Den Institut um Radio!

Iwwert de ganze Summer hu mer d’Zäit genotzt, fir mam RTL Radio Lëtzebuerg e bëssen iwwert eisen Institut an eis Fuerschung ze schwätzen. De Méinden ass eis Rei iwwert d’Fuerschung ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch a Literatur op en Enn gaangen. Dir hutt eng Folleg verpasst? Hei kënnt Der nach eng Kéier déi ganz Serie nolauschteren: http://radio.rtl.lu/serien/letzebuergesch/…

Ganzen Artikel

Réckbléck: De Colloque Interne vum 03.05.2016: „ah? oder ah! ‐ Lëtzebuergesch Intonatiounsmuster“

Wéi den éischten Deel vum Titel schonn undeit, goung et am Judith Manzoni sengem Virtrag ënnert anerem ëm den ‚melodeschen‘ Ënnerscheed tëschent verschiddene Saztyppen. Sou kann ee beispillsweis bei ah? eng steigend a bei ah! eng falend Tounhéicht héieren. Um Niveau vu ganze Sätz ass dat e bësse méi komplex a virun allem net esou…

Ganzen Artikel

Das Insekt mit großen bunten Flügeln – Eine Wortkarte von der deutsch-luxemburgischen Grenze

  Wie denn das Insekt mit großen bunten Flügeln heiße, lautete eine Frage aus meiner Befragung. Natürlich ging es nicht darum, eine Antwort auf Standarddeutsch zu erhalten, sondern darum, wie die Teilnehmer dieses Insekt entweder in ihrem moselfränkischen Ortsdialekt (auf deutscher Grenzseite) oder auf dem Luxemburgisch ihres Heimatortes benennen würden. Insgesamt wurde die Frage bisher…

Ganzen Artikel

Lëtzebuergesch Mammesproochler gesicht!

Mäin Numm ass Maike Edelhoff an ech siche fir meng Dokteraarbecht nach Leit, déi Loscht hunn, fir bei menger Etüd matzemaachen. Wat ass de Sujet? Et geet ëm d’Gemeinsamkeeten an d’Ënnerscheeder vun der lëtzebuergescher Sprooch am Grand-Duché an de muselfränkeschen Dialekter op der däitscher Säit. Wéi gesäit d’Ëmfro aus? Et ass e schrëftleche Questionnaire (ca.…

Ganzen Artikel

Réckbléck: De Colloque interne vum 17.11.2015 „Die Durchsetzung des Französischen als Zweitsprache in Luxemburg“

Haut huet de Fernand Fehlen iwwer d’Entstehung an Entwécklung vun der Dräisproochegkeet zu Lëtzebuerg geschwat. Den éischte wichtegen Aspekt huet sech schonn am Titel fonnt: D’Wuert ‚Durchsetzung‘ ass eng Iwwersetzung aus dem Franséischen ‚imposition‘, wat net direkt dat selwecht ass. Effektiv handelt et sech bei der Aféierung vum Franséischen als Zweetsprooch (niewent dem Däitschen) an…

Ganzen Artikel

Réckbléck: De Colloque interne vum 10.11.2015 „MaryLux: Erste Sprachsynthese des Luxemburgischen“

Am Virtrag vum Jürgen Trouvain (Universität des Saarlandes) an dem Peter Gilles (Université du Luxembourg) gouf déi éischt Sproochesynthees vum Lëtzebuergeschen virgestallt. Op der Website http://diax.coli.uni-saarland.de:8080/ kann ee selwer ausprobéieren: et kann ee Sätz antippen a sech déi virliese loossen. D’Stëmm vum MaryLux ass keng Computerstëmm: si baséiert op vum Judith Manzoni ageschwaten Texter. Eng…

Ganzen Artikel

Réckbléck: De Colloque interne vum 03.11.2015 „Etude sur la production des voyelles du luxembourgeois par des locuteurs natifs et non natifs dans la parole lue“

A sengem Virtrag huet d’Tina Thill iwwert d’Vokalsystemer vum Lëtzebuergeschen a Franséische geschwat an dës kontrastéiert. Dorop opbauend huet et a sengem Experiment franséisch Spriecher lëtzebuergesch Wierder liese gedoen, woubäi si déi éischte Kéier nëmmen den Text presentéiert kruten an eng zweete Kéier virdun héieren hunn, wéi e Mammesproochler dat entspriechend Wuert oder de Saz…

Ganzen Artikel

Rédactrice, Redakterin oder Redaktesch? – Wéi seet een dann elo?

Dëst ass eng Fro, déi vill Leit schonn e bësse méi laang beschäftegt – an net nëmmen déi Leit, déi Lëtzebuergesch als Friemsprooch léieren. De Ministère fir Chancëgläichheet huet sech mat dëser Fro auserneegesat an 2005 déi drëtt Oplo vun engem Bichelche mam Titel „Beruffer, Titelen a Funktiounen – weiblech – männlech“ erausbruecht, an deem een Tipps kritt, wéi ee weiblech Beruffsbezeechnunge bilt.

Ganzen Artikel