Kierzlech huet d’Regierung nieft engem laangfristegen Aktiounsplang zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch och den entspriechende Projet de loi virgeluecht. Fir eis als den Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Universitéit Lëtzebuerg ass dat den Ulass eisen Avis iwwert déi geplangt Mesuren ofzeginn. Et ass generell méi wéi ze begréissen, dass endlech – no dem Sproochegesetz vun 1984 – erëm méi substanziell sproochepolitesch Efforte sollen op de Wee bruecht ginn, fir de Status vum Lëtzebuergeschen ze stäerken.

Déi folgend Kommentarer baséieren op eiser méi wéi 10-järeger akademescher Recherche iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch a Literatur, dem Enseignement an zwou Formatiounen (Formation continue ‚Lëtzebuerger Sprooch a Kultur‘ (säit 2007) a Master en enseignement secondaire – Filière ‚Langue et littératures luxembourgeoises‘ (säit 2009)). Si sinn als konstruktiv Diskussioun geduecht, fir e weideren Austausch tëscht dem Ministère an der Universitéit ze initiéieren.

Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch

Et ass eng gutt Initiativ, eng Institutioun ze hunn, déi sech kontinuéierlech a konsistent ëm d’Politik an den Ausbau vun der Lëtzebuerger Sprooch bekëmmert. Bei zwee Aspekter gesi mir hei Diskussiounsbedarf:

  • Dës nei Strukture ginn nieft ähnleche Strukturen, déi deelweis scho laang en place sinn, opgebaut: Dat sinn d’Section de linguistique, d’éthnologie et d’onomastique vum Institut grand-ducal, den CPLL an den Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft op der Uni Lëtzebuerg. Mir gesinn hei eng Iwwerkomplexitéit vun de Strukturen, déi zu Transmissiounsverloschter a Problemer bei der Kompetenzenopdeelung féiere kënnen.
  • Fir eis als universitären Institut ass et net evident, wéiwäit den Zenter och an d’Recherche agebonne soll ginn. Ass virgesinn, dass den Zenter och akademesch oder ugewannt Recherche mécht? Och d’Roll vum Kommissär an awéiwäit duerch hien d’Fuerschung koordinéiert soll ginn, geet fir eis aus dem Text net ervir. Fir Iwwerschneidungen ze evitéieren an och Kollaboratiounen ze vereinfachen, wier et néideg, d’Missiounen ze verdäitlechen.

Lëtzebuergesch an der Educatioun

Déi proposéiert Mesuren, fir d’Lëtzebuergescht ze enseignéieren an ze léieren, sinn alleguer ze begréissen. De Schwéierpunkt vun de Mesurë schéngt eis am Beräich ‚Lëtzebuergesch als Friemsprooch‘ ze leien, wat och immens wichteg fir d’Cohésion sociale ass. Op der anerer Säit misst awer eiser Meenung no och de Beräich vum Lëtzebuergeschen als Mammesprooch substanziell ausgebaut ginn. An eiser laangjäreger Erfarung am akademeschen Enseignement mat lëtzebuergesche Mammesproochler kënnt ëmmer erëm dat däitlecht Bedierfnes op, op verschiddenen Niveaue vum Alldag an an de Schoule generell méi iwwert déi eege Sprooch gewuer ze ginn, fir se an der Praxis besser asetzen ze kënnen (Orthografie, Sproochgeschicht, Grammaire, Literatur, Kultur etc.). Dëst Bedierfnes huet keen nationalisteschen Hannergrond an ass och keng Kritik un oder Ofleenung vun der aktueller méisproocheger Gesellschaft. Villméi ass dës eng als ’natierlech‘ a legitim gefillten Uwennung vun der eegener Sprooch am Alldag, an dat net just an der geschwatener Form, mee och an der geschriwwener.

Dat betrëfft natierlech besonnesch de sensiblen Aspekt vum Lëtzebuergeschen an de Lycéeën. Fir dass d’Sprooch laangfristeg kann erhale ginn, ass eiser Meenung no eng aktiv an determinéiert Beschäftegung mam Lëtzebuergeschen (Kultur, Sprooch, Literatur, Geschicht etc.) am Educatiounssystem noutwendeg; dat implizéiert och, awer net nëmmen, dass d’Sprooch verstäerkt als Schrëftsprooch agesat gëtt. D’Basis dozou ass mat eisem Master, der Aféierung vum Professer fir d’Lëtzebuergescht an och mam LOD elo scho geluecht. D’Ausschaffe vu Léiermaterial fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Literatur a Kultur sollt intensivéiert ginn. Prinzipiell hale mir den Ausbau vum Enseignement fir néideg, deen iwwert Optiounen am Lycée erausgeet. Eng Méiglechkeet wier z.B., dass Lëtzebuergesch méi staark mam Enseignement vum Däitsche vernetzt gëtt.

