an am Éislek d’Variant Goort, allerdéngs zimlech sporadesch. Méi konsequent dogéint ass de Minett…

Ganzen Artikel

Huet hien „gewonn“ oder „gewonnen“?

13. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner Hannert dëser Dierche verstoppt sech d’Variatioun vum Partizip Perfekt vu gewannen. Wéi ee schonn am Kéisdiagramm erkenne kann, sinn d’Varianten, déi hei eng Roll spillen, gewonn a gewonnen, woubäi d’Variant mat -en mat knapp 63% däitlech méi dacks virkënnt, wéi déi ouni.   Wat seet eis d’Opschlësselung vun der Variatioun no…

Ganzen Artikel

E Réckbléck op den 1. Schnëssen-Workshop – Sproochfuerscher*in fir een Dag

Am Computerraum vun der Maison des Sciences Humaines um Belval sëtzen interesséiert Fraen a Männer mat Kopfhörer op, déi konzentréiert Computertasten erklénge loossen an sech dotëscht ëmmer erëm kuerz austauschen. Dat si wuel Student*innen, déi eppes fir hiert Studium maachen oder Fräiwëlleger, déi un iergendenger vun dësen Etüden, déi d’Uni ëmmer mol erëm mécht, deelhuelen,…

Ganzen Artikel

„hatt“ oder „si“?

12. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner Haut kucke mir eis direkt zwee Resultater un, fir se matenee vergläichen ze kënnen. Eng vu ville Froen, deene mir an eisen Daten noginn, ass och de Gebrauch vun de Pronomen hatt a si. Méi konkret hu mir eis ugekuckt, wéi d’Leit zwee franséisch Sätz mam weibleche Pronomen elle iwwersat hunn.…

Ganzen Artikel

„zwee“ oder „zwou“?

11. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner Fir d´Adventskalennerdierche vun haut hu mer eis de Gebrauch vun zwee an zwou an engem ganz bestëmmte Kontext ugekuckt: Als Deel vun engem vun de Sätz an der App sollten eis Participanten 11,2 Sekunden op Lëtzebuergesch iwwersetzen. Dobäi hu mir ënnersicht, ob d´Leit eelef Komma zwee Sekonnen oder eelef Komma zwou…

Ganzen Artikel