Aktuell ënnersiche mir als Ekipp vu STRIPS, engem interdisziplinäre Projet tëscht dem Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft an dem ILIAS op der Universitéit Lëtzebuerg, wéi ee Sentiments (Gefiller) vun eenzele Sätz op Lëtzebuergesch algorithmesch erfaasse kann. STRIPS gëtt geleet vum Prof. Dr. Peter Gilles (Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft) a vum Prof. Dr. Christoph Schommer (ILIAS). Dobäi ass RTL, deen déi grouss Mass un anonymiséierten Date fir dëse Fuerschungszweck zur Verfügung gestallt huet, e wichtege Projetspartner. Fir déi automatesch Erkennung vu Sentiments (Gefiller) spéider méiglech ze maachen, sammele mir de Moment Bewäertunge vu Sätz am Korpus, mat deenen dono Algorithmen kënnen trainéiert ginn. Am Projet ginn deemno d’mënschlech Gefiller (Sentiments) an d’Algorithmen (machine an deep learning) souwuel vu linguistescher wéi och computerwëssenschaftlecher Säit ënnersicht. Fir d’Lëtzebuergescht ass esou eppes nach relativ nei, mee an anere Sprooche gëtt et schonn dacks zum Beispill fir d’Analys vu Rezensioune fir Produkter oder Filmer genotzt.

Wéi kënnt Dir beim Fuerschungsprojet hëllefen?

Konkreet gëtt Är Hëllef bei der Bewäertung vu lëtzebuergesche Sätz gebraucht. De Prinzip ass am Fong ganz einfach: Mir hu fir dës Aufgab en extra Tool entwéckelt, an deem Dir jeeweils ee Saz ugewise kritt an dann decidéiere sollt, ob e positiv, negativ oder neutral ass. Dir musst dofir näischt installéieren, den Tool kann direkt am Browser an och um Handy benotzt ginn. All d’Sätz, déi vun de Leit bewäert ginn, ginn herno als Trainingsdate benotzt, dat heescht: Wat méi Sätz bewäert ginn, wat den Algorithmus herno besser kann trainéiert ginn, fir automatesch Sentiment (Gefiller) an engem Saz ze erkennen. Bei der Bewäertung gëtt et kee Richteg a kee Falsch – eis interesséiert Är perséinlech Aschätzung. Matmaache ka jiddereen, dee Lëtzebuergesch schwätzt.

Dir hutt Intressi? Da kontaktéiert eis via E-Mail un d’Daniela Gierschek (daniela.gierschek@uni.lu) oder den Joshgun Sirajzade (joshgun.sirajzade@uni.lu), fir Äre perséinleche Bewäertungslink mat Zougang op den Tool ze kréien. Do fannt Dir dann eng kuerz Uleedung an dono kënnt Dir direkt mat den éischte Sätz lassleeën. Natierlech kënnt Dir och zu all Moment ophalen oder eng Paus maachen a méi spéit virufueren.

Bei Froe kënnt Dir Iech och am Virfeld scho beim Daniela Gierschek (daniela.gierschek@uni.lu) oder beim Joshgun Sirajzade (joshgun.sirajzade@uni.lu) mellen. Méi Informatiounen iwwer de Projet STRIPS fannt Dir och op: ilias.uni.lu/strips.

 

 

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.