Sidd Dir prett, fir mol rëm eng Kéier e bëssen aner Resultater presentéiert ze kréien? Bei eiser Auswäertung vun haut beschäftege mir eis nämlech mat de Bezeechnunge fir eng Scheif Brout, déi – am Fall vun der entspriechender Foto an der Schnëssen-App – mat Botter bestrach ass. Dofir kucken mir eis awer net nëmmen d’Lëtzebuergescht un, mee geheien an dësem Fall och kuerz e Bléck op déi däitsch Dialekter mat Fokus op Rheinland-Pfalz an d‘Saarland. Och hei goufen nämlech entspriechend dialektal Bezeechnunge fir déi schonn ugeschwate Moolzecht mathëllef vun enger aktueller Online-Ëmfro gesammelt, soudass mir an Zesummenaarbecht mam Dr. Simone Busley vum Institut für Geschichtliche Landeskunde (vun der Universitéit Mainz) eng gemeinsam Verbreedungskaart erstelle konnten – mee dozou gläich méi.

Lo awer mol vu vir: Fir d‘Lëtzebuergescht leien eis an dësem Fall 864 Opname vir, déi an d’Auswäertung mat agefloss sinn. Wéi gewinnt, gëtt de Kéisdiagramm een éischten Iwwerbléck iwwert d’Verdeelung vun de Varianten. Dobäi dominéiert d’Botterschmier resp. d’Schmier mat 92,5 % (799 Opnamen) ganz kloer, d’Bottesch an d’Bottisch kommen zesummen nach op 5,6 % (48 Opnamen) an heiansdo goufen och béid Variante vun de Spriecher*inne genannt (1,3 %, 11 Opnamen). Aner Variante wéi (Botter-)Kuuscht oder Botterbrout kommen nëmmen an Eenzelfäll vir a goufen ënnert „aner“ zesummegefaasst (0,7 %, 6 Opnamen).

Ze preziséieren ass, dass de Fokus fir dës Auswärtung virun allem op der Verdeelung vu (Botter-)Schmier a Bottesch am Allgemenge louch, soudass z. B. phoneetesch Varianten net extra gezielt goufen. Sou zielen zu (Botter-)Schmier och Bottersschmier (mat engem Fouenelement) oder déi regional Varianten Botterschmär oder Schmiärr, déi erwaardungsgeméiss éischter am Norde vum Land beluecht sinn. Dacks goufen och Bezeechnunge wéi Schmier mat Botter (oder zum Deel Schmier mat Kéis) genannt, déi genausou ënner (Botter-)Schmier falen. Op déi ënnerschiddlech lautlech Forme vu Schmier an d’Variant Bottesch verweist awer och den LWB:

Schmier III, Schmir (lok. Wiltz, Echt.: Schmeer, Nösl.: Schmiärr, seltener gebraucht, dort dafür: Bottesch — s. d.) F.: «Brotschnitte mit Aufstrich oder Belag» — eng fatzeg Sch. — eng blann Sch. (ohne Aufstrich, Belag) — hien hat nëmmen eng dréche Sch. bei sech (ohne Belag) — eng Sch. mat Gebääss, Ham, Zoossiss usw. 

Dass d’Schmier awer net nëmme „beschmiert“, mee och mat Ham oder Zoossiss beluecht ka ginn, geet och aus dem LWB ervir. Domat gouf déi ursprénglech Bezeechnung fir alles dat, wat een sech op d’Brout ka schmieren op déi ganz preparéiert Tranche Brout iwwerdroen. Och fir d’Bottesch (resp. Bottisch) ass een Zesummenhang mat der Botterschmier unzehuelen: Sou kéint et sinn, dass d’Variant iwwert de Wee (eng) Botter-Schmier → (eng) Bottersch-Mier → (eng) Bottersch → (eng) Bottesch – also enger Reanalys vum Wuert an d’Ewechloosse vum leschten Element – entstanen ass. Heifir géif och de Genus, deen a béide Fäll feminin ass, schwätzen. D’Variant Bottisch a Forme mat -t (Bottescht a Bottischt, déi allerdéngs jeeweils nëmmen eemol beluecht sinn) wieren an deem Zesummenhang sekundär entstanen. Interessant ass dann nach den Hiweis, dass vereenzelt och d‘Varianten Botterbottesch a Bottesch mat Botter virkommen, déi d’Lexikaliséierung vu Bottesch ënnersträichen a weisen, dass d’Wuert net méi de Botter op der Schmier mengt, mee och hei déi ganz preparéiert Tranche Brout.

Well et sech hei – wéi schon e puermol ugeklongen ass – ëm regional Variatioun handelt, ass e Bléck op déi passend Kaarten nach méi opschlossräich: Wärend (Botter-)Schmier am ganze Land virkënnt, si Bottesch resp. Bottisch virun allem am Klierfer a Veianer Kanton méi dacks beluecht, soudass hei dann och béid Variante niefteneen existéieren.

 

 

Eng eeler Kaart (mat Daten aus den 1930er Joren) aus dem Rheinischen Wörterbuch weist dann och den Zesummenhang vun de lëtzebuergesche Variante mat deenen am muselfränkesche Gebitt an Däitschland. Do fält virun allem e grousst (Botter-)Schmier-Gebitt op, mee op der Héicht vum Nordéislek ass op däitscher Säit och ee méi klengt Buttersch-Gebitt ze erkennen, soudass d’Bottesch (am RhWB stinn d’Formen botə, bod-, -ĭs̆) och an der Äifel virkomm ass.

 

 

Mee – tadaa – lo zum Schluss dann endlech nach kuerz eppes zu der aktueller a virun allem gemeinsamer Verbreedungskaart (341 Beleeger fir dat däischt Gebitt): Wéi och aus der eelerer Kaart am RhWB schonn ervirgaangen ass, sinn d‘(Botter/Butter-)Schmieren och haut nach an engem gréissere Gebitt a Rheinland-Pfalz an dem Saarland verbreet. Mat där aktueller Online-Ëmfro leie fir d‘Bottesch/Buttersch fir d’Äifel allerdéngs net genuch Date vir, fir Aussoen iwwert déi haiteg Verbreedung vun dëser Variant ze maachen. Ganz dacks beluecht ass am ënnersichte Gebitt op däitscher Säit awer nieft der Schmier d’Butterbrot. Dobäi kommen nach e puer aner Bezeechnunge wéi Butterramm an Dong.

 

 

Méi iwwert déi sëlleche Bezeechnungen an hir Verbreedung am däitsche Gebitt kënnt Dir hei (op Däitsch) am entspriechenden Artikel vum Dr. Simone Busley gewuer ginn. Gitt emol luussen!

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.