Et ass eiser Opfaassung no wichteg, dass d’Lëtzebuergescht och am Schrëftlechen eng Normalitéit gëtt – ouni awer a Konkurrenz mam Franséischen oder Däitschen ze trieden; e positiivt Beispill ass do d’Aktioun ‚Gewosst wéi – E Bléck op d’Lëtzebuerger Orthographie‘.

Wann allerdéngs eng Normalitéit a Fro gestallt gëtt, da besteet an eiser Opfaassung d’Gefor, dass d’Sprooch méi a méi als Minoritéitesprooch gesi gëtt. Sproochepolitesch Mesurë géifen dann éischter aus enger Defensiv eraus operéieren, wat de Spillraum no an no aschränkt. D’Kultivéierung vun der Sprooch geet just, wann ee sech mat der Sprooch substanziell ausernanersetzt, an do huet de schrëftlechen Niveau seng zentral Plaz.

Verbonnen domat ass, dass et eis néideg schéngt, dass d’Sprooch generell méi Visibilitéit an Unerkennung am Alldag kritt an d’BiergerInnen net d’Impressioun kréien (z.B. bei Formulairen, Internetsitten, Schëlter etc.), dass d’Lëtzebuergescht eng Niewesächlechkeet ass, déi manner wichteg niewent anere Sprooche matleeft.

Weider Aspekter

  • D’Beméiungen, d’Lëtzebuergescht als offiziell Sprooch bei der EU anzeféieren ass ganz positiv ze gesinn. Et ass evident, dass domat méi eng symbolesch Mesure intendéiert ass, dass also net all EU-Dokumenter op Lëtzebuergesch sollen iwwersat ginn. Eiser Meenung no géif et och duergoen, just zentral a pertinent EU-Texter ze iwwersetzen. D’Mesure selwer géif och am Land positiv opgeholl ginn an hätt indirekt national an international Repercussiounen op de Status vum Lëtzebuergeschen.
  • Ze begréissen ass och, dass d’Lëtzebuergescht an der zukünfteger Constitutioun adäquat soll ernimmt ginn, dat heescht, nieft ‚Nationalsprooch‘, och als eng vun den offizielle Sprooche vum Land, wat jo bis elo evitéiert ginn ass.
  • Positiv ze bewäerten ass, dass den CPLL eng méi kloer definéiert Roll soll kréien an och eng final Instanz soll ginn, fir wichteg Decisiounen a Bezuch op d’Lëtzebuergescht ze huelen.
  • E Punkt, deen am Aktiounsplang just kuerz ernimmt gëtt, betrëfft d’Digitaliséierung. D’Virtualiséierung an d’Digitaliséierung vun der Kommunikatioun wäerten an den nächste Jore massiv zouhuelen. Och wa lo nach net kloer ass, wéi dat genee wäert ausgesinn, dierft evident sinn, dass d’Schrëftsprooch dobäi eng zentral Roll wäert spillen. An deem Kontext ass virauszesinn, dass digital Servicer wéi Internetsitten, awer och Chatbotten, automatesch Sproocherkennungs- a -syntheessystemer, Assistenzsystemer etc. méi Relevanz kréien.
  • Eng generell seriö Beschäftegung mam Lëtzebuergeschen, wéi se am Aktiounsplang och ugeluecht ass, ass doriwwer eraus am aktuelle gesellschaftleche Klima och noutwendeg, fir nationalistesch a populistesch Stréimungen, déi d’Lëtzebuergescht stellvertriedend fir aner Ziler instrumentaliséieren, ze begéinen an ze neutraliséieren.

Et schéngt fir eis elo de passenden Zäitpunkt komm ze sinn, fir d’Méiglechkeete vun enger méi enker Zesummenaarbecht tëschent der Universitéit an de geplangten Neistrukturéierungen, resp. Institutiounen, déi schonn existéieren, ze diskutéieren.

 

Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg

http://www.lux.ipse.uni.lu

Kontakt: Prof. Dr. Peter Gilles (peter.gilles@uni.lu) | Ass-prof. Dr. Jeanne E. Glesener (jeanne.glesener@uni.lu)

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.