An dësen Deeg vun Trauer an eisem Land stellt sech bei dem engen oder anere vläicht och d’Fro, wéi een dëst Wuert am Lëtzebuergeschen iwwerhaapt benotze kann. D’Wuert ‚Trauer‘ ass am allgemenge feminin (d’Trauer), mee kann awer och a bestëmmte Konstruktiounen als e Substantiv am Maskulin agesat ginn, also den Trauer, am Trauer etc. Beispiller aus eisem Korpus:
Ech sinn am déifsten Trauer, ee gudde Mënsch ass vun eis gaangen.
Mee an all dem Trauer ass et warscheinlech ënnergaangen, datt […]
Dobäi schéngt et sou ze sinn, dass ‚d’Trauer‘ (fem.) éischter fir dat allgemengt Gefill geholl gëtt, wärend ‚den Trauer‘ (mask.) méi op den akutelle, konkrete Stieffall bezunn ass.
Am Luxemburger Wörterbuch (LWB) gëtt d’Wuert generell als Maskulinum uginn (‚M.‘), mam Hiweis, dass ’neuerdings auch‘ Feminin virkënnt – et kéint een ergänzen: ‚aus dem Hochdeutschen übernommen‘:
Trauer M.: 1) a. «Trauer» (in dieser Bed. neuerdings auch F.) — en déiwen T. — am T. sin — den T. vergeet mam Klackeschall — séng Fangerneel sin am T. (vom schwarzen Rand an Fingernägeln gesagt) — ‚t as kee groussen (décken) T. — ‚t as nët vill T. — mir kommen nët aus dem T. eraus (häufige Sterbefälle); b. «Trauergemeinschaft» — beim (mam) T. goen (mit der trauernden Verwandtschaft hinter dem Sarg gehen); 2) «Trauerkleidung» — wuer gäs de däin T. kafen? — en as an den T. gekleet — ‚t gët haut nët méi vill T. gedroen — den déiwen T., de klengen T. droen — dafür auch: groussen, klengen T. droen — fir Papp a Mamm gouf fréier e Jor groussen an e Jor klengen T. gedroen; 3) «Trauerzeit» — den T. wor fréier fir de Papp an d’Mamm, Mann a Fra e Jor, fir e Brudder, eng Sëschter, e Schwor, Grousselteren sechs Méint, fir Kanner sechs Wochen (örtlich verschieden); 4) «Jammer» — ‚t as en T. an e Läd — wat en T. as dat mat deem Kärel, deem Mënsch! — T. an Aarmetei
Allerdéngs sinn am haitege Sproochgebrauch dës maskulin Konstruktioune seele ginn. Se kommen an eisem Korpus zwar nach vir, awer an der Majoritéit gëtt effektiv de Femininum geholl.
D’Famill, d’Frënn, d’Mënsche sinn an déiwer Trauer.
Déi ugrenzend däitsch Dialekter kennen och déi maskulin Konstruktionen, kuckt z.B. d‘Lothringsche Wörterbuch oder d‘Rheinische Wörterbuch. Och aner däitsch Regionalsprooche kennen d’Konstruktioun am Trauer, se ass also net op Lëtzebuerg beschränkt an och méi al.
D’Hierkonft vun der Konstruktioun kann ee just partiell rekonstruéieren. Am Dictionnaire vum Adelung fënnt een en interessanten Hiweis, dass fir bestëmmt Regiounen de Maskulin geholl gëtt, wann domat net den Zoustand, d’Gefill vun der Trauer selwer gemengt ass, mee just d“Trauerkleidung‘:
In der Bedeutung der Trauerkleidung ist Trauer in einigen wenigen Gegenden männlichen Geschlechtes, der Trauer. (Adelung: Grammatisch-Kritisches Wörterbuch der Hochdeutschen Mundart)
Ähnlech beschreift et d‘Deutsche Wörterbuch vum Grimm:
neben dem fem. das masc., nach 4 (1780) 1032 vornehmlich von der trauerkleidung, doch vgl. Köln. 182b; lothr. 108b; vereinzelt auch literarisch: seinem trauer neuentlarfftes Rom (1672) 272; im tiefen trauer lebensl.(1778) 1, 233; (er) dacht im trauer Dreizehnlinden (1907) (Grimm: Deutsches Wörterbuch)
Eng Hypothees wier, dass ‚den Trauer‘ e Fragment vun enger ursprénglech méi laanger Wuertbildung oder Konstruktioun war, déi als Kär e maskuliint Substantiv hat (am Genre: ‚am Trauerzoustand sinn‘ (mask.)). Iergendwann muss dann dëst maskulin Zousazwuert ausgefall sinn an ‚den Trauer‘ huet sech an där Bedeitung fixéiert. De Prozess vum Verloscht vum leschte Wuert mat Bäibehale vum uspréngleche grammatesche Geschlecht fënnt sech analog och bei ‚de Kanddaf‘ (mask.), wat op ‚de Kanddafdag‘ zeréckzeféieren ass. De maskulinen ‚Dag‘ ass ausgefall, mee d’Wuert ‚Kanddaf‘ ass trotzdeem maskulin bliwwen an net (op d’mannst fir eng Partie Leit) feminin ginn. Allerdéngs léisst sech am Moment keen historeschen Textbeleeg fir déi Hypothees fannen, dass och bei ‚den Trauer‘ e Wuert ewechgefall wier.
Alternativ ass och eng Analogie mat ‚den Alter‘ net vun der Hand ze weisen, wat jo och maskulin an net feminin ass. A béide Fäll ass iwwerdeems och den Afloss vum Franséischen net auszeschléissen, respektiv huet och dozou bäigedroen, de Maskulin am Géigesatz zum Feminin ze stäipen: le deuil ≋ den Trauer, l’âge ≋ den Alter.
Äddi, Monseigneur